Eng Datebank iwwer de Lëtzebuerger Rock

Ween huet Angscht vrum Underground?

d'Lëtzebuerger Land du 11.04.2002

Kreativ, innovativ, alternativ, monter wéi e Gif hunn d'Lëtzebuerger Start-up-Gruppen lo d'CD-Rom vum Joer op den internationale Maart gehäit. Ween en déck genuchene Computer huet, kann elo op enger eenzeger CD all nei Lëtzebuerger Gruppe bewonneren, zwar ouni hir Musek, mä dofir mat alle Logoen, Adressen, Photoen, souguer Concerts-Daten, Plakaten, asw., asw. D'Graphik an den Opbau sinn, (loosse mer e bësse stëppelen) plazeweis vill besser wéi d'Musek, wat beweist, dass di nei Lëtzebuerger Gruppe sech och dodran dem internationale Marché upasse kënnen.

Flott ass, wann ee gesäit, wee sech hannert den Studio- an Tarnnimm verstoppt, wat fir eng Leit dat sinn, an heiansdo, wann ee sech schonn zu den eelere Semesteren zielt, kann ee sech vreckt driwwer laachen, wat fir eng al Gagae sech hannert verschidde Gruppennimm verstoppen. Dofir war fir mech selwer dës CD méi eppes wéi eng Zort virtuellt Konveniat: Onheemlech lëschteg, awer och eng grouss Freed an e grousse Genoss.

Leit wéi de Pulze Will an de Rico Winandy sinn deen Tip Museker, dee sech prinzipiell ni dem "Zäitgeescht" upassen, ëmmer jonk an onverbraucht bliwwe sinn, soss missten an iergendengem Café hänken, a sech mat "Weess de nach"- Geschichten een deem aneren op d'Nerve goen. Hu se nët gemaach. 

Si hunn hir Kreativitéit, hire ganze Know-How an dëst wonnerbar virtuell Galerie investéiert, an... éierlech... de Will als Renaissance-Fürst, dat ass eppes, wat ee muss gesinn hunn. Am Ufank vun der CD geréit een an e Film, wou ee Mëlle sech fir e Saumon mat engem Grizzly zerklappt. Déi déif Symbolik muss een op sech awierke loossen, wëll se beschreift d'Situatiou vum Lëtzebuerger Band-Museker nëmmen all zegutt. Da kommen d'Logoe vun de Bands, dann eng professionell "Sich-Maschinn", Links, Biographien, asw., sou wéi d'Gruppe sech gär pre-sentéieren. 

Och Protest géint de Lëtzebuerger Plackebiseness ass ugesot. D'Iddi, fir d'CDen ze verschenken, ass jo net schlecht. Op der anerer Säit muss een och gesinn, dass d'Musek vun der Upper 10 000, d'Klassik, hei zu Lëtzebuerg op d'Vrecks vum Stat subventionéiert gëtt, ob d'Leit se héiere wëllen oder net. Den Underground oder Overground, dee vill méi witzeg an originell op d'Liewen an der Stat an am Land reagéiert, ass deenen, déi der Illusioun noginn, Kultur a Kreativitéit léisste sech reguléieren, sou onheemlech, dass se sech vläit léiwer virstellen, et géif en net ginn. 

Musek aus Spaass an einfach esou? Staatsfeind Nummer 1? Den Underground oder d'forces créatrices de l'ombre kréien emol net d'Grimmelcher vum grousse Kuch, déi sech di akademesch Musikanten a Komponisten hannert de Kulissen deelen. Als "Bénévolat" gëlt dat, wat di Leit an hire Kelleren zesummebastelen an op hire klenge Bühnen op d'Vollek lassloossen och net, wëll si spille jo nët an enger Musék, oder si sinn net an engem Gesangsveräin, soss hätte se wéinstens all zing Jor eng Medaill an eng Hameschmier zegutt. Si sinn onreguléiert.

Di zentral Fro ass: "Firwat ginn déi am Underground sech honnert mol méi drun, wéi di aner?" Di eenzeg Äntwert schéngt mer ze sinn: Hei sinn echt Künstler um Wierk, déi sech net vu kommerziellen a qualitative Critèren ënnerdrécke loossen. A wann ee gesäit, wéi sprëtzeg a spruddeleg se um Wierk sinn, da kënnen engem déi "seriö" a "professionell" Museker jüst nach leed dinn. 

Symptomatesch fir di Angscht, déi d'Underground-Bastler verbreeden, ass d'Tatsaach, dass dem Chicken Mo seng wonnerschéin CD, déi mat maximalem infographeschen Op-wand gemaach gouf, (an, niewelaanscht geschriwwen, di offiziell Web- an CD-Rom-Publikatiounen bis op d'Schanke blaméiert) dem Kulturministère mol nët e puer Gräppecher Euro Subsid wäert war. E besseren Encouragement kann ee sech bal net wënschen! Dofir gi mer elo total subversiv an décernéieren alleguerten, di un dësem Projet bedeelegt waren, déi gëllen Int mat dräifach getëppeltem Urwaldskreesch a proposéieren se fir an de Sall Nummer eent am Pei-Müsée.

 

 

Jean-Michel Treinen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land