Interview mam Guy Rewenig

„D’Sprooch eleng ass guer näischt“

d'Lëtzebuerger Land du 08.06.2012

d’Lëtzebuerger Land: Här Rewenig, et gëtt bal méi Dictionnairen zu Lëtzebuerg ewéi Auteuren, et kann een eis Sprooch op Russesch oder op Chinesesch iwwersat kréi[-]en, an esouguer de Lëtzebuerger Online-Dictionnaire LOD gesäit en Enn an ass ewell beim Buschtaf Q ukomm. Firwat nach een neien Dictionnaire?

Guy Rewenig: Well et eben nach keen Dixionär gëtt ewéi deen hei. Also e fiktiven. Et weist sech ëmmer méi, datt Lëtzebuerg vu vir bis hannen eng eenzeg grouss Fiktioun ass. Dat muss sech dann och um Plang vun den Dixionäre weisen. Krass! ass vun der éischter bis déi lescht Zeil erfonnt, a grad dofir ass d’Buch esou typesch lëtzebuergesch.

Krass ass och en Akronym an heescht kräfteg, rau, anarchesch, salopp a subtil. Dir erfannt eng nei Sprooch, eng Sprooch, déi duerch den Internet an d’Immigratioun beräichert gëtt, déi awer och ganz direkt an eben emol munnechmol méi graff ass...

Déi méi graff Ausdréck am Buch sinn e parodistescht Element, grad wéi all déi aner. Dee ganzen Dixionär ass eigentlech eng Karikatur vun der Lëtzebuerger Sprooch. Mir kommen aus enger Agrargesellschaft, an et ass kloer, datt eng graff Aarbecht an engem rauen Ëmfeld och e staarken Afloss op d’Sprooch huet.

An engem rezente Quotidien-Artikel kommentéiert de Jean Rhein en Essay vum Alexandre Marius Dées de Sterio iwwert d’Notioun vum „Beschass“ esou: „Si l’humour véritable consiste à pouvoir ironiser sur soi-même – la célèbre ‘self irony’ anglo-saxonne – il n’exclut nullement la saveur et la paillardise parfois scabreuse d’expressions populaires qui ne dissimulent point l’origine paysanne et prolétarienne de la quasi-totalité de la population du Luxembourg“. Besser kann een dat „Grafft“ am Lëtzebuergeschen net op de Punkt bréngen.

An engems ass déi Sprooch awer och ëmmer erëm immens kreativ, bedéngt sech wei kaum eng aner lénks a riets an anere Sproochen, oder erfënnt esouguer einfach nei Sënner fir Wierder. Och dës Naup hutt Dir hei quasi just nach mussen op d’Spëtzt dreiwen.

Eng „reng Sprooch“ gëtt et néirens. Wann d’Leit sech ënnerenee vermëschen, gëlt dat selwecht natierlech och fir d’Sproochen. Dofir sinn d’Op[-]trëtter vun de sougenannte „Sproochpuristen“ esou nieft dem Dill. De Lex Roth zum Beispill mecht sech ëmmer nées e Plëséier draus, Beispiller vu lëtze[-]buergeschen Ausdréck opze[-]lëschten, déi beim beschte Wëllen net z’iwwersetze sinn. Wat wëllt hien domat beweisen? Datt mir hei en exklusivt Nascht sinn? Oder, anescht gesot, datt d’Lëtzebuerger Sprooch en Instrument vun der Exklusioun ass? Wat soll dat? Eng Sprooch ass ëmmer a Bewegung, et kann ee se ni definitiv a fir all Zäite festschreiwen. Si gëtt souwisou – a gléckerlecherweis – stänneg ugeräichert duerch Importer aus anere Sproochen. Genee doduerch bleift se lieweg.

Mir fällt op, datt déi „Sproochpuristen“ alleguer aus engem extrem konservativen Eck kommen. Si instrumentaliséiere praktesch d’Sprooch, fir hiirt konservativt Weltbild z’ënner[-]maueren. Et däerf näischt sech bewegen, alles muss bleiwen, wéi et ëmmer war. Dat ass de Kär vun der reaktionärer Ideologie, déi sich an deem grujelege Sproch „Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn“ konkretiséiert huet. Nëmme keng Experimenter, nëmme keng nei Perspektiven, eisen eegenen Nuebel geet eis duer. Mir sollen an eisem eegene Saaft mautschen, bis e sténkt wéi Piff. A mat deem Piff gëtt dann eisen „nationale Patrimoine“ genätzt. Bis mer vill schéi brong Plänzercher gezillt hunn, wéi et sech elo ganz aktuell weist.

Eng aner Behaaptung vun de konservativen Heemechtsfanatiker seet, eis Lëtzebuerger Sprooch wär dat wichtegst Element vun eiser Identitéit. Watgelift? Wéi kann eng Sprooch, déi jo weider näischt ass wéi en abstrakt Zeechesystem, eng Identitéit definéieren? Ass et net éischter esou, datt dat, wat mir mat däer Sprooch zum Aus[-]drock bréngen, wat mir soen a schreiwen, eis eppes wéi eng Identitéit gëtt? Dat heescht: Wa mir mam Lëtzebuergeschen en intelligenten, fräiheetlechen an demokrateschen Diskurs féi[-]eren, dann hu mer eng Identitéit. D’Sprooch eleng ass guer näischt. Eréischt de Gebrauch vun der Sprooch entscheed iwwert eis „Partikularitéit“. Net eis Sprooch kann eis Lëtzebuerger intressant maachen, mee eis Ma[-]néier, mat däer Sprooch ëmzegoen.

An awer gëtt an de leschte Joeren esou vill Lëtzebuergesch geschriwwe wei nach ni, ënner anerem dank SMS an Internet : déi meescht Forumsdiskussioune sinn op Lëtzebuergesch, an esouguer um Facebook an op Twitter setzt déi Sprooch sech zum dacksten duerch. Deemno ass se wäit ewech vum Ausstierwen, géing ech mengen.

Et geet hei ëm eng nei Entdeckung vum Lëtzebuergeschen, méi genee vun de kreative Méiglechkeete vun der Sprooch. Déi elektronesch Kommunikatioun erlaabt eng spontan, rapid, bal intuitiv Sprooch, déi sech net méi laang ëm sougenannt Korrektheet oder Normen oder Regele këmmert. Hei kann ee vun enger grousser „Sproochloscht“ schwätzen, déi am Fong ganz verspillt an heiansdo souguer anarchesch ass.

Ech fannen, dat ass eng spannend Entwécklung. Well d’Lëtzebuergesch gëtt hei regelrecht dekomplexéiert. Bis viru kuerzem war et jo esou, datt vill Lëtzebuerger sech net getraut hunn, Lëtzebuergesch ze schreiwen, aus Angscht, „Feeler“ ze maachen oder d’Grammatik net ze bekäppen. Déi Jonk, déi haut eis Sprooch twitteren oder mailen, këmmere sech praktesch net méi ëm sproochtechnesch Virschrëften, si schreiwen aus dem Bauchgefill eraus. Genee op deem Fong gëtt d’Sprooch op eemol méi lëfteg a méi faarweg. Et wär grotesk, hei nees nom Kärcher ze ruffen, fir eis Sprooch ze „botzen“. Vill méi wichteg wéi d’Normkonformitéit ass de Spaass un der Sprooch.

An nach eppes anescht ass nei: déi Jonk identifizéieren d’Lëtzebuer[-]gesch net méi mat engem nationalen Uleies. D’Sprooch ass fir si e Kommunikatiounsmëttel an net e patrioteschen Akt. Vill ze laang stoung d’Lëtzebuergesch ënnert dem Drock vun de Krichsgeneratiounen, déi aus der Sprooch praktesch eng zentral Fro vun der nationaler Souveränitéit gemaach hunn. Dat huet mat sech [-]bruecht, datt eng ganz Rëtsch Zuuchtmeeschteren opgetratt sinn, Ierbëssenzielerten an Hoersplécker, déi scho bal d’Police geruff hunn, wann iergendwou ee geint hire Sproochkanon verstouss huet. Esou eng Tutelle gräift haut zum Gléck net méi. Wat mer haut erliewen, ass eng regelrecht Befreiung vun der Sprooch. Op dësem Ponkt setzt dann och d’Buch Krass! Lëtzebuerger Dixionär un.

Dir deelt Ären Dixionär an néng verschidde „Soziolekter“ an, vu „Basis-“ iwwer „RTL-Lëtzebuergesch“ bis bei „Afrikaniséiert Lëtzebuergesch“. Wou kommt Der dorop?

Déi pseudo-wëssenschaftlech Andeelung ass natierlech ironesch gemengt. All déi Soziolekter – mat Ausnam vum „RTL-Lëtzebuergeschen“ – sinn erfonnt, och wa se plausibel kléngen, wéi zum Beispill de „Rammeldanger Dialekt“. Mir ass et scho virkomm, datt e ganz seriöse Sproochwëssenschaftler sech iwwert eng total fiktiv Sprooch, déi ech an engem Roman verschafft hat, erkonnegt huet a méi wollt gewuer ginn iwwert d’Origine vun däer spezifischer Lëtzebuergesch-Variant. Wéi ech him erkläert hunn, dat wär alles nëmme Fiktioun, wollt hien dat am Ufank guer net gleewen. Eigentlech ass dat jo e gutt Zeechen. Well souguer den doudieschte Mann vun der Wëssenschaft muss jo an dësem Fall dovunner ausgaang sinn, datt am Lëtzebuergeschen en onentdeckt Potenzial stécht. Also eng Kreativitéit, déi nëmmen drop waart, sech z’entfalen.

Déi Erwaardungshaltung schéngt Der scho richteg ageschat ze hunn: d’Buch war ganz séier no senger Publikatioun vergraff, ounst dass vill doriwwer geschwat oder geschriwwe gi wier. Heescht dat, dass d’Leit wëllen zu hirer eegener Kreativitéit gefouert ginn – oder hunn der éiere vill gemengt, si géingen do ee praktescht Bichelchen am Alldag mathuelen, fir hire Béier ze bestellen?

D’Buch ass den 1. Mee erauskomm, dräi Woche méi spéit waren déi 1 000 Exempläre verkaaft (aus programmtechnesche Grënn dréckt de Verlag et net no). Dee rasanten Zousproch hänkt ganz sécher domat zesummen, datt d’Lëtzebuergesch am Ablack Héich[-]konjunktur huet. Vläit lait et awer och un däer frecher Affisch, déi eng Rei Librairen ausgehaang hunn. De Verlag kritt ëmmer nach massiv Commanden, awer mir kënne leider net méi liwweren. Dat mécht awer näischt. Well am Mäerz 2013 kënnt den 2. Volet vun deem lexikalische Projet eraus: d’Buch heescht Häwwi! Lëtzebuerger Leckzikon; et geet heidra virun allem ëm „Nei-Lëtzebuergesch“ an ëm en „Dixionär vun den Zinnonimmen“.

Gutt méiglech ass, datt eng Rei Keefer am Buch Krass! Lëtzebuerger Dixionär net dat fannen, wat si sech erwaart hunn. Mee ech mengen, dat ass mat all Buch esou. Fir säi Béier am Bistro ze bestellen, brauch een op alle Fall keen Dixionär. Do geet et duer, wann een no enger „Zerwéitche“ freet (vum Portugiseschen „cerveja“). Dat versteet haut all Wiert zu Lëtzebuerg.

Guy Rewenig: Krass! – Lëtzebuerger Dixionär; Ultimomondo, Mee 2012; 128 Saiten; 16 Euro; vergraff; ISBN: 978-3-919933-80-3 ; Informatiounen ënner: www.umo.lu.
josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land