Rewenig, Guy: Zikatriss

Dem hellege Jousef säin Handwierk

d'Lëtzebuerger Land du 04.04.2002

Zikatriss sollt am Fong "dem Guy Rewenig säin éischte litteraresche Krimi" ginn. Esou verspriechen et nach d'Éditions Phi an hirem leschte Katalog. Ma elo ass de Roman d'Suite vun de Frëndleche Banditten am Rewenig senger Trilogie vum klengen Hellegen.

De Josy Klemm soll der Kommissiou Pro sanctum vivum viru säi Liewe verzielen, fir endlech de Permi als Hellegen ze kréien. Firwat hien deen onbedéngt wëllt, gi mer och am zweete Band vun der Trilogie net gewuer. No der Kandheet am éischte Band ass hien ewell  maans, nennt sech Josephus aplaz Josy (S. 56) a sicht eng Schaff. Net als Schräiner, wéi säi Patréiner, ma hie schléit sech mat allerlee klengen Aarbechten duerch, déi et him erlaben, an déi Lëtzebuerger Gesellschaft eran ze luussen.

Bal muss dee klengen Hellegen, wuel wéi den hellegen Antounis an der Wiist, "e fläissegen Expéditeur vun Dildoen a Gummië ginn" (S. 53), bal schafft hien am Escher Conservatoire, wou en déi moer Heed vum nationale Kulturliewen erbléckst. A besser Stéit geet hie Klengegkeete flécken a botzen a léiert esou "déi onerfreelech Existenz vun der Bourgeoisie" (S. 25) kennen, déi schwéier geplot ass, fir hir eege Roll ze spillen. Ma um Enn vum Buch, wann hie Parfum verkeeft, léiert hien déi selwecht Bourgeoisie als elauter räich Guttmënsche kennen an hien ass, wéi d'Nationalbewegung getréischt, nees "stolz, Lëtzebuerger ze sinn" (S. 196).

Anescht wéi de Klemm kennt de Rewenig iewel keng Gnod, wann hien déi Lëtzebuerger Kanner als grad esou hysteresch Monsteren an Terroriste beschreift ewéi déi Al, déi um Stierwe leien. An e liwwert e puer litteraresch Anthologiestécker, wéi De Fei o Wo deenass pärree! (S. 45) an nach méi d'Beschreiwung vum "Geroch an der Stierfklinik" (S. 152).

Dem Rewenig säi moralesche Bléck passt neeleg op eng Lieserschaft vu Léierinnen an Zozialaarbechter, déi fair gehandelte Schluutche kachen, hiren Dreck sënneren, gréng wielen a soss keng Suergen hunn. Hie mécht de Geck mat hierem Therapiegezaubers a jéimert, wéi am vireschte Band, mat hinnen iwwer de Verloscht, "datt [d']Taia keng Anung hat, firwat e Palestinenserschal Palestinenserschal heescht" (S. 116), a: "Wat ass mat de Kanner lass? Keent bekuckt nach de Bësch." (S. 136). Ma dat ass och seng eege Biographie, a wa säin Hellegen iwwer d'Plo vum Schoulhale klot, verzielt de fréiere Schoulmeeschter Rewenig vläicht eng Grëtz vu sech selwer.

Wéi a Kannerbicher, deenen  d'Buchdeckele gläichen,  spillen d'Déieren eng grouss Roll. Bal kämpft de Klemm géint "eng Invasioun vu roude Schleeken" (S. 26), bal mat engem Kueb iwwert senger Mansard. Ma am Zentrum vum éischter assoziativ drop lass geschriwwene wéi geplangte Roman steet dat laangt Kapitel iwwer de Klemm a seng Rat. Fir d'éischt gët hien am Naturmisee bezuelt, fir déi (politesch korrekt:) propper an zympathesch Rat mam Numm Mireille stonnelaang ze heemelen, dann hält hie mat senger Rat Schoul an um Enn mécht hie mat hier Therapien an enger Stierfklinik.

Wann dee klengen Hellegen eng Fra kenne léiert, kommen him keng "erotesch [...] oder och nëmme sentimental [...] Tribulatiounen" (S. 116) an de Sënn, ma seng Rat turnt him an engem Stéck am Hiem an am Kalzong. Ob en esou glécklech oder op d'manst helleg gët, gët ee vläicht am leschte Band vun der Trilogie, Lackéiert Elefante gewuer...

 

Guy Rewenig: Zikatriss. Roman. Trilogie vum klengen Hellegen 2 (Andante), Éditions Phi, Iechternach 2001, 199 S., 21,08 Euro.

 

 

 

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land