Zoom op d’Sprooch

Do huele mer et leider ni esou genee

d'Lëtzebuerger Land du 11.11.2016

Den Ament sinn d’Ëmstänn gënschteg fir lëtzebuergesch Sproocherubricken! Do ass fir d’éischt mol d’Petitioun 698, déi de Lucien Welter an der Chamber deposéiert huet an déi – dat hutt Der bestëmmt matkritt – rekordhéich iwwer 14 700 Mol ënnerschriwwe gouf. Déi politesch Autoritéiten an déi divers Schichte vun der Gesellschaft hu Welle geschloen (an de nächsten dräi Joer si Wahlen!) an d’Medie mat den ënnerschiddlechsten Interpretatiounen iwwerschott.

Och de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend huet säi Pefferkär bäigeluecht an huerteg e puer Propositiounen op den Dësch gehäit. Am Kulturministère hu sech gläichzäiteg – sou mellt rtl.lu – haart a kritesch Stëmmen iwwert d’Feele vun ëffentlechen Ënnerstëtzunge fir de private Spellchecker.lu erhuewen, esou datt eng ganz Partie Awunner vum Land sech d’Fro stellen, ob mir net all zesummen – wat d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeet – schonn eng Zäit laang eppes falsch gemaach hätten.

De Succès vun der Petitioun 698 huet e ganze Koup Reaktiounen ervirgeruff. Vu bausse gesinn, geet et ganz kloer ëm de sozio-linguisteschen a sozio-pragmatesche Wäert vun eiser Sprooch, vu bannen awer ganz sécher ëm vill méi: Ëm d’Zesummeliewe vun de Leit an de verschiddene Sproochen (dat heescht ëm d’Méisproochegkeet) an engem selwechte Land an – a mengen Ae besonnesch – ëm net agestoen, wann net onbewosst Frustratiounen an Ängscht, déi sech bei ville Leit schonn eng Zäit laang unheefen, dacks och (wéi d’Friemefeindlechkeet1) tabu sinn2. Wat an der Petitioun – eppes ëmständlech, awer haart – gefuerdert gëtt, ass soss näischt wéi déi Lëtzebuerger Sprooch als éischt Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg z’imposéieren.

Dobäi kënnt dann zweetens, datt an de Schoulen zu Lëtzebuerg d’Lëtzebuergescht verstäerkt (?!) ënnerriicht sollt ginn (awer wéi?) an och als Schoulsprooch misst ugeholl ginn. Weider sollt vun all Administratioun gefuerdert ginn, datt zu Lëtzebuerg d’Lëtzebuergescht ons Haaptsprooch gëtt. Auslänner, déi nach net der Lëtzebuerger Sprooch mächteg sinn, sollen automatesch op all Bréif eng Iwwersetzung op franséisch an däitsch kréien. Dovunner ofgesi soll déi franséisch Sprooch net méi vun der Regierung ausschliisslech als Amtssprooch benotzt ginn, och Uerteeler vun de Geriichter sollen op d’mannst op Lëtzebuergesch matgedeelt ginn. D’Lëtzebuerger Sprooch, Deel vun onser Nationalitéit, soll et och bleiwen an op d’mannst als „langue de législation“ am Land an an der EU konkretiséiert ginn.

D’accord! De Petitiounstext ass net kohärent, wat d’Definitiounen (Nationalsprooch, Amtssprooch, Gesetzsprooch, offiziell Sprooch) betrëfft, an och bestëmmt net genuch duerchduecht, wat déi konfus méiglech, am Fong onlogesch an onrealistesch Folgen ugeet3. Iwwregens ass et staarken Tubak, datt an enger offizieller Petitioun faktuell Onstëmmegkeete verbreet a gerechtfertegt ginn (déi lescht Schreifweisreform ass déi vun 1999, net déi vun 1975). De Petitionnär hätt sech bestëmmt besser sollen informéieren.
Mä ass dat net grad typesch fir eis Haltung vis-à-vis vun eiser Sprooch? Do huele mer et leider ni esou genee! Och déi Organisatiounen, déi, wéi d’Actioun Lëtzebuergesch, de Wee2050/Nee2015, d’ADR, engersäits d’Petitioun ënnerstëtzen („well se an déi gutt Richtung geet!“), an engems awer och dat, wat konkret gefuerdert gëtt, als onrealistesch ugesinn, wann et als waarm gekachten Zopp misst giess ginn! Sou Positiounen, grad wéi déi vun der Petitioun 725, déi genee de Conträre vun der Petitioun 698 fuerdert („Neen zu eiser Mammesprooch als éischt offiziell Sprooch“), sinn am Fong weder éierlech nach seriö an hirer Absicht, a si hëllefen, an hirer Intoleranz, ganz bestëmmt och eiser Sprooch an eisem méisproochege Land net virun.

D’Petitioun fir d’Aféiere vum Lëtzebuergeschen als Amtssprooch wier en Zeeche vun engem Malaise an der Gesellschaft a misst also eescht geholl ginn – sot och am Chouer mat der ganzer Politik4 den Educatiounsminister am Luxemburger Wort vum 1. Oktober 2016 an an „d’Lëtzebuergesch gechwënn EU-Sprooch“ vum 27. Oktober 2016 um Site vum Radio 100,7. Bon. Iwwert d’Priedegt ewech („Mir sollen iwwert eis Sprooch schwätzen […] ouni Angscht an ouni Mannerwäertegkeetsgefiller. Mir sollen eis Sprooch gesinn, als dat wat se ass. E Stéck vun eiser Kultur an eiser Identitéit, un deem mir eis kënnen upaken“) – wat gëtt dann do praktesch virgeschloen?

Fir d’éischt, déi al, méi symbolesch Mesure, d’Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch um EU-Niveau unerkennen ze loossen (deen iresche Wee kascht net vill, seet de Fernand Fehlen, et sief e puer gutt Iwwersetzer, déi awer och ausgebilt musse ginn!); d’Sprooch als Optioun an de Lycéeë proposéieren an dat, zënter kuerzem, och obligatoresch an allen Europa- a Privatschoulen (d’Land, 28.10.2016); ee Stufesystem an der Erwuessenebildung anzeféieren (Immigrante kéinten no a no verschidden Niveauen zertifiéiere loossen) an, net zulescht, d’Orthographie duerch eng fir 2018 geplangten, breet ugeluechten Ëffentlechkeetscampagne an der Bevëlkerung ze promovéieren.

Dobäi kënnt nach d’Promotioun vun der zweesproocheger Crèche, déi eventuell Reform, wat d’Ëmfeld an d’Methode vum Franséischléieren ugeet, a sécher och een tolerant offen Zesummeliewen.

Sou wäit, sou gutt. D’Mesurë ginn, wéi d’Politiker soen, „an déi gutt Richtung“. Mä wat bestëmmt och feelt, dat ass d’Publizitéit, d’Transparenz an d’Prezisioun bei de Leit. A menge Zoomen hat ech schonn dacks d’Geleeënheet, méi Dialog (also och Kritik, Kohärenz an Zesummeschaffen) vun deene verschiddenen Institutiounen ze verlaangen (cf. „Läit d’Lat ze héich?“, d’Land, 29.04.2016). Nëmmen esou kann et mat eiser Sprooch, mat hirer struktureller Entdeckung, Beräicherung, Semantiséierung, Didaktiséierung an sou weider virugoen. D’Cause commune muss sech am kollektiven an individuelle Bewosstsinn verankeren – an dat ass besser, wéi an Texter, sief et an enger Verfassung. Dofir muss jiddereen, dee kompetent ass an et wëll, an der Transparenz kënne matmaachen. Dat ass haut de facto net de Fall, well déi ëffentlech Institutiounen net nëmme, wat d’Personal an d’Finanzen ugeet, privilegiéiert sinn, mä och privat an dacks besser Initiativen „ignoréiert a boykottéiert“5.

1 Cf. „Sproochesträit oder Auslännerfeindlech-keeet“, Meenung vum Danielle Igniti, 27.10.2016 um Site vum Radio 100,7
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land