Performance

Muer kënnt de grousse Q

d'Lëtzebuerger Land du 25.11.2016

Et ass keen Zoufall, dass de Benoît Pleimer als eenzegt Buch d’Billerbuch ­Struwwelpéiter (Heinrich Hoffmann, 1845) am Bureau leien huet. Et ass e Buch, dat de Kanner soll duerch Angschtmaachen an ofschreckend Beispiller Manéiere bäibréngen. Dat Zillen, dat Verbidden, dat Ondugend aus de Kanner Ausdreiwen, dat ass d’Geschicht vum Benoît sengem Liewen. Vu sengen haut 44 Joer huet hien der 20 als klenge Bankamplejéierten am Guichet verbruecht, wou e seng Deeg domadder verbréngt, déi Leit, déi nach kommen, ze ënnerhalen – och alt iwwer d’Wieder, wann et muss sinn. Eng vun de Clienten ass Freides ëmmer seng Mamm. E weess, dass si just kucke kënnt, ob hien nach do ass a wéi et him geet.

Seng Mamm. Si ass, am Benoît sengen Aen, un allem Schold. Datt hie keng Gefiller huet zum Beispill. Well si ëmmer nëmme „psssst“ gesot huet, wei hien als Däbbess wollt spillen, an hie just huet duerfe riicht um Canapé sëtzen. Alles aneres war ze vill knaschtech oder huet ze vill Ka­méidi gemaach. Iwwerhaapt hätt seng Mamm hien nëmme gemaach, well dat sech esou gehéiert, als Fra. Vläicht och, fir hire Besëtz ze verbesseren. Well si si vum Lamperbierg, de Benoît huet do seng ganz Kandheet verbruecht. An do war et verbueden, mat den Aarbechter- a Portugisekanner ze spillen. „Ech gi mengen Elteren d’Schold, well se di Ënnerscheeder weiderverierft a mech esou zu deem Krëppel gemaach hunn, deen ech haut sinn“, seet de Benoît. „Eng Gesellschaft, di Krëppele wéi mech zillt, ass keng Gesellschaft, mee e kranken Organismus“. (Bon, richteg Lamperbierger soen, dass ee viru 40 Joer net konnt mat Auslänner- an Aarbechterkanner do spillen, well se sech et guer net leeschte konnten, fir do ze wunnen...).

De Benoît op der Bühn vum Dierfchen ass a Wierk­lechkeet de Schauspiller Jules Werner (deen och um Lamperbierg wunnt, tiens, tiens). An de Benoît ass och net nëmmen deen ee Bankamplejeierten do, mee hien ass symbolesch fir de ganze Lëtzebuerger Mëttelstandsbockel, fir d’Wuelstandsgesellschaft, déi total am Stëllstand ass, well se „wëll bleiwe wat mer sinn“. Well et just drëm geet, fir ze hunn an net ze sinn, well ee sech muss upassen un déi geraumte Verhältnisser, maache wéi d’Leit, fir dass et engem geet wéi de Leit.

Performance wor eng Commande fir de Guy Helminger: hie sollt e Monolog op Lëtzebuergesch fir de Jules Werner schreiwen, dee sech gefreet huet, eemol a senger Mammesprooch ze spillen. A keen anere wei den Helmingesch Guy kann esou mat der moderner Sprooch ëmgoen, an dat souwuel am Däitsche wéi am Lëtzebuergeschen: seng Sprooch ass lieweg a vun haut, an awer voller wonnerschéi­ner Metapheren (d’Geschicht vum Au-Pair-Meedche senger Trëtz als Bild vun der Ugepasstheet) a sproochlech ganz räich. Wann hien d’Liewe vum Benoît als Kand an der schrecklecher Rou doheem beschreift, lafen engem d’Schudderen de Bockel erof. A wann hie säi Banneliewen als eidelt Haus mat fiichte Raim, an deenen d’Tapéit vun de Mauere schielt, verzielt, kann ee sech ganz gutt virstellen, wéi schrecklech hie sech muss fillen.

Well natierlech huet de Benoît probéiert, fir ze rebelléieren géint déi bourgeoise Famill, besonnesch nodeem säi Papp, deen et net méi ausgehal huet, sech am Pyjama erhaang huet – wat seng Mamm um Begriefnes „feigen Eskapismus“ nennt. En entdeckt d’Konscht an d’Literatur, wëllt Schauspiller ginn, fält an allerlee Exzesser – Drogen, brutale Sex anesouweider. Mais säin Tour op Berlin ass nëmme vu kuerzer Dauer. Da kennt en zréck a geet ebe bei d’Bank. An elo, haut, wou mir e kenneléieren, huet en es esou sat, dass en deem ganze wëll en Enn setzen. Mais e wëllt net nëmme sech selwer d’Liewen huelen, mee muer de Moien, soubal d’Bank opgeet, all Mënsch ëmbréngen, deen an de Guichet kënnt. Wa seng Mamm kéint ënner den Affer sinn, géing dat hien arrangéieren. Wëll säi Papp huet e geléiert, dass alles am Universum logesch zesummen hänkt. Nom P kënnt de Q. A mir hunn elo säi Liewen erkläert kritt, also kënnt muer de Moien de Q. Logik.

Performance ass ee Monodrama. Bal annerhallef Stonn ass de Benoît Pleimer aleng op der Bühn, mat just der Läich vum Här Mortier, dem Portier, um Buedem. Bal annerhallef Stonn ass de Jules Werner aleng mam Publikum, an deem klenge Keller vum Dierfchen, en huet just e verkueltent Pult, e Stull, eng Kamera (an déi e sai Message ka soen, klasseschen Terroristentrick), eng Querflütte, e Struwwelpéiter, e Stéck Kräid, fir un d’Wänn ze krozelen wéi e Mëllen, deen en am Gaang ass ze ginn, an e bësse roude Fuedem, mat deem en en Netz spaant – dat Netz, dat dem Pleimer säi Liewen ass, an an dat dee sech verwurrelt huet. Hie muss hei déi Gratwanderung maachen, déi dem Pleimer seng Motivatioun fir en Attentat oder en Amoklaf ëmmer méi plausibel mécht. Hie muss ëmmer méi geféierlech ginn, et muss ee verstoen, firwat hie keen aneren Auswee méi gesäit, wéi dee „kranken Organismus“, dee fir hien déi Lëtzebuerger Gesellschaft ginn ass, ka geheelt, oder op d’mannst waakreg gerëselt ginn. An et denkt een un den Anders Breivik an un all déi aner, déi aus Ideologie ëmbréngen. De Jules Werner ass ganz iwwerzeegend als Pleimer.

Mee de Problem vum Stéck, vum Guy Helminger sengem Text ass eenzeg an aleng, dass hien alles wëll op den Dësch leeën, wat en zur Lëtzebuerger Gesellschaft am Speziellen an der westeuropäescher Zivilisatioun am Generelle wollt soen. Dass d’Fraen erëm esou séier no enger Gebuert musse schaffe goen zum Beispill, an dass dat den Ënnergang vun der Famill ass. Firwat muss dat hei op d’Bühn? De Pleimer huet keng Kanner an dat schëngt kee gréissert Thema fir en ze sinn, firwat géing en sech da Gedanken iwwer d’Auswierkungen vun de staatlechen Opfankstrukturen op de Kanner hiert Wuelsin maachen? De Guy Helminger war sech dees bewosst, dofir seet de Pleimer séier, hautdesdaags géing een dann direkt als „riets“ ofgestempelt ginn. Och wann et sollt eng Kritik un kapitalisteschen Ëmstänn um Aarbechtsmaart sinn, versteet een awer net, firwat d’Bühn dann eng Zort Leitartikel oder Pamphlet gëtt.

Méi interessant ass den Exkurs iwwer den Ënnergang vun der Kultur, oder besser de Manktem u Respekt fir d’Kultur. Dass d’Leit léiwer People-Kachsendunge kucken wei Gedichter vun der Weltliteratur liesen, dreift de Pleimer op d’Palm. Dat bréngt dem Publikum da ganz flott Iwwerleeungen iwwer de Stellewäert vun der Kultur oder Kulturpolitik, déi d’ailleurs och dacks ganz witzeg sinn.

Well Performance – hei am duebele Sënn vun engersäits Leeschtung (op der Bank) a Virstellung (op der Bühn) – ass streckeweis och ganz ganz lëschteg. D’Anne Simon huet sech a senger Mise en scène (fir sëng Verhäntnisser) immens zréckgehal a geet extrem respektvoll souwuel mam Text wei och mam Schauspiller ëm. „Ëmmer e (sozialen) Ënnerscheed ze fillen, heescht, ëmmer aleng ze sinn“, fënnt de Benoît Pleimer. Hien hat allerdéngs ni d’Iddi – oder d’Kraaft – déi Ënnerscheeder ze transgresséieren oder ze veränneren. Hien huet d’Rou an d’Uerdnung vu senger Kandheet grad esou als Terror ëmfonnt wéi dono d’Logik vun der Ekonomie. Eréischt wann et ze spéit ass, äntwert hien op deen Terror mat sengem eegenen, méi groussen Terror.

Performance – E Monolog vum Guy Helminger (op Lëtzebuergesch); inszéneiert vum Anne Simon, mat Kostümer an enger Bühn vum Anouk Schiltz; mam Jules Werner; eng Koproduktioun vum Théâtre du Centaure mam Kulturhaus Nidderanven; gëtt nach haut, Freiden, den 25., an de 26., 27. an 30. November an den 2., 3. a 4. Dezember am Dierfche gespillt, dono den 9. an 10. Dezember am Kulturhaus Nidderaanven an de 15. Dezember am Cape zu Ettelbréck. Fir weider Informatiounen: www.theatrecentaure.lu/spectacle/performance.
josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land