Die Abgeordneten zu den Studienbeihilfen

Mobilität als Hauptobjekt der Hochschulpolitik

d'Lëtzebuerger Land du 22.06.2012

Um noch vor dem neuen Schuljahr in Kraft zu treten, jagte die Regierung den Gesetzentwurf 6148 in nur drei Wochen durch sämtliche Instanzen. Aus der Kammeredebatte vom 13. Juli 2010:

M. Lucien Thiel (CSV), rapporteur.- „Eigentlech ass dat Ganzt jo fir d’Éischt als Spuermoossnam geduecht – dat gëtt offensichtlech ëmmer erëm vergiess –, an et gehéiert zu deem Krisepak, deen – nom Platten vun der leschter Tripartite – d’Regierung am Sologank ficeléiert an net méi spéit wéi e Freideg op de Wee geschéckt huet. Am Spuerplang vun der Regierung, déi dat anert Joer d’Statsausgaben ëm 300 Millioune kierze wëllt, fir de Budget bis 2014 erëm an d’Gläichgewiicht ze bréngenan hir Verschëldung natierlech ofzebremsen, stinn och 74 Milliounen, déi duerch d’Ofschafe vum Kannergeld a vum Kannerboni fir Héichschoulstudenten agespuert solle ginn. […] De Fait, datt déi Erspuernis, déi sech mat där neier Regelung ergëtt, zu engem gudden Deel um Bockel vun de Frontaliere gemaach gëtt, fir déi d’Kannergeld elo bei 18 amplaz bei 27 Joer ophält, huet natierlech fir etlech Oprou gesuergt, well et esou ausgesäit, wéi wa mir eis hei grad op d’Käschte vun deenen 150 000 Grenzgänger gesondstousse wéilten, ouni déi mir hei am Land scho laang d’Kéier net méi géife kréien.”

M. Eugène Berger (DP).- „Ënnert dem Stréch gi jo ronn 33 oder 36 Milliounen Euro d’Joer gespuert doduerjer, datt elo kee Kannergeld méi exportéiert gëtt un d’Grenzgänger, deenen hir Kanner studéiere ginn. Dann, Här President, soll een dat och kloer an däitlech soen, an net mat Geschichte vum Student als Mënsch ugeschäert kommen, fir ze soen, mir géifen dann domadder spueren. An do, Här President, wëll ech och soen, d’DP hat 2006 eng Reform vum Kannergeld proposéiert, andeems mer e Wunngeld fir all jonk Familljen hei zu Lëtzebuerg wollten an och nach ëmmer wëllen aféieren. Amplaz vum Kannergeld wëlle mir, datt d’Famillje sech duerch Wunngeld et weider kënne leeschten, fir hei zu Lëtzebuerg ze wunnen, amplaz missen an d’Ausland auszewanderen.”

M. Ben Fayot (LSAP).- „Fir mäin Deel, Här President, erënnert dee Modell vu Studenteförderung mech un eng laangjähreg Fuerderung, déi mir sengerzäit als Studente selwer an de 50er, 60er Joren an der deemoleger Unel vertratt hunn. Et ass d’Iddi vun engem Présalaire fir de Student, deen als autonomen, intellektuellen Aarbechter betruecht gouf, seng eege sozial Ofsécherung a säi Loun vum Stat sollt kréien, als Géigeleeschtung fir déi intellektuell Aarbecht, déi hien am Interessi vun der Gesellschaft leescht. Déi Iddi ass laang verdäiwelt ginn, well domat all Jonken, egal vu wat fir enger sozialer Origine, datselwecht als Bourse kréie sollt.”

M. Claude Adam (déi gréng).- „Mir hunn eng Crèche an eisem Blannenheem. Dat ass super. Mir hunn allerdéngs e Problem: Mir hu ganz vill Frontalieren, déi hei schaffen, an déi kënnen hir Kanner net an eis Crèche ginn, well se sech dat net kënne leeschten, well se keng Chèques-services kréien. Dat ass also schonn eng relativ grouss sozial Ongerechtegkeet. Bon, elo fuere mer en zweete Schrëtt. Elo gi mer dann och nach beim Kannergeld op d’Frontaliere spueren.”

M. Jean Colombera (ADR).- „Dobäi muss ee wëssen, dass déi meescht dobäi gewannen. Mä et sinn der och ganz vill, déi da verléiere wäerten, an et ass hei schonn ugeklongen: haaptsächlech déi sozial schwaach Famillje mat méi Kanner, mat méi klengem Revenu, an och dann déijéineg, déi behënnert sinn. Déi gehéieren net zu de Gewënner.”

M. André Hoffmann (déi Lénk).- „Mir zweifelen drun, dass dat mat dem europäesche Recht iwwerhaapt vereinbar wier, wat mer do mat de Frontaliere maachen, a sozial gesi fanne mer et de toute façon inakzeptabel! Mir stëmmen also selbstverständlech d’Gesetz net!”

Das Gesetz wurde mit 38 Stimmen von CSV und LSAP angenommen, dagegen stimmten 12 Abgeordnete von Grünen, ADR, déi Lénk und Robert Weber (CSV), die neun DP-Abgeordneten enthielten sich.

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land