Fernsee

„100 Leit hu mer gefrot“

d'Lëtzebuerger Land du 27.03.2020

Sinn ech an de 90er Jore gelant? Dat freet sech vläicht déi Persoun, déi um 18 Auer 35 RTL Lëtzebuerg aschalt. „100 Leit hu mer gefrot“ téint dann den Dan Spogen aus dem Écrans-Hautparleur, wéi an den 90er um RTLPlus de Moderator vum Familienduell oder vun Une famille en or um TF1 géint der Mëtteg. Zwou Ekippe stinn sech géigeniwwer a musse roden, wat fir Äntwerte 100 Leit ginn hunn op Froen, déi „si“ gestallt hunn.

„Si“ stelle Froe wéi „Nennt eng Rubrik, déi d’Leit an enger Zeitung liesen“. Sport ass derbäi, Lokal Noriichten, Gebuertsannoncen an d’Wieder. Mee keng vun deenen ass d’Topäntwert vun deenen 100 Gefroten. Fir déi erauszefannen, mussen d’Kandidaten un d’Dageszeitung mat der héchster Oplag denken, un d’Luxemburger Wort, an un hir quasi Exklusivitéit: d’Doudesannoncen. Oder „si“ stelle Froe wéi „Wie schafft op engem Feierdag“. Eng vun den Äntwerten ass „de Buschauffer“. Op déi Fro musse wuel Leit aus dem Minett geäntwert hunn, well an deenen nërdleche Breedegrade vum Ländchen ass bis elo de Bus Feierdags an der Garage bliwwen.

De Famillenduell léisst awer och erschléissen, dass d’Lëtzebuerger Awunner Humor hunn. Well wat ass d’Topäntwert vun „Eppes wat ee mécht wann d’Sonn schéngt?“ – Déi 100 Leit soen eis et: an de Schiet goen. Un esou Topäntwerte läit et, dass et beim Famillenduell meeschtens net ëm Wësse geet, mee oft ëm Zoufall a Gléck. An dat heescht och: et kann ee sech um RTLs-Platto net wierklech blaméieren. Gëtt et déi 100 Leit tatsächlech oder si si just en Algorithmus? Si si fir de Famillenduell dat, wat de Kleesche fir d’Kanner ass, eng Gestalt déi existéiert, just net physesch? Et gëtt se. RTL leeft awer net mat Bic a Blat duerch d’Belle Etoile a freet d’Leit spontan hir Meenung. Iwwer een Internetpanel goufe bis elo fir déi 250 Emissiounen 225 000 Äntwerten ausgewäert a kodéiert. 5 000 Froen goufe bei engem australesche Produzent akaaft; se hunn awer missten un de Lëtzebuerger Kontext adaptéiert ginn: well hei sinn déi mannst Expert vu Känguruen a Koalaen.

Bei där enger oder anerer Äntwert vun de Kandidaten erschéngt allerdéngs beim Spectateur kuerz e virtuellt Froenzeechen nieft dem Kapp – wann d’Kandidaten aus Zäitdrock net op d’Wuert kommen, gi se Fantasieäntwerten: Op „nennt eis eppes wat ronn ass“, äntwert de Kandidat „Golf“. Oder wann se d’Fro akustesch falsch verstinn: „Nennt eis en Dokter, bei deen een net gär geet“, freet de Spogen; wourop de Kandidat äntwert „ze al“. Verschidde Froe goufen awer richteg verstan, mee d’Äntwerten hunn d’Kandidaten awer net parat. Esou freet den Dan Spogen an enger Episod no Nimm vun däitsche Politiker. Angela Merkel steet als eenzeg Äntwert op der Monitorswand, mee mam Roden happert et. Zwee vun dräi fält keen an. De Spogen went sech dann un déi zweet Ekipp. Si schloen den „Hans Seehofer“ vir. Den Hans heescht zwar eigentlech Horst, mee d’Jury akzeptéiert den Hans.

Hunn d’Familljenduelllisten et net esou mat der politescher Bildung? Als Land, an deem Leit sech entweeder méi iwwer belsch, franséisch, portugisesch, däitsch oder lëtzebuergesch Medien informéieren, ass et net ëmmer esou einfach ee Konsens zu aktuelle, politeschen Theemen ze fannen. Warscheinlech dowéinst ginn déi Gebitter an der Emissioun och éischter ewechgelooss. Ee multilinguaalt Konzept, wat d’Lëtzebuerger Gesellschaft zwar géing spigelen, wier nach méi schwéier ëmzesetzen.

Tëscht dräi a fënnef Äntwerte mussen d’Kandidaten an deenen éischte Ronne fannen. An der Finall kënnt et zu zwou Turboquizronne mat jeeweils engem Kandidat, déi eemol 20 an eemol 25 Sekonnen daueren. Ze gewanne gëtt et jee no Punktestand e Bong fir Iessen ze goen, e Pak Suen am Wäert vu maximal 10 000 Euro oder eng Rees. Bis elo hu just dräi Ekippe säit Februar 2018 de grousse Präis gewonnen. An den Turnover ass grouss: an deenen 250 Episode ware schonn 240 verschidden Teams am Studio.

De Famillenduell ass allerdéngs kee Produkt aus den europäeschen 90er, mee gouf 1976 vum amerikanesche Sender ABC ënnert dem Numm Family Feud lancéiert. D’Sendung leeft haut nach an den USA, allerdéngs op CBS an hire Moderator huet méi wéi eemol gewiesselt. Iwwer 50 Adaptatioune gëtt et vun der Emissioun, ënnert anerem a Japan, Russland, Malaysien, Vietnam an Thailand. Am Abrëll 2020 start eng südafrikanesch Ofwandlung vun der Emissioun.

Vill Sender sinn un der Show interesséiert, well se wéineg Produktiounskäschte mat sech bréngt, jee no Sender awer vill Aschaltquoten erziilt. Fir RTL Lëtzebuerg als klenge Sender, ass den Opwand allerdéngs enorm; et ass eng vun deene wéinegen Emissiounen, déi all Dag leeft. An der Reegel gi véier bis fënnef Episoden an engem Dag opgeholl. Duerch optesch an sproochlech Täuschungen, wéi Kleederwiessel an Aussoe wéi „haut den Owend“, schafen den Spogen an d’Kandidaten awer d’Illusioun vun enger live Sendung. Laut dem „Content Manager“ Steve Schmit ass d’Sendung e Succès: d’Schätzung geet vu 50 000 Spectateure pro Episod aus. Och d’Umeldungen hunn sech iwwerschloen an deenen éischte Wochen. An engem Precasting gëtt awer sortéiert, op d’Ekipp tatsächlech hir Leit zesumme kritt huet an ob se sech sécher ass iwwert d’Antennen an d’Stuffe queesch duerch d’Ländche wëlle gesent ze ginn.

D’Beléiftheet vun esou Formater etabléiert an ze verléiert sech awer virun allem mam Moderator. De Wëlzer Spogen schéngt d’Sendung am Grëff ze hunn. A säi Sozialradar leeft op Héichtouren wärend der Emissioun: den Numm vun all Kandidat huet hie parat, tëschenduerch freet en deen een oder anere Kandidat och emol eppes Privates „So, bass Du net vun Esch?“; „Waars De gëschter net méi nervös?“. Heiansdo stellt en och Froen, déi deen een oder anere Lénksliberale vläicht vun der Kusch geheien. Esou freet hien eng Fra mat krauselegen Afrohoer „däerf ech deng Hoer herno upaken?“. Wierklech dramatesch war déi Fro awer net, well hie fënnt déi „einfach cool“. Déi eng oder aner speziell Äntwert muss den Dan Spogen offiederen; bei der Zeitungsfro freet de Moderator e Kandidat: „An du, wanns de an de Fliger klëmms, hëls de der eng Zeitung?“ De Spiller seet lapidar „nö“; wourop de Spogen konzedéiert: „Du wëlls deng Rou hunn, du hues och Recht“.

Selbstironie huet en och. Esou versprécht en de Verléierer en T-Shirt vum Familljenduell. Verschidde Leit hätten allerdéngs gemengt, déi wiere fir d’Fuesent unzedoen. „Weess net wat domat gemengt ass“, ergänzt de Spogen. Säi Sozialgenie verléisst awer och heiansdo de Studio. Nodeems en Team, vu Leit déi zesummen an engem Altersheim schaffen verluer huet, seet hien: „Oh nee! Ech sinn traureg fir Iech, mee och fir déi Leit am Altersheem, déi elo virum Fernsee sëtzen“.

Mee ass dat Altersheempersonal da Famill mateneen? Nee, d’Emissioun heescht zwar nach ëmmer Familljenduell, op der Umeldungssäit steet awer grouss: „JIDDEREE KA MATMAACHEN!“ Dat éischt Joer war d’Quiz-Show tatsächlech just fir Familljen, allerdéngs war d’Nofro vun Aarbechtskolleegen a Frënn grouss, fir och matzemaachen. Doropshin ass d’Teamkompositioun ausgeweit ginn. Am Zäitalter vun der Nuklearfamill ass dat vläicht net verwonnerlech. Fir dass sech elo Famillen net ausgeschloss fillen, gëtt nach emol um RTL-Site erkläert: „Ka wierklech jidderee beim Famillenduell matmaachen? Ganz genee, beim Famillenduell kënnen nach ëmmer Famille matmaachen. Mä och fir Clibb, Gruppe vu Kolleegen(innen) oder Frënn(dinnen), steet d‘Dier beim Famillenduell op!“

Wien net op de Fernsee wëllt oder wiem de Studio ze grell ass, kann d’Spill mëttlerweil op Nintendo oder iwwer eng DVD am Private spillen. Oder wiem déi dach relativ heefeg Jingelsaspillunge vum Famillenduell ufänken op d’Schlappen ze goen, kann am klengen Krees Tabu oder TimesUp auspaken, déi no engem änleche Prinzip funktionéieren: Wien ënner Zuchzwang steet, gëtt net onbedéngt déi beschten, dofir awer heefeg déi méi lëschteg Äntwerten.

Zanter de Méinden 23. Mäerz leeft de ganzen Entertainment-Programm vun RTL Tele Lëtzebuerg um RTL Zwee; deen éischte Programm ass elo just nach fir Nuvellen. De "Famillenduell" (nei Staffel) ass ëmmer um ½ 7 firgesinn.

Stéphanie Majerus
© 2023 d’Lëtzebuerger Land