Theater

Dem Myriam seng Rolls

d'Lëtzebuerger Land du 22.12.2017

E Mëller huet eng schéin Duechter, mee si sinn aarm, ganz aarm. Fir dem Meedchen de sozialen Opstig ze erméiglechen, gëtt de Mann e bësse beim Kinnek un: hatt kéint Stréi zu Gold spannen. De Kinnek
léisst hatt direkt festhuelen a späert et an en Zëmmer voll Stréi, fir dass et seng Konschte weist. Hatt kann natierlech iwwerhaapt keng Wonner wierken, ma well de Kinnek gedreet huet, hatt ëmzebréngen, verzweiwelt d’Meedchen. A wéi et do sëtzt ze kräischen, kënnt ee klenge Männchen, dee versprécht, him ze hëllefen, wann et him eppes dogéint gëtt. Déi éischt Nuecht gëtt et seng Ketten, déi zweet säi Rank, an déi drëtt... hätt de Männche gär säin neigebuerent Kand, wann et da bis Kinnigin géif (well et de Kinnek jo räich gemaach huet). D’Gebridder Grimm hunn des Seeche vum Rumpelstilzchen vrun 200 Joer opgeschriwwen an an hirem Original ass se knapps zwou an eng hallef Säite laang.

Den Tom Leick, nach ëmmer zimlech neien Direkter vum Groussen Theater, Fan vu groussem Spektakel a vu Musical, wollt onbedéngt eemol „eppes Grandioses“ als Lëtzebuerger Produktioun, eppes wou déi bescht vun de Beschten, déi hei am Thea-ter schaffen, géinge matmaachen a jidderengem weisen, wéi professionell ët ewell op de Lëtzebuerger Bühnen zougeet. Huet hie soss dekretéiert, dass d’Lëtzebuerger elo nëmmen nach am Kapuzinertheater solle schaffen, dass dat hir Spillwiss soll sinn, sou sollt dës grouss, exzeptionell Produktioun am groussen Theater, a souguer op der grousser Bühn stattfannen. „Dës Produktioun ass eng Vitrinn fir de ganze Secteur“, seet d’Regisseurin
Myriam Muller am Programmheft. A fir d’Kalitéit vum Secteur ze weisen, fir och un dem Norbert
Weber an Eugène Heinen hir Märerchersadaptatiounen aus de Sechzeger unzeknäppen, gouf also deci­déiert, dass dës grouss Produktioun sollt ...e Mäerche sinn. Kee Shakespeare-Drama, keen Heiner Muller, kee Molière, mä de fucking Rumpelstilzchen.

An d’Resultat ass effektiv e grousse Spektakel: Am Programmheft ass d’Lëscht vun de Mattwierkenden zwou A5-Säite laang. Gëtt soss, aus Käschtegrënn all Lëtzebuerger Produktioun an de kléngen Haiser op dräi bis véier Schauspiller limitéiert, si se hei zu 16 op der Bühn (bei de Bridder Grimm si se zu véier). De Ian De Toffoli huet zwee Joer laang u senger Iwwersetzung an Adaptatioun geschafft, e ganzen Haffstat dobäi erfonnt, deen him et erlaabt, eng Kapitalismuskritik mat anzebauen – d’Kinnekräich ass um Bord vun der Faillite, de Kinnek gëtt ëmmer méi geierzeg, a seng Financierë beräichere sech vrun allem selwer, mee wëllen net ze vill Geld a Kultur an an Educatioun stiechen... D’Anouk Schiltz konnt eng grouss Bühn bauen, esou e richtege Badetti mat zwee Stäck an enger stolener Wendeltrap, Zännrieder, engem hallwe Bësch a Geméch, dat vum Plafong erofgelooss gëtt. De Christophe Wagner, eisen eenzege Starregisseur, huet Filmsequenzen produ­zéiert, an den Nikos Welter filmt live op der Bühn gros Planën, déi op dräi gliese Wänn projezéiert ginn. De Christian Klein huet wonnerschéi Costumer entwéckelt, mat vill Léift zum Detail, an de Joël Seiller ass net weineg houfrech op seng annerhallef Dosen opwänneg Parrécken. Hanner der Bühn war et wéi an engem Beiestack – weéi bei enger vun deene groussen Operen, déi de groussen Theater normalerweis empfänkt. D’Myriam Muller huet wéi eng Zauberin dee ganze Buttek zesummegehal, huet Rhythmus a Spannung erabruecht an huet komplex Iwwergäng tëscht dem Spill an de Filmer ganz natierlech fäerdeg bruecht. De Publikum war begeeschtert, vill Leit hu sech un hier Kandheet erënnert an e Sonnde gouf et souguer eng standing ovation. A jiddereen dee matgemaach huet seet: dat waren uerdentlech Konditiounen, fir ze schaffen! Esou geet professionellen Theater, esou misst et eigentlech ëmmer sinn!

De Pitt Simon als liicht veronsécherte Kinnek, deem d’Kroun an d’Migraine dréckt, de Marco Lorenzini matt sengem Meter Nonzég a senger eekleger Laach als Fabelwiesen Rumpelstilzchen, d’Elisabet Johannesdottir Ugangs als naiv Mëllersduechter, an dono als depressiv Kinnigin, grad ewéi de jonken Gilles Cruchten als Prënz, sinn e flotten Ensembel. Si kréie gehollef vun engem Haffstat aus professionellen an Amateurschauspiller, déi och emol slapstickhaft agesat ginn – besonnesch Mentioun fir den Fabio Godinho als abberdéngege Roger. D’Biller zauberen dacks eng verwënsche Stëmmung, ënnerstrach vun der Musek vum Bernard Valléry.

An awer ass een um Enn e bëssen irritéiert vun deene villen estheteschen Inspiratiounsquellen, an deenen d’Myriam Muller sech zerwéiert: besonnesch de Van den Vos vun der Belscher FC Bergman, deen d’lescht Joer op deer nämmlechter Plaz gespillt gouf (d’ailleurs kréie sie extra Merci gesot am Programmheft) – si hunn deen nämmlechte Live-Filming gemaach, haten och e Bësch – an dem Thomas Ostermeier säin Hamlet zu Berlin (de Rindenmulch, de Sarg am Ufank, de laangen Dësch vum Banquet...). Heiansdo denkt een och un den Tim Burton, op deen d’Myriam Muller sech och ëmmer nees referéiert, oder un de Peter Greenaway (de Jong, dee séngt)...

Rumpelstilzchen ass deemno eng spektakulär Produktioun, déi et effektiv erlaabt huet, eemol richteg opzetrompen. Et ass eng Rolls Royce fir d’Myriam Muller, dat gewinnt ass, am Centaure mat engem Cinquecento ze fueren, an esou konnt beweisen, dass och méi déck Badettien him keng Angscht musse maachen. Et wir ze hoffen, dass dat hei eng „Nullnummer“ war, eng éischt Lëtzebuerger Produktioun mat konsequentem Budget (esou vill wei eng fett Opereproduktiounen), déi gewisen huet datt et geet. An d’nächst Saison da serious business.

Rumpelstilzchen vun de Bridder Grimm, iwwersat an adaptéiert vum Ian De Toffoli; inzenéiert vum Myriam Muller, assistéiert vum Daliah Kentges an dem Sally Merres; Bühn: Anouk Schiltz; Filmopnamen: Christophe Wagner, Videoprojektioun: Emeric Adrian, Kameramann: Nikos Welter; Kostümer: Christian Klein (mam Caroline Koener); Maquillage a Parrécken; Joël Seiller, mam Jasmin Schmit & Meva Zabun; et spillen: Pierre Bodry, Gilles Cruchten, Larisa Faber, Fabio Godinho, Elisabet Johannesdottir, Marco Lorenzini,  Pitt Simon, Raoul Schlechter, Brigitte Urhausen sou wei, a méi klenge Rollen: Elisabeth Chuffart, Dana Calimente, Catherine Dauphin, Tiphanie Devezin, Claude Faber, Daniel Lieser, Laurent Mander. Eng Coproduktioun vun den Théâtres de la Ville, mam Escher Theater an dem Cape Ettebrëck. Weider Virstellungen de 5. Januar 2018 zu Esch an den 13. a 14. Januar 2018 am Cape; www.theatres.lu.

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land