De Fenstermaates

'T ass Kiermes am Duerf

d'Lëtzebuerger Land vom 13.07.2000

Den Décor ass nach net ganz fäerdech. Wärendeem d'Leit sech anescht undinn fir den Ufank vun der Prouf, jongléieren der zwee op der Bühn mat Äppel, den Dan Plier probéiert ët esouguer mat Tasen. De Serge Tonnar stëmmt séng Gitar an d'Maggy Molitor probéiert Räck un. "Wann der d'Requisiten iesst, da sot awer wannechgelifft Bescheed," rifft op eemol ee vu lénks, "well gëschter hu mer kee Brout gebraucht, mä komescherweis ass haut keent méi do!" Prouwestëmmung an der aler Schmelz zu Stengefort.

Fir d'néngte Kéier ass vun haut un do nees de Stengeforter Festival, mam Ennertitel "Lëtzebuerger Theaterklassik". Et ass dem Jean-Paul Maes a sénger Fra Eva Paulin hire Festival, si hun en initiéiert a si halen en um Liewen. Et ass ee wichtege Festival fir de Lëtzebuerger Theater, well en den Theaterpatrimoine erëm erfier kroomt an déi Lëtzebuerger Auteure virum Vergiess rett. An dee Patrimoine ass ewéi en ass, net ganz déck, net schrecklech räich, an ni ganz wäit ewech vum Bauerentheater. Esou spille se zu Stengefort dëst Joer schon dee véierten Duchscher, De Fënstermaates aus dem Joer 1907, no Den Handwierksmann (1994), D'Villa Fina (1995) an dem Rekes III (1997).

Zréck op d'Bühn: Dem Serge Tonnar seng Musek drëpst schwéier ewéi Melass. Am Däischteren hun der e puer en décke Kapp, d'Luucht geet un. Et ass Kiermes, déi Zäit huet dat nach dräi Deeg laang gedauert. Hei heeschen d'Leit Hennes an Heng a Marjänn. D'Stéck spillt anzwouscht an engem Duerf, wahrscheinlech an der Géigend vun Iechternach, wou den Duchscher hir war. De Fierschter guff ëmbruecht, an dee falsche gët beschëllegt, eng Clique geet géint déi aner, d'Bauere géint d'Handwierksleit, déi méi schwaarz géint déi méi liberal, an d'Kiermes gët zu enger Zort Katharsis. D'Beschëllegunge géint den Zonken Dominik foussen éischter op Virurteeler géint hien a séng Sippschaft as ewéi op Beweiser.

Et ass de sozialkriteschen Hannergrond vum Duchscher sénge Stécker, deen d'Eva Paulin ëmmer neess iwwerzeegt, hien z'inszenéieren. "Hien ass deen eenzegen, deen och politesch en Usproch huet, deen een haut nach ka vertrieden," seet si, an dass hien och belies war en eng Idee hat, wat déi Zäit an der Weltliteratur esou geschriwwe guff. "Ech fannen ët flott, dass ett lëschtegen Theater ass, allerdengs mam Usproch, e Bild ze weise vu sénger Zäit." Den André Duchscher, 1840 gebuer an 1911 gestuerwen, war selwer Patron a Begrënner an der Eisegéisserei, déi als Usine de Wecker bis virun zéng Joer nach fonctionnéiert huet. Als Schrëfsteller gëllt hien als ee vun de Klassiker aus der Luxemburgensia. 

A sénger Geschichte der Luxemburger Mundartdichtung (1967) schreift de Fernand Hoffmann iwwer den Aendréi (!) Duchscher: "Auf dem Gebiet des ernsten Theaters ist Duchscher wegweisend gewesen. Das war er zunächst einmal dadurch, daß er die Möglichkeiten eines ernsten Mundarttheaters bewies und zwar praktisch bewies. Das war er aber vor allem dadurch, daß er dem Theater die brennende soziale Wirklichkeit erschloß. Mag auch in Duchschers Werk vieles veraltet und überholt sein, es bedeutet eine Etappe in unserm mundartlichen Dichten." 

D'Eva Paulin d'Stéck staark dramaturgesch verännert: ët guff vu bal fënnef Stonnen op nach eppes méi ewéi zwou gekierzt, an d'Zuel vun de Personnage vu 50 op nach 19 gestrach. Esou kënnt Rythmus a Liewen dran, ënner de Schauspiller sin der eng Parti mat Jongleurstalenter - wéi de Raphaël Faramelli zum Beispill - déi richtech Kiermes maachen op der Bühn. D'Besetzung vermëscht jonk Studenten aus de Conservatoiren, mat deër, déi hei souzesoen ugefaangen hunn, wéi de Serge Tonnar, d'Christiane Durbach an de Mike Tock, a Leit, déi ee vun anere Lëtzebuerger Bühnen hir kennt, wéi de Jules Orlando, d'Maggy Molitor oder d'Josiane Fritz. An ët mierkt een, dass ët hinne wierklech Spaass mécht, hei ze spillen. Et kann een net esou oft op Lëtzebuergesch fluchen op enger Bühn.

 

De Fënstermaates vum André Duchscher, an enger Inszenéierung vum Eva Paulin, gët den 14., 19., 21., 25., 26., 27., 28. an 29. Juli grad ewéi den 1., 2. an 3. August, all Kéiers um hallwer 9 an der aler Schmelz zu Stengefort gespillt. Reservéiere kann eem um Telefon 39 93 13-1 (vun 2 bis 4 Auer) oder um 39 98 70 (vun 1/2 6 bis 1/2 8)

 

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land