Fin de partie

Et gët keng Vëlosrieder méi

d'Lëtzebuerger Land vom 27.04.2006

Fin de partie ass eent vun deene gréissten Theaterstécker vum 20. Jorhonnert. Ee Jorzéngt no Auschwitz, wou Mënschen an den Drecks­kiwwel gepucht goufen, d'Äerd eng Brooch voll Ruine vun der Zivilisatioun ginn ass, féiert Fin de partie op eng radikal Anerweis vir, wéi absurd Theater a Konscht sinn, déi gutt gelaunt viru maachen, wéi wa keng Katastrof geschitt wär. An datt no der Katastrof vläicht d'Geschicht stoe blouf, ma datt d'Katastrof eng Geschicht huet: "Géi huel mer zwee Rieder. Vun engem Vëlo." – "Et gëtt keng Vëlosrieder méi." (S. 109). Et gi keng Vëlosrieder méi, ma et gëtt nach Här a Kniecht. An et weist, wéi friem Mënsche sech dofir selwer ginn. De Guy Wagner huet elo Fin de partie op Lëtzebuergesch iwwersat, fir kënnen am Steebroch vun deem groussaartegen Text ze schaffen, fir deem faméisen Dramatiker säi Respekt ze weisen a sech eng Grëtz a sengem Liicht ze sonnen. An eng Grimmel ass et och ëmmer e patterjoteschen Akt, fir ze weisen, datt d'Lëtzebuergescht kee klengen, verkrëppelten Dialekt ass, ma esouguer d'Gewiicht vu Weltliteratur aushält. Datt de Beckett sech kamout op Lëtzebuergesch iwwersetze léisst, wor ofzegesinn. Well d'Sprooch ass esou razeg an ouni Fisematente wéi d'Geschichten an d'Dekoren. Als geschwate Sprooch, déi net méi an den Orangepobeier vun enger Literatursprooch agewéckelt ass, geet d'Ongeheierlechkeet vun deenen Dialoger frësch un een. Dofir ass et en Erliefnes, fir dem Guy Wagner seng Iwwersetzung ze liesen, déi sech enk un den Text hält an esouguer seng Wuertspiller rekonschtruéiert. Déi eenzegaarteg Zitater aus dem Text kommen op eemol onverbraucht eriwwer: "Wann ech déi Rat net vreckt schloen, geet se futti." (S. 143). Ganz rar trëllt een iwwer e Gallizissem oder Ger­ma­nissem, ugefaang beim Titel Endspill, deen, wéi d'Ennstéck vun enger Scheierdenn, "Ennspill" heesche kënnt. Ma wann een haut, en halleft Jorhonnert méi spéit, Fin de partie kuckt, gesäit et esou verstëbst aus wéi an de Muséeën d'Tableauen aus där selwechter Zäit. Avantgarde gëtt schlecht al, an déi präzis In­sc-truktioune vum Samuel Beckett, fir säi Stéck opzeféieren, maachen d'Inszenéierungen huerteg mono­ton a museal. Wann een eng gesinn huet, mengt een, et hätte ee se alleguerte gesinn. Ma et ass net nëmmen dorunner, wou dem Escher Theaterdirekter Charel Muller seng Inszenéierung leid. Si huet Respekt amplaz Versteesdemech fir dee groussen Text. Dem Hamm (Claude Mangen) an dem Clov (Jules Werner) bleift deen Text friem, dee se zwou Stonne steif deklaméieren, wéi wann et hiren net wär. An engem Stéck, wou de Mënsche soss näischt méi bliwwen ass wéi eng Onmass Zäit – "Wéi spéit ass et? – D'selwecht wéi soss." (S. 107) –, hunn d'Leit net de Schnëssert, ma si brucken un deene schreckleche Wierder. (Fir dee Schoultheaterkitsch, deen als neie Schluss op Fin de partie geprafft gouf, dreiwen déi net ganz kamëss Ierwe vum Beckett hoffentlech déi Responsabel mat alle juristesche Moyenen och an de finanzielle Ruin.)

Samuel Beckett, Theater. Waarden op de Godot, Endspill, Katastroph, Wat wou, Éditions Phi, Esch-Uelzecht, 2006, 190 S., 18 Euro. – Nächst Opféierungen den 13. a 14. Juni owes ëm aacht Auer am Théâtre national an der Stad.

 

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land