Vum Genus

Bon oder mauvais Genre?

d'Lëtzebuerger Land du 16.09.2010

An alle lëtzebuergesche Grammairë gëtt am Kapitel vun de Substantiven d’Kategorie vum Genus (dt. a lëtz.: Geschlecht, fr.: genre) ernimmt mat den Ënnerscheeder vum Maskulin (männlech), Feminin (weiblech) a Neutrum (sächlech). Typesch awer ass net dës Feststellung, mä dat, wat vun den Auteuren extra iwwer déi Nominalkategorie gesot gëtt.

A sengem Essai de Lexicologie luxembourgeoise (Ons Hémecht, 1895-1896, S. 24) schreift de Joseph Weber e Paragraph iwwert d’Formation du féminin des noms, apaart iwwer d’Suffixen -ert (deen -esch gëtt oder ewechfält: Maulert, Maulesch; Tozert, Toz) an -er (Schoulmeeschter, Schoulmeeschtesch, eventuell och mat-in verlängert: Kèser, Kèserin)1. De Genus gëtt hei als Geschlecht (männlech = Mann a weiblech = Fra) verstan. – A senger Grammatik der Areler Mundart (1921, S. 296-300) stellt den Alfred Bertrang Lëschte vu Substantiven op, déi, a sengem Dialekt, en anere Genus hunn, wéi deen an der héidäitscher Schrëftsprooch. Hie stellt fest, datt dës Substantiven, das mittelhochdeutsche Geschlecht beibehalten (§ 309). De Genus weist hei net op dat semantescht Geschlecht hin, mä op déi grammatesch Kategorie. – Dobäi zitéiert de belsche Professer nach eng Partie praktesch Regelen, wou et och ëm déi grammatesch Kategorie geet: die Namen der Buchstaben sind männlich (§ 311), die Wörter auf / sind alle männlech (§ 312: dat ass net de Fall am Däitschen), die weiblichen Vornamen sind alle sächlichen Geschlechtes (§ 314). – Dës lescht Regel ass am Fong komesch formuléiert: wat ass dann eigentlech e sächlecht Geschlecht? Am Robert Bruch sengem Précis (1955, § 17,3) heescht d’Regel: Entgegen dem hochsprachlichen Gebrauch des Deutschen und des Französischen sind die weiblichen Vornamen sächlich. De Bruch redu­zéiert dem Bertrang seng Lëschten och op e puer Beispiller, wou de lëtzebuergesche Genus mam franséische Genre verglach gëtt.

De Genus (als semantescht Geschlecht = fr. sexe oder als grammatesch morphologesch Kategorie = fr. genre) ass an dëse lëtzebuergesche Grammairë fir Mammesproochler eng Donnée, déi diachronesch an/oder kontrastiv ënnersicht gëtt. Mä d’Gesamt­organi­satioun vun der Nominalkategorie gëtt net a Fro gestallt, well de Genus meescht als arbiträr gëllt. Dat ännert sech radikal mat der Perspektiv Lëtzebuergesch als Friemsprooch. Fir Leit, déi eis Sprooch wëlle léieren, ass de Genus eng haart Noss. D’Enseignantë kënne sech zwar aus der Patsch zéien, wa se soen, de Genus misst op alle Fall mam Substantiv matgeléiert ginn. Mä dësen didaktesche Prinzip hëlleft de Schüler net weider. Fir virunzekommen, brauch den Apprenant synthetesch Regelen, déi ee jo och, méi oder manner explizitt formuléiert, an deene méi rezente lëtzebuergesche Grammairë fënnt. Hei kann ech se nëmme kuerz opzielen 2.

Den Haaptprinzip fir d’Terminologie: de Genus (Maskulin, Feminin, Neutrum) ass eng grammatesch Sproochkategorie vum Nominalgrupp, déi vun der Basis (Substantiv, Nominalisatioun) ofhänkt. D’Geschlecht awer (= männlech, weiblech, sächlech) ass e Klassifikatiounscritère fir déi be­zeechent Wiesen oder Entitéiten. D’Gläich­setzung vum Genus a vum Geschlecht ass eng traditionell, awer ganz naiv Opfaassung, déi seele stëmmt: Framënsch ass als Sproochzeechen Neutrum, mä d’Bezeechnung ass weiblech. Dag (Tag, jour) an Daach (Dach, toit) si maskulin: d’Bezeechnungen awer si sächlech. Didaktesch ass et onge­schéckt, wann eng lëtzebuergesch Grammaire de Genus mat deene klassesche Beispiller de Mann, d’Fra an d’Kand illustréiert! De Genus ass prioritär eng formell, keng semantesch Kategorie.

Bei eesilbegen Nomina ass de Genus meeschtens onberechenbar. De Vergläich mat den entspriechenden däitschen a franséische Wierder ass zwar intressant, awer keng Hëllef: de Bak (la joue, die Backe); d’Haus (la maison, das Haus), d’Plaz (la place, der Platz).

Méisilbeg Nominalbasissen hunn heefeg e berechenbare Genus. Dat ass de Fall z.B. bei Transpositiounen, wéi d’Substantivéierung vun den Infinitiven (Neutrum: d’Iessen, d’Restruktu­réieren) oder d’Nominali­séierung vun den Adjektiven (och wann d’Sequenze signifikativ sinn: den Alen [Mann], déi Al [Fra], dat Aalt [Saachen]). Nach méi berechenbar ass de Genus vun den Derivéen, wou d’Affixen (Suffixen, Präfixen) bekanntlech eng grouss Roll spillen.3 Substantive mam Präfix Ge- + Verbal- / Nominalstamm + s als Begrëff vun engem Ensembel vun analoge Saachen/Prozesser sinn Neutrum: Gebläers, Geméis. Maskulin sinn Nomina mat de Suffixen -er an -ert, -ant, -är/-aire, -ismus/-issem. Vill ­Suffixe bréngen de Feminin mat sech: -echt, -ell(e)/-ett(e),-(e)(r)ei, -(er)ie,-esch, -heet/-keet, -itéit, -schaft, -t (Hëtzt, Kränkt),-(t)ioun, -ung/-ong.

Composéen hunn de Genre vun hirem leschten Nominalkonstituent: Wanterpneu, Véidokter. Wou dat net de Fall ass, geet et ëm Kierzungen (Mëttwoch/ Kanddaf[dag]) oder ëm vereenzelt Komplexer. Framënsch z.B. ass net maskulin wéi Mënsch, mä Neutrum. Den Dérivé Meedchen wiesselt ausnamsweis vum Feminin Mod an de Neutrum iwwer, trotz der lëtzebuergescher Extra-Regel, déi virschreift, datt d’Verklengerungssuffixen -a, -i, -chen/-elchen keen Afloss op den Ausgangsgenus hunn: Muppi, Mippchen si maskulin wéi Mupp. Den Neutrum vu Meedchen, Framënsch a vun de Virnimm fir Fraleit huet wuel eng soziologesch Bedeitung (cf. d’Land 15.09.2006: De Sënn ass männlech, d’Sënn ass weiblech).

Vläicht wonnert Der Iech, datt ech hei net dem traditionelle bon genre gefollegt sinn, dee vu semanteschen Definitiounen a Bezeechnungsklassen ausgeet fir Regelen opzestelle wéi4: Le genre des personnes masculines est masculin (mä f. Lomp, Maanspersoun), le genre des personnes féminines est féminin (mä n. Meedchen, Framënsch, Fraleitsvirnimm), les noms des jours, mois et saisons sont masculins (dat stëmmt!), les noms des arbres, fleurs et fruits sont généralement féminins (mat enger Hickecht vun Ausnamen: Birebam, Apel). Dat si relativ, dacks nëtzlech Frequenzregelen, mä grammatesch stëmmen se net honnertprozenteg. De formelle Genus léisst sich mat Bezeechnungsklassen net komplett beschreiwen.

1 Op der S. 397 gëtt de Suffix -esch (-ess englesch; -es hollännesch; -ersche nidderdäitsch) als weiblech dohigestallt (= désigne une femelle), andeems de Suffix -ert (-aart hollännesch) e männlecht Wiese bezeechne soll (= indique un mâle). Dat ass awer n
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land