Zoom op d’Sprooch

Wat ass dann do esou schwéier?

d'Lëtzebuerger Land du 19.01.2018

Wéi et schéngt, kréie mer elo schliisslech dach – wann d’Leit vun der Regierung hir Verspriechen halen1 – en Texte coordonné de l’orthographe luxembourgeoise. Versprach ass e schonn zënter 18 Joer, well et no der Reform vun 1999 direkt selbstverständlech war, datt den neien Text onbedéngt misst an Aklang bruecht gi mat dem vum Alain Atten verfaassten Arrêté ministériel vum 10.10.1975. Der Ministerin Erna Hennicot-Schoepges (CSV) hirem schrëftlechen Optrag no2, sollten de Jérôme Lulling an ech déi zwéin Arrêtéë kohärent an engem eenzegen Dokument verschmëlzen. „Dat wäert jo alt net ze schwéier sinn“, soten deemools e puer „héich“ Beamten. Abee! D’Beamte sinn nach ëmmer do oder pensionéiert, den offiziellen Text leider nach net. Dat ass e grousse Manko, awer et stellt sech och d’Fro: Firwat?

D’Orthographie vun eiser 1984 erkläerter Nationalsprooch – wéi se an deenen zwéi Gesetztexter vu 1975 an 1999 (deelweis inkohärent) exposéiert ass – sollt an engem neien Text presentéiert ginn: 1) an enger phonologescher a prosodescher Beschreiwung a souvill wéi méiglech mat engem vereinfachte System vu Regelen3; 2) ouni implizitt Allusiounen un déi nei reforméiert däitsch oder anersproocheg Rechtschreiwungen, wat heesche sollt, datt och déi net alphabetesch Orthographieszeechen (Punktuatiounen) an hire Gebrauch misste presentéiert ginn4. 3) Dobäi sollten d’Grondtendenze vun der jonker lëtzebuergescher schrëftlecher Traditioun och esou vill wéi méiglech bäibehale ginn5.

Déi orthographesch Beschreiwunge si jee no den Destinatären ënnerschiddlech. De Robert Bruch zum Beispill war sech ganz am Kloren doriwwer, wat grondsätzlech de „Sockel“ vun der Orthographie vum LWB misst ausmaachen. Fir Native speakers geduecht a scho guer net fir Apprenante vum Lëtzebuergeschen als Zweetsprooch, sollt d’Rechtschreiwung vum Lëtzebuergeschen sech no de vertrauten däitschen oder franséische Wuertbiller riichten, et sief, déi eegen Entwécklungsprozesser hätten déi lëtzebuergesch Dialekter zu klore Lautënnerscheeder mat den entspriechende Wierder an deene béiden Amtssprooche bruecht (Précis 1955, §1,3, S. 10). Dat bedeit, datt d’Perspektiv kontrastiv ass (eis Sprooch gëtt am Kontrast mam Däitschen oder mam Franséische gesinn), awer och datt de visuelle Prinzip net dee wichtigsten ass. Den Haaptprinzip vun der Orthographie ass a bleift déi phonographesch Kohärenz vun de Laut-Schrëft-Eenheeten, déi fir all mëndlech Variante stoe kënnen, mee och mat anere Verschrëftunge vu phonetesche Realisatiounen ersat kënne ginn6.

Donieft ass ze bemierken, datt eng Orthographie, och wann se op Liesgewunnechten opbaut, nëmmen am Schrëftlechen dat symboli­séiert, wat am Mëndlechen lautlech vertrueden ass. D’Presentatioun vun dëse lautlechen Zeeche mat hirem Encodage mécht den éischten Deel vun enger Rechtschreiwung aus, dat heescht d’Phonem-Graphem-Korrespondenzen (mat hiren eventuelle Varianten), déi typesch Silbeniwwergäng a Liaisounen (N-Regel, Verhäertungen, Vermëllungen7), d’Markeren an d’Duerstellunge vun de lautlech prosodesche Strukuren (Pausen, Rhythmus, Tempo mat hiren net-alphabetesche Punktuatiounen).

Hei ginn dann d’Weeër auserneen – an och déi allgemeng linguistesch Opfaassunge vum Zweck vun der Orthographie. Fir d’Lëtzebuerger Native speakers ass et (schonn eleng aus psychologesche Grënn) bal onméiglech, eng Schreifweis ze benotzen, déi net op d’mannst déi wichtegst Charakteristiken (Eigenheiten) vun hirer Sprooch ervirhieft. Déi Lëtzebuergesch Orthographie – sou seet de Christoph Purschke mat Recht – ziilt of eng phonetesch korrekt (= phonographesch) Schreifweis. Dofir gëtt den N-Ausfall an der Schrëftsprooch och berécksiichtegt: „Die ‚Eifler Regel’ [ist] dem Umstand geschuldet, dass sich die Schreibung des Luxemburgischen an der Aussprache orientiert und in den meisten Kontexten -Laute am Wortende eben nicht gesprochen, sondern zugunsten des Anlautes des Folgewortes ausgelassen werden. Insofern ist diese Regel in Bezug auf die Entsprechung vun Lautbild und Schriftbild der Sprache (die Phonem-Graphem-Korrespondenz) konsequent. Hilfreich ist sie dagegen nicht.“ Dee leschte Saz bedeit, datt d’Eifler Regel zwar eng Eigenheit des Luxemburgischen ervirhieft, mee „den Erwerb der Schriftsprache unnötig erschwert“8.

Okay! D’Eifler Regel gëtt an dësem Text als orthographesch Regel presentéiert, mee d’Luxemburgophone wëssen, datt hir Applikatioun nëmme méiglech ass, wann de Schreiwer (also am Lëtzebuergeschen als Zweetsprooch och den Apprenant) d’Sprooch scho schwätze kann: De Phänomen ass lautlech bedéngt! D’Oppositioun vun enger schwéierer (vum Mëndleche getrennter) Schrëftsprooch an enger méi einfacher geschwater Sprooch ass am Fong e faulen Trick fir ze weisen, datt eng aner orthographesch Heuristik wéi déi phonematesch misst ugeholl ginn, déi méi op Zougänglechkeet an Einfachheet tippt. Mee wéi? Och aner Wëssenschaftler, déi am Fong d’Lëtzebuergescht weider als däitschen Dialekt (mee fir d’Galerie och als 12. germanesch Sprooch!) gesinn, géifen am Numm vun der Einfachheet d’Charakteristike vun eiser Sprooch am léifsten (och mat gelungenen, didaktesch-falschen Argumenter) ofschafen9.

Ech weess net wéi, net wann, net genee iwwer wat fir Weeër wat fir Textdeeler do virbereet a publizéiert ginn, mee ech hoffen, datt all déi, déi sech dofir intresséieren, bal iwwer en transparenten, kompletten, präzisen a kohärenten Texte coordonné de l’orthographe luxembourgeoise verfüge kënnen.

1 Cf. Première réunion du nouveau Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Communiqué du gouvernement luxembourgeois. 11.01.2017: „Guy Arendt pour sa part voit une priorité dans la finalisation de l’orthographe luxembourgeoise que le CPLL devra avaliser.“

2 Bréif vun der Ministerin vum 20.12.1999 un de
F. Schanen an de J. Lulling. Cf. Description systématisée Schanen-Lulling op lëtzebuergesch an op franséisch. Site du CPLL

3 D’Wuert „Vereinfachung“ ass nëmme fir den Text vun 1999 gebraucht ginn, sollt awer och e Minimum iwwert d’Betounung, d’Phonologie an d’Graphematik aféieren.

4 Deen neien Text (an dat fir d’éischt an der Geschicht vum Lëtzebuergeschen) misst och déi ‘net-alphabe-
tesch Orthographieszeechen’ virstellen; III. 4. 3-5 ënner Zesumme-/Getrennt-, Grouss- /Klengschrei-
wen, Punktuatioun.

5 Dat werft Grondfroen op (Zougänglechkeet, Wëssenschaftlechkeet, Einfachheet, Präzisioun, obligatoresch Referenz op déi däitsch Sprooch), déi am Land ni richteg gestallt gi sinn (cf. D’N-Regel, d’Land, 04.08.2017).

6 Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire (Schortgen 2012), §§ 358-366. Fir d’Phonem-
Graphem-Korrespondenz Gilles-Trouvain: cf. Infolux → Phonetik → Lautstruktur (Nott 127 an der
Lëtz. Gram., S. 216).

7 Cf. Schanen/Zimmer: Lëtz. Gram. §§ 438-456, 457-464

8 Cf. Schreiwen.lu – aber wie? Ein Kommentar zur staatlichen Orthographie-Kampagne in Luxemburg. 24.01.2017 vu questoph. Mee dat kann een och vun de Verhärtungen a Vermëllunge soen, déi an der Schrëftsprooch respektéiert ginn (Bouf, Bouwen, cf. Lëtz. Gram. §§ 438-445), genee wéi vun anere waagerechte „Liaisounen“, déi keng orthographesch Spuren an der Schrëftsprooch hannerloossen (cf. 447-456).

9 Cf. Adrienne Humbert, Zitat Nott 7 aus „Vill lasskappen an net genuch schëppen“, d’Land, 01.07.2016: „Die in der Orthographie aufgenommene und rein phonologisch motivierte n-Tilgungsregel erweist sich als eine äußerst komplexe für den Sprachlerner absolut überflüssige Hürde. Sogar der Muttersprachler hat Mühe in der schriftlichen Umsetzung dieser Regel.” Iwwerflësseg? Awer da feelt dach eppes an eiser Sprooch, oder net?

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land