Films made in Luxembourg

Independance Day op Lëtzebuergesch

d'Lëtzebuerger Land du 02.11.2018

Grad wei d’Gefor ëm d’Kroun an den Altor am Gréiss­ten ass, de Premier Bretelle sech als geféierlechen Usurpateur erausstellt an dem Vollek ordonnéiert, virun him ze knéien, bleift de Charel Kuddel stoen a widdersprécht dem wäitleefege Cousin vum Grand-Duc héritier. An dat obwuel e säi Liewe laang nom Motto „Maach ewéi d’Leit, da geet et der wéi de Leit“ gelieft huet. Säi Bouf ass paff iwwer dee stënterleche Courage vu sengem Papp, a kënnt sech ës nach manner zou, dass deen abeemol ufänkt, de Feierwon ze sangen. De Publikum d’ailleurs och net. Firwat der Däiwel géing ee Superheld am Zivil kënnen d’Kroun – an an engems d’Onofhängegkeet vum Granduschi – retten, andeems en dem Méchel Lenz seng Hymn op en... Zuch séngt? E Lidd vun 1859, dat geschriwwe guff fir deen éischten Zuch, deen aus der Stater Gare fortgefuer ass an an deem dee mythesche Saz „Mir wëlle bleiwe wat mir sinn“ (oder, wéi vill Leit dacks sangen, „Mir wëlle jo keng Preise sinn“) am Refrain virkënnt. D’Lidd beséngt d’Schéinheet vun der Heemecht, „mir hale fest un der Scholl“ anesouweider. Och de Bretelle ass esou platt, dass en een Ablack wéi ugeschweesst do steet – an esou kënnen d’Leit sech duerch d’Bascht maachen. Matt der Zeen rutscht de Superjhemp retörns an de Kitsch, an, jo, an e pathetesche Paterjotissem of, deen esou gutt an eng Zäit vu Walkampf mat der Heemecht, Nation Branding matt schlechter Konscht a Facebook-Säiten, déi Iwwerfriemungsängscht undreiwen, passt.

Dobäi hat alles nawell nach ganz uerdentlech ugefaang. De Comic Superjhemp ze verfilmen ass en ale Wonsch vu ville Leit, déi Popkultur gären hunn. Den Andy Bausch hat als éischten déi Iddi, an der Thierry-Expo am CNA konnt een souguer eng Foto vum Van Werveke als Superjhemp gesinn: den Andy wollt hien an deeër Roll. Mä de Filmfong huet dem Bausch dat net zougetraut a säin Dréibuch esou dacks duerch­fale gelooss, bis en et opginn huet. (Dass de Bausch hei eng guest appearance mécht, weist, dass en op d’mannst net nodroënd ass). 2011 dunn huet de Claude Waringo vu Samsa d’Rechter kaf an de ­Félix Koch (*1980) gefrot, ob en de Superjhemp wéilt verfilmen. Dat Joer war grad dee 26. vun am ganzen 29 Albumen erauskomm. De Koch, deen ënner anerem bei Bernd das Brot, deem Kika-Dauerbrenner fir Kanner, geléiert huet, a grad mam Ravioli-Ritter, engem 30-Minuten-Kuerzfilm iwwer Fantasy-­Spiller, säin Ofschloss op der Filmschoul vu Pottsdam-Babelsberg gemaach hat – e Film, deen dem Claude Waringo gutt gefall huet, wéi dee seet –, sollt mat engem dach klenge Budget dat hikréien, wat kengem aneren zougetraut guff: e Superheldefilm mat Special Effects drop an derwidder. Am Verglach: dem Bryan Singer sai Superman returns vun 2006 huet 204 Milliounen Dollar kascht an der bal 400 weltwäit erage­spillt. De Lëtzebuerger Film huet ronn 3,5 Milliounen Euro kascht, dovunner 2,6 vum Filmfong. Ass en och honnert mol méi schlecht?

Nët wierklech. Natierlech ass alles e bësse méi schappeg hei: Dem Superheld säi Costume ass Handaar­becht an d’Effekter ginn haaptsächlech um Computer matt vill Sound-Effects – de whooshh!, wann de Superjhemp matt den Hänn an den Täschen flitt – gebastelt. Mä iergendwéi ass de Film Uganks ganz gelongen: Wéi e mat Archivmaterial vun RTL vum Tuerm vun der Kathedral, dee brennt, (1985) oder de Bommeleeër-Attentater aus den Achtzeger ufänkt, fir de Personnage Superjhemp ze situéieren, ass ganz flott. Do gëtt ee sech dann an engems bewosst, dass dat schonn alles zimlech lang hir ass, wéi déi ganz Superjhemp-Geschichten och al sinn: Dat war ëmmerhin virun drësseg Joer, e puer Generatiounen si schonn opgewuess derounst. De Félix Koch hat aacht Joer, wei deen éischte Superjhemp-Album 1988 publizéiert guff, dee leschten Album kumm 2014 eraus, an de Roger Leiner, deen de Jhemp mam Lucien Czuga (Text) erfonnt a gezeechent huet, ass 2016 gestuerwen. D’Idee vun den Dréibuchauteuren Félix Koch an Thierry Faber, fir de Film nët an d’Achtzeger- oder d’Nonzegerjoeren unzesiedelen, mä haut, 2018, an de Superjhemp als eelere Mann ze weisen, dee probéiert, e Comeback ze maachen, ass also eigentlech ganz gelongen. Besonnesch well dee Superheld vum Änder Jung gespillt gëtt.

Hie gëtt der ganzer Geschicht eng touchant Melancholie: Säi Charel Kuddel – esou heescht de Superjhemp am Zivil an als Staatsbeamten am Ministère vun den hoffnungslose Fäll –, dreemt permanent vun deem spannende Liewen, dat en eben opginn huet, fir d’Félicie Fleck, deemools Reporterin, haut Hausfra, ze bestueden (ganz gelongen: d’Désirée Nosbusch). Mais de Kuddel ass esou melancholesch, dass en net gesinn huet, wei säi Jong e brillante jonken Technik-Geek ginn ass (Etienne Halsdorf, frësch an iwwerzeegend), dee sech an d’Nopeschmeedche Jill (Adèle Wester) verléift an eng geféierlech Frëndschaft mam komeschen Noper Erni (Jean-Paul Maes) ugefaangen huet.

Da gëtt et do nach de schrullegen a faarweblanne Polizist Schrobiltgen (wonnerbar burlesken Luc Feit) an déi grad esou trei wei sexy Secrétärin Joffer Lamesch (super: d’Fabienne Hollwege), den Ierfprënz (naiv gespillt vum Jules Waringo), den (Avant)-Premier Bretelle (Jules Werner) oder den Haffmarschall, deen nët méi echt kéint sinn wéi dëse vum Henri Losch, plus zwee RTL-Journalisten (Tommy Schlesser a Julie Kieffer, béid sech selwer ëmmer trei). Voilà. Aus deem Figurekabinett soll dann e Film ginn, iwwer Alginn, iwwer Dreem an iwwer dat topegt Ideal vu Generatioune vu Lëtze­buerger, dass een ëmmer soll schéi brav kuschen a sech nëmmen net mucksen am Liewen.

An esou ass et um Enn haaptsächlech e Film iwwer Lëtzebuerg. Dee peinlech Product placement am Film an deen nach méi peinleche Marketing ronderëm – Superjhemp-Kleeder, Superjhemp-
Kachkéis an esou weider – maachen, dass ee mengt, et wier een iergendwou an eng grouss Reklamm gefall. Mä och soss ass dat Bild vu Lëtzebuerg, dat de Film weist, zimlech vereelzt. Dat Land do ass eent, wou d’Leit ebe Staatsbeamte sinn, déi ëmmer e faulen Job hunn an um Gottesbiddeswëlle keng Iwwerminutte wëlle maachen. Et ass e Land, wou d’Fra nach ëmmer entweder e sexuelle Fantassem wéi d’Joffer Lamesch oder eng neurotesch Hausfra wéi d’Félicie Fleck ass. Et gëtt och nëmme Lëtzebuerger an deem Land, d’Frontalieren verursaache nëmme Stau. Passend dozou sinn natierlech och quasi nëmme Lëtzebuerger am Sall, also där, déi och Lëtzebuergesch verstinn – mais dofir ginn déi ALL de Film kucken, de Week-End waren souguer d’Sonndesmëttesséancen gerammelt voll.

An esou ass et ëmsou méi onverständlech, firwat de Kuddel/Superjhemp iwweerhaapt onbedéngt dat langweilegt Land mat deem langweilege Liewe wëll retten. An zwar virun engem Béisen, dee sech d’Kroun wëll opsetzen, déi sengem Cousin légitimement zousteet (dass de Mann Bretelle / Bettel heescht, an esou ugedeit gëtt, dass seng Muecht nach ëmmer illégitime ass, wéi d’CSV dat zanter 2013 behaapt, ass vläicht e bëssen ze wäit gesicht). Hei kënnt d’Menace vu bannen – wéinstens ass d’Metapher vum Friemen als Feind evitéiert ginn, ouf! – an awer muss d’Heemecht verdeedegt ginn. Matt vill pompöser Musek, wéi wann am amerikanesche Kino d’Marines e Land iwwerfalen, an deem néidege Pathos gewannen dono d’Monarchie an d’Famill, och dat wéi an den amerikaneschen Superproduktiounen à la Independance Day. An dat lescht Bësselchen subversive Geescht vum Superjhemp ass fleeten. Schued.

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land