Personalpronomen

Pronominale Potpourri

d'Lëtzebuerger Land vom 16.09.2011

Och wann Dir d’Wuert net esou ausschwätzt a schreift, wéi den LWB et virschléit – Pottpurri op Lëtzebuergesch, Potpourri op Däitsch, pot-pourri op Franséisch ass bestëmmt kee schlecht Bild, fir déi puer Remarquen zesummenzerafen, déi mir, a leschter Zäit, Lieser vun de Sproo-cherubriken iwwert déi lëtzebuergesch Pronomen1 gemat hunn. Keng ursprénglech Mëschung vu Fleesch a Geméis (olla potrida), kee parfüméierte Melange vun dréchene Bléien a Blummen, kee melodeschen Nostalgiemedley, mä einfach e bëssen Terminologie an Areal-linguistik, eng Péitche Gesellschaftsorganisatioun an eng gehéiereg Portioun Rezept a Virwëssen.

Fir unzefänken, geet et mol ëm d’Terminologie. „Firwat schwätzt Dir vum franséische °Pronom an am Pluriel °Pronomen, amplaz dat -däitscht Wuert Pro°nomen (mat ausgeschwatenem -m-) a Pro°nomina (mat der laténgescher Endung -ina) ze gebrauchen?“, freet eng Studentin. D’Fro ass am Fong guer net esou wichteg, well all Terminologie relativ ass. Mä wa schonn drop gehal gëtt (all Enseignement muss an der Theorie an an der Praxis präzis sinn), dann ass d’Äntwert einfach. Éischtens gëtt an der lëtzebuergescher Grammaire meescht déi franséisch Terminologie gebraucht (cf. Imparfait, Passé composé, Condi-tionnel). Zweetens ass an dësem Fall déi franséisch Traditioun och besser, well se kloer d’Determinantien (als ‚Aleeder‘ vum Nominalgrupp) vun de Pronomen ënnerscheet, déi autonom funktionéieren. Esou ass mäi(n) an: Dat ass mäi Glas en Determinans (e Possessivartikel), an-deems däint an Dat ass däint en autonome Pronom ass, deen am Neutrum Singulier en -t als Endung huet (cf. Pronomen: Ersatzwierder, d’Land, 03.12.2010).

Vun de sechs bis zéng Pronomsklassen, déi an der lëtzebuergescher Grammaire ënnerscheet ginn, konzentréiere sech d’Froe vun de Lieser op d’Personal-pronomen. D’Formen, ob betount (staark) oder onbetount (-schwaach), sinn u sech kee Problem, mä hir Villfalt, besonnesch an der éischter Persoun Plural (mir/mer, eis/ons/äis, eiser/onser) -mécht munchereen onsécher. „Wéi seet een dann op gutt Lëtzebuergesch: eis/ons oder äis?“, heescht déi klassesch Fro. Am Detail brauch een sech nëmmen d’Variantekaart Nummer 84 vum Bruch sengem Sproochatlas unzekucken: eis/äis ass d’Form, déi allgemeng verbreet ass, ons déi sporadesch Variant besonnesch ëm d’Stad, is/ees/ës (och us) ass typesch fir den Osten an d’Musel. Wann een awer accep-téiert, datt d’Lëtzebuergescht an engems Haaptformen a Lokalvarianten opweist an d’Evolutioun vun der Sprooch mat abezitt, dann ass d’Äntwert op déi gestallte Fro net schwéier: eis/äis ass déi geleefeg Form, ons déi spezifesch; déi béid ginn als ‚Allgemengsprooch‘ ugesin; déi aner gëllen als Regionalvarianten. Firwat sollt dës Varietéit dann net virubestoen? Scho joerelaang versicht en iwwerdriwwene Purismus hei am Land arbiträr an am Detail d’Norm ze vereinfachen: Neen, äis ass net nëmmen eng Dativform wéi et heiansdo behaapt gëtt; dat maskuliint betountent hien an dat feminiint betountent si sinn net op de Verweis op Liewewiese beschränkt: Eis Scheier ass verbrannt. Si muss ëmgerappt ginn ass kee Feeler. Déi betount Personalpronome sinn nëmmen deelweis u semantesch Klasse gebonnen, ausser hatt am Neutrum an der drëtter Persoun Singulier, dat fir Fraen/weiblech Wiese4 reservéiert ass, an dat betountent demonstratiivt dat, dat de ‚sächlechen‘ Oppositiounspol zu de Liewewiesen hien (Mann), si (Fra) an hatt (familiär fir weiblech Wiesen) ass.

Wat de familiäre Gebrauch vun hatt fir Fraen ugeet, huet d’J. Zimmer mir eng Suggestioun gemat, déi bestëmmt op den LaF-Unterrecht kann iwwerdroe ginn. „Virun aacht Deeg“, schreift si, „huet eng Frëndin gefrot: wéi bréngen ech mengem Enkelkand hei zu Lëtzebuerg bäi, wéini en hatt a wéini e si seet. Ech sot: an deem Alter ganz einfach. Fir déi weiblech Kanner a weiblech grouss Persounen, déi e gutt kennt, seet en einfach hatt, fir déi weiblech grouss Persounen, déi en net kennt, seet e si.” De grousse Virdeel vun dëser Gebrauchsregel ass, datt et eng gesellschaftlech Anstandsregel ass, déi sproochlech weder un de Gebrauch vum weibleche Virnumm nach un d’Duze gebonnen ass (d’Land, 25.03.2011).

E puer Lieser hu mir matgedeelt, si hätte Krämpes, fir déi verschidde Klasse beim Gebrauch vun ‘t, et, hatt, dat, ‘t ass, d’ ass auserneen ze halen. Si hu scho Recht, well am Detail ass dat jo och net einfach. – Vun enger éischter Koppel vu Pronomen hatt (betount)/ et (onbetount) war scho Rieds: si gëtt, wéi gesot, am familiäre Register fir weiblech Wiese gebraucht, andeems am normal héifleche Gesellschaftsverkéier fir d’Fraen si a fir d’Männer hien benotzt gëtt. Dëst hatt/et funktionéiert net nëmmen an engem anaphoresche Rappelkontext (D’Almira ass Bosnierin [gt] Hatt kënnt aus Bosnien5), mä och exophoresch am Kader vun der Kommunikatioun: Wien huet d’Fënster agehäit?, freet de Schoulmeeschter. Hie war et (Jong) / Hatt war et (Meedchen), seet de klengen Uschësser. Eng aner Äntwert wéi zum Beispill *Dat war et hätt an dësem Fall kee Sënn, well den Demonstrativ dat net op Liewewiese verweist. – Eng zweet Koppel vu Pronome besteet dann aus dat (betount)/et (onbetount). Dat sinn Demonstrativa, déi, jee nom Kontext, anaphoresch (als Rappel vun engem Virtext), kataphoresch (als Annonce vun engem Notext) oder exophoresch (als direkt Referenz am Kommunikatiounskader) agesat ginn. Beispill: Dat hat si mir versprach. Si hat mir dat/et versprach. – Zum Schluss bleift dann nach en onbetounten onperséinlechen Eenzelgänger et, deen als Sujet oder Objet a méi oder manner feste Strukture virkënnt 1) mat onperséinleche Verben: Haut reent et; et gëtt Zodi; 2) als ‚Platzhalter‘ an éischter Posi-tioun (soss fält en ewech): Et ware vill Leit um Knuedler [gt] Vill Leit waren um Knuedler. – Dëse Platzhalter ass heiansdo obligatoresch, zum Beispill am pronominalen Aus-drock et/’t + een/keen: ‘t kritt een ëmmer seng -Aarbecht. Selbstverständlech ass ‘t d’Reduktioun vum onbetounten et an d’ass d’Kierzung vun engem onbetounten dat ass.

1 cf. d’Land vum 24.12.2010, 25.03, 08.04, 17.06 a 24.06.2011
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land