Kale Kaffi

De ganz normale Klengkrich

d'Lëtzebuerger Land du 24.02.2000

Si kënne sech nëtt leiden. Fannen een deen aneren zimlech domm a klengkaréiert, gëfteg a frustréiert, zevill arrogant a klugscheisseresch, zevill jonk oder zevill al. An awer musse se all Dag mattenee schaffen, sech all Moien ëm de Kaffi këmmeren a maachen, wéi wa se déi beschten Aarbechtskollege vun der Welt wieren. Wéi all Mënsch dat alt op der Aarbecht muss maachen. An awer geet guer näischt, well dat Gepiks a Gepéngechs, Gedirängels a Gestëppels ëm dei helleg Taass Kaffi moies ëmmer méi schlëmm gët an d'Ambiance op der Aarbecht futti mécht. 

Den Här Simmer, en zimlech onsympathesche Chef, fënnt dat vun deem Moment un nëtt méi witzeg, wou e mengt ze wëssen, d'Produktivitéit vu sénge Leit géng doduerch erof goen. Dat fanne Cheffen am Prinzip ni witzeg. Also léisst hie si kommen, bei sech heem esouguer, a späert déi siwe Leit einfach bei sech doheem an, zesummen mam Jim Arrot, engem Gruppentherapeut oder Kommunikatiounsiergendeppes, dee soll hëllefen, dass d'Leit sech emol eng Kéier gutt ausschwätzen an dono de Klima berengecht ass. 

Dem Jhemp Hoscheit sai Stéck Kale Kaffi ass ee Stéck iwwer de ganz normale Klengkrich op der Aarbecht - haut heescht dat Mobbing - an déi lächerlech Methoden vun esou Gruppentherapien. De Jim Arrot ass natierlech selwer nëmmen eng Marionnett, conditionnéiert vu sénge schéine Managements- a soss Strategien a mécht andauernd blöd "Übunge" matt de Leit, fir datt si sech emol ausschwätzen. An - dir hutt ët geroden! - ët stellt sech eraus, dass dee klengen Haass e bësse méi déif sëtzt ewéi esou. Do gi Wonnen opgerappt, Leit verléieren hiirt Gesiicht, an hiirt Seltstvertrauen kritt ee Knacks. 

Kale Kaffi erënnert virun allem un Top Dogs, dem Schwäizer Urs Widmer sai präméiert Stéck, dat déi lescht Saison gläich an zwou Versiounen zu Lëtzebuerg gewise guff. Och wann de Jhemp Hoscheit seet, e wier ët bewosst nëtt kucke gaangen, fir sech nëtt zevill beaflossen ze loossen. Méiglecherweis luch dat Thema jo och einfach nëmmen an der Loft, an enger Zäit wou och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit "um Büro" schaffen an esou Situatiounen op der Aarbechtsplaz alldeeglech sinn. De Jhemp Hoscheit krut fir säi Stéck den drëtten Präis vum Ugdas-Concours, an déi Escher Amateurtheatertrupp Liewensfrou huet sech ët dunn fir dës Saison erausgesicht. 

Kale Kaffi ass kee groussen Theater. Beileiwen nët. Mä ët ass eng Saach vun Ambitiounen: ët ass jo eigentlech bemierkenswert, wann eng Amateurtheatertrupp, amplaz déi éiweg nämlecht Duerftheaterstécker matt Quiproquoen a soss peinlechen Dommheeten, een neit an zaitgenössegt Stéck, vun engem liewegen Auteur, créeiert. Dat ass hinnen héich unzerechnen. An dass se probéieren, dat esou professionnell ewéi méiglech ze maachen - wéi zum Beispill matt engem richtegen Décor, een erdréckend, aseptescht Zëmmer, an deem alles ofleeft wéi an enger Dokteschpraxis. Oder matt engem professionnelle Regisseur, dem Jean-Paul Maes, dee sech konsequent matt Lëtzebuerger Theater ausenanersetzt ( wéi op séngem Festival zu Stengefort). 

Allerdéngs läit de Probleem vum Stéck ënner anerem beim Jean-Paul Maes: hie schéngt zevill ee grousse Respekt vrun deem Stéck oder séngem Kollegh Jhemp gehat ze hunn, an huet leider nëtt an deer zweeter Hallschent konsequent gestrach. Well déi éischt Hallschent huet ee gewessene Bëss, vill Humor, flott a séier Dialogen an eng Spannung, well ee sech permanent freet, wat elo geschitt, ween déi Leit sinn. Mais no der Paus gët dat alles einfach zevill moralesch, de gehuewene Fanger vum Schoulmeeschter Hoscheit zitt duerch, an e fënnt mam beschte Wëlle kee Schluss - déi Geschicht matt deer Schwangerschaft ass jo nett nëmme penibel, mä och nach matt den Hoer erbäi gezunn. Wann de Regisseur do e bësse méi rabiat gewiescht wier, hätt d'Stéck bestëmmt dobäi gewonnen, well esou hänkt ët do zimlech duerch.

An dann huet een d'Gefill, d'Schauspieler wieren e bëssen am Stach gelooss ginn. Esou ass d'Christine Durbach als pingeleg a steif Madame Hein zwar excellent - déi Kierpersprooch, déi Präsenz, déi Posch op de Knéien -, an de Mike Tock (de Stasch) oder d'Josiane Fritz (d'Madame Klätt) och duerchaus crédibel, mä den Ensembel als ganze rëtscht awer nach oft an déi klassesch Feler vun Amateuren of, den Text e bësselchen trapech virzedroen oder ze mengen, Agressivitéit wir Synonym vu Gebläers. Mä vlaicht gët och de Liewensfrou all Joer besser. 

Kale Kaffi vum Jhemp Hoscheit, inszenéiert vum Jean-Paul Maes a gespillt vum Escher Liewensfrou, gëtt nach eng leschte Kéier Samsdes de 25. Mäerz am Escher Theater gespillt, Ett wierke matt: Albert Federspiel, Monique Kayser, Josiane Fritz, Jean-Marc Calderoni, Marcel Heintz, Mike Tock, Britigge Bintz, Giny Laroche, Christiane Durbach a Raymond Lépine; d'Bühnebild ass vum Jeanny Kratochwil; Telefon vun der Theaterkeess fir Reservatiounen: 54 03 87 oder 54 09 16.

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land