Wat sinn dat fir Manéieren?!

Dicks-Lentz fir Sales-Lentz

d'Lëtzebuerger Land du 18.12.2003

Romain Hilgert

Wann no der belscher Revolutioun Léck oder Kueblenz en onofhängegen Nationalstat gi wär, hätten déi Leit misse matzen am 19. Jorhonnert eng Lécker oder Kueblenzer Nationalkultur aus engem Stee schloen. Ma et huet eemol net déi Lécker oder déi Kueblenzer, ma déi Lëtzebuerger getraff. An esou hunn am Jorhonnert vum romanteschen Nationalissem eng hallef Dose Spéissbierger aus där enker Festong an aus zwee Näschter iwwer Land eng Lëtzebuerger Nationalkultur erfonnt. Déi kulturell Hongerlidder hu misse mat de Reschter kachen: en Ziedel vum Grof Sigfrid, eng Schank vum Jang de Blannen, e Gedicht vum Lentz, e Kaméidistéck vum Dicks.

150 Joer méi spéit si se méi räich, ma net méi raffinéiert ginn. Si kënne sech elo deen deiere Millenärstheater mat enger bombastescher Bühnemaschinn leeschten. Ma an där riseger Illusiounstechnik hunn all déi bekannt Schauspiller aus den Asserance-Reklammen dee gréissten Duerftheater vum Land gespillt: Wat sinn dat fir Mannéieren!?

Geplangt wor Wat sinn dat fir Mannéieren!? esouguer fir d'Ouverture vum raffistoléierten Theater. Dofir wor dat Bescht vun der nostalgescher Nationalkultur grad gutt genuch: dem Briedemesser Schlasshär Edmond de la Fontaine seng nach zimlech biedermeierlech "Lokalpossen" vu klengen Handwierker, déi all fënnef Minutte lëschteg vu Bestuede sangen. Doraus huet de Kabarettist Jemp Schuster e Potpourri geschriwwen an inszenéiert. A wa se op d'Weis vu "Gëff mer eng Bees!" "Schéck mer eng Mail!" sangen, ass d'Lëtzebuerger Revue hannescht am 19. Jorhonnert ukomm. Et gouf wuel dorops spekuléiert, datt de Publikum vu Sales-Lentz sech mat Dicks-Lentz zefridde gët. Heizuland brauch jo keen ze wëssen, datt den Dicks zeng Joer nom Büchner gebuer a méi wéi 30 Joer nom Baudelaire gestuerwen ass.

Offiziell soll et drëm goen, datt fir d'Begriefnes vum Sprochmates aus dem Dicks senger Mumm Séis (1855) deem seng Duechter, dem Josy Imdahl seng Joffer Marie-Madeleine (1916), vu Paräis heem kënnt, an hatt dann am Joer 2003 vum Juechtpiechter Victor aus Op der Juecht (1870) an dem Buchbënner Papschossel aus dem Scholdschäin (1855) sexuell ausgenotzt soll ginn.

Och déi papeg Moral iwwer d'éiweg Hypokrisie vun de Leit mat Ausnahm vun de Kabaretiste kann déi Geschicht net zesummen halen, si kënnt an deenen zwou Stonnen einfach net vun der Plaz. Dofir ginn dann ganz lues a vollautomatesch déi schwéierst Kulissen hin an hir gerullt, gedréint, erop an erof gezunn wéi op enger Foire fir elektresch Garagepuerten. Och d'Paddy Freres, d'Mady Durer, d'Martine Meyers, d'Stéphanie Welbes, de Marc Olinger, de Christian Kmiotek, de Fernand Fox, de Claude Mangen, de Benoît Delvaux an de Serge Tonon mussen d'Zäit erëmkréien, andeems se éiweg laang Dëscher opriichten oder Zopp zervéieren. Déi eng kënne guer net sangen, déi aner verwiesselen Dicks mat Richard Wagner, an op CNN hu se dee Weekend gemellt, datt de Saddam Hussein gefaang gouf. 

D'Stéck gët net méi gespillt.

 

 

 

 

© 2023 d’Lëtzebuerger Land