Kritik vun Intra Muros, dem neie Buch vum Gaston Vogel

E Meeschter

d'Lëtzebuerger Land du 29.09.2023

Den Text vun deem Buch fänkt – kee Wonner – um Cover un an hält mat dräi sybillinesche Wieder op der Säit 219 op. Intra Muros ass den Titel, Laténgesch, wéi sech dat gehéiert, an dat soll dem gewéinleche Lieser soen: hei ass een, deen dech mathëlt an déi helleg Mauere vum Palais judiciaire, an den Otör verzielt hei Saachen, déi net public sinn, vläicht esouguer geheim. Do géifen engem direkt d’Schudderen ausgoen, wann net dee sous-titre do wier: „Grandeur et turpitudes au temple de Thémis“. O mei, wat heescht dat? Groussaarteg a schrecklech Saachen am Themis-Tempel, also am Tempel vun der griichescher Gëttin vun der Justiz. By the way: ech hunn déi Themis misste googelen, geleefeg war si mir net, 1 zu 0 fir de Maître Vogel ier et ufänkt, do schwätzt en antik schwéier gebilte Geeschtesritter mat mir klengem Vollek. E Gléck, datt et drënner buedemstänneg weidergeet: mat platter Lëtzebuergescher Pub: „Mat der Affär Bommeleeër“, liesen ech a freeë mech op Zockerbounen, déi de Justizinsider verziele wäert.

Fir d’éischt awer kréien ech Streech, a net ze knapps. An dat geet esou: Op den éischte Säite vu sengem Buch facht de Meeschter op d’Justiz, reprochéiert hir Arroganz ebe well se irresponsabel an indépendante ass an eng inamovibilité hätt, et wier e Krabbekuerf, eng hermetesch Welt an do géif eng esoteeresch Sprooch geschwat ginn. An da kommen d’Streech: d’Riichteren géifen ni vun der Press attackéiert ginn, den auto-proclamé quatrième pouvoir, d’journaille géif sech ëmmer op d’Säit vun de Riichter schloen, dee Wuechthond hätt eben Angscht et préfère fermer l’oeil, géif awer billen, wann et ëm Politiker geet, géif sech regaléieren um Dreck, deen et am Liewe vun Ugeklote ka ginn, wéinst dem Scoop: „Pour bien alimenter le scoop, le pire ne sera pas suffisamment pire“. Eng lénks, eng riets an eng matzen an d’Gesiicht fir d’Press. Dat op der Säit 25. Op der Säit 179 dréckt de Meeschter dann e Bréif of, mat deem hien de 27. Februar 2020 de Procureur opfuerdert, bei RTL eng Perquisitioun ze maachen, wéinst Reportagen, déi do gelaf wieren iwwer d’Explosioun um Schléiwenhaff. Zitat: „La défense Vous prie instamment de perquisitionner chez RTL et d’ordonner la saisie de l’intégralité des documents qui ont été exhibés lors du reportage d’hier soir.“ Ma villmools Merci fir déi Pressehëllef. Déi natierlech doduerch ze erklären ass, datt an deene Reportagen d’Ösling-Manöveren 1985 an d’Arméi erëm an d’Spill komm sinn – an dat passt der „défense de Scheer“ – wéi de Gaston Vogel sech am Buch nennt – prima an de Krom. Seng Theorie ass jo, datt d’Nato an d’Regierung responsabel fir d’Attentater sinn, an déi zwee Ugeklote Scheer a Wilmes sinn éischtens an iwwerhaapt onschëlleg oder allerallerhöchstens Lampisten.

A sengem Buch geet hien op verschidde grouss a kleng Affären an. Et geet ëm ganz verschidde Sujeten, emol kuerz emol laang traitéiert. Beispiller: verkoppelt Magistraten an Affekoten, d’Problemer mat den Experten, de geheime Casier, etc. Am Kapitel mam Titel „Affaires ténébreuses – les chancres“ geet et dann op honnert Säiten iwwer déi grouss Geschichten aus Kriminalitéit a Politik. Zwou Affäre liest ee mat besonnesch vill Interêt: d’Joerhonnert-Affär an d’Bommeleeër-Affär.

D’Joerhonnert-Affär nennt den Auteur „Affaire du Major R.“, obschonns jo jiddereen, deen sech vu no oder weit mat där Saach beschäftegt huet, weess, wéi de Mann heescht. Do huet de Gaston Vogel also en Anflug vu mënschlecher Diskretioun. Den R. hätt véier Joer laang um Grill gesiess an da kënnt e Lieblingssatz vum Vogel „Il était seul et eux étaient tous.“, dem R. säi Liewe wier brisé gewiescht. An une certaine presse wier dorunner mat Schold: „Pour la presse, le pire ne suffit pas, il faut toujors un pire de plus.“ Presse-Schelte alt erëm. D’Ofkierzungsmanie, déi sech sech duerch dee ganzen Text zitt, mécht deen zimmlech indigeste. Well sämtlech Nimm sinn ofgekierzt, och Magistraten a Politiker. Et liest een dat – et geet jo ëm Waffen, Drogen, Proxenitismus an Ecoutten – an et seet een sech no Lecture, dat do muss ech anzwousch anescht noliesen, et bleift hei obskuer – a wäit ewech, Gaston raconte Major R., Nee Merci, haut net a net esou. Schued, absënns och dowéinst, well et Leit gëtt, déi soen, déi Joerhonnert-Affär wier – Revanche an der Gendarmerie – d’Ursaach vun der Bommeleeër-Affär gewiescht.

Also eriwwer bei déi. Méi genee bei de Prozess vun den Ugeklote Scheer a Wilmes. Dee jo Enn Juni 2014 no 175 Sëtzunge gestoppt ginn ass an zanterhier op Fortsetzung waart. Do fënnt de Gaston Vogel am Dictionnaire net genuch Wieder, fir d’Resultat ze beschreiwen: „le plus grand scandale“, „honte“, „chienlit“, „désastre“, „banqueroute“. An d’Kapitel ass iwwerschriwwe mat „Tchernobyl judiciaire“, wat Blödsinn ass, well deen Nuklear-Accident d’ganz Welt interesséiert huet, iwwerdeems eis autochton Bomme vu ‘85 am Ausland kee Mënsch interesséieren. An dat ass net deen eenzege Fehler direkt um Ufank. De Meeschter schreift an der véierter Zeil vum Kapitel: „Depuis 36 ans on reste dans la case départ“, wat ganz einfach falsch ass. Zwar wossten se an der Gendarmerie ganz fréi, datt der vun hinnen un den Attentater bedeelegt hu misse sinn, mee de grand public ass eréischt am an duerch de Prozess gewuer ginn, wéi do an der Enquête geschafft, respektiv express schlecht oder net geschafft ginn ass – eng zweet Joerhonnert-Affär sollt verhënnert ginn. Dat wier bal gegléckt, wier d’Enquête ëm d’Joer 2000 net erëm opgeholl ginn an hätt et de Prozess net ginn. Deen ëmmerhin als Resultat hat, datt déi fréier Gendarmeries-Spëtzt – de fréiere Chef vun der Brigade mobile Bernard Geiben inclus – inculpéiert ginn. Dat ass weit ewech vun der case départ, wäit ewech leider och nach vun der case arrivée. An, géif d’Défense Scheer soen, nach ëmmer wäit ewech vun der Arméi, vun Nato, Stay-Behind a Gladio, wou d’Défense-Affekoten déi eigentlech Drotzéier vun den Attentater vermudden.

An deene 60 Säite stinn dann och all déi faméis Zitater, déi de Prozess geprägt hunn: dat vum Juge d’instruction Klein, dee sot: „Et ass eng Staatsaffär, déi net däerf opgekläert ginn“, oder de Saz vun der Riichterin: „Et ass alles schif gelaf, wat och nëmme konnt schif lafen. Et muss een unhuelen, dass dat gewollt war.“

Sengem e bëssen eelere Manuskript huet de Gaston Vogel nach e Kapitel Geiben bäigefléckt, also iwwer den éiwege Verdächtegen, elo eréischt Ugekloten, de fréiere Chef vun der Brigade mobile. Do geet et am wesentlechen ëm d’Bomm virum Palais de justice. Et ass déi vum Geiben-Frënd, dem Gendaarm Jos Steil orchestréiert Geschicht vum Ben, dee vu Bréissel erofkomme sollt, du net koum, dunn awer do war, dunn ass d’Bomm explodéiert an am Hannergrond huet de Srel observéiert an och net, an erauskoum – näischt. De Geiben ass den Dag duerno aus dem Haus vum Jos Steil, aus der Villa Chomé, erauskomm an ass mat ominéise Blummestäck heem op Bréissel gefuer. Dat alles weess een, well Press a Prozess geschafft hunn.

Dem Gaston Vogel säi Resümee vum Prozess ass interessant fir deen, deen en net suivéiert huet. Eppes Neies gëtt een net gewuer. Och net iwwer dee Geiben, deen ëmmerhi schonn am Februar 1987 als Redakter vun enger Stonn op RTL gefrot gouf, ob hien en Alibi hätt an dee schonn deemools – wéi op bal al Fro am Prozess – evasiv geäntwert huet.

De Gaston Vogel schreift an engem Tëschebilan, dat wat ee bis elo gelies hätt, wier nëmmen „une très faible partie de ce que constituera peut-être un jour la plaidoirie définitive.“ Plaidoirie also, näischt Objektives mä d’Défense, déi schwätzt. Wat och explizéiert, firwat stënterlech Référencen am Text stinn, mat deenen de Net-Jurist guer näischt ufänke kann, Jurisprudence-Arrêts aus Frankräich, wou et ëm d’Rechter vun der Défense geet, déi net dierfte violéiert ginn.

Datt hei e Jurist e Buch geschriwwen huet, dat mierkt een dann och u sengen Naupen. Virop u senge Latinismen: in situ, urbi et orbi, in articulo mortis, ad portas, ab initio, post festum – dat si nëmmen e puer vu vill méi Beispiller, wou de Kritiker vun der Justiz engem ze verstoe gëtt, datt hien ee vum Apparat ass.

Säi Favorit ass d’Wuert „chienlit“. Eleng am Bommeleeër-Kapitel kënnt et iwwer eng hallef Dose mol vir, duerno hunn ech opgehale mat zielen. En interessant Wuert awer, d’chienlit, dat kënnt aus dem Paräisser Karneval vu fréier, wat einfach heescht, datt een an d’Bett gemaach huet, chier en lit, an dat weist sech um Hënneschte vu sengem Kostüm. Den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer resüméiert déi miserabel Enquëte an de Prozess esou: d’Défense wier déi eenzeg, déi leide misst „de cette horrible, scandaleuse, indicible chienlit“ schreift hien, dee manifestement intra muros ass, en Insider, dee Kolleegen a Magistratur beetscht. A säi Buch hält natierlech mat engem Latinismus op, dräi Wieder: „Periculum in mora“, steet do, Gefahr im Verzug. Net fir d’Justiz, mä fir jiddereen, dee mat hier ze dinn huet, seet hien, deen zanter soixante longues années d’expérience au Temple de Thémis geschafft hätt. An de Gaston Vogel zielt och op, wien alles am Bommeleeër-Dossier scho gestuerwen ass, Gendarmeries-Cheffen, Zeien a Verdächteger. Mat e bëssi Optimismus, schreift hien, sinn all d’Prozedure vläicht am Joer 2035 erduerch, wëll soen an engem Moment, wou „tous acteurs et prétendus acteurs seront décédés.“ Säi Buch ass eng Manéier fir ze plädéieren, in articulo mortis, tempore ignoto, géif hien soen.

nico graf
© 2023 d’Lëtzebuerger Land