Pääsch Melba

Der Dout laacht sech kapott

d'Lëtzebuerger Land du 16.02.2006

Et hat gutt zwou Woche gedauert ier de Premier Jean-Claude Juncker am Numm vun der Regierung – an also och vum Justizminister Luc Frieden – gesot huet, et géing him Leed doen, dass beim Feier am Prisong zu Schraasseg e Mënsch em d'Liewe komm ass. De Justizminister hat virun de Kameraen de Pompjeeën an der Police Merci gesot fir hir Aarbecht, mä den Dout vun engem déboutéierten Demandeur d'asile war keen Thema. "De Luc Frieden war Méindes mëttes nom Feier bei mir am Büro, an e war enorm betraff, sot de Premier am Briefing nom Regierungsrot den 3. Februar. Déi Beschreiwung dass de Luc Frieden nët aus Fleesch a Blutt wier, déi stëmmt einfach nët!" huet de Premier sech demonstrativ révoltéiert. Esouguer d'Presse amie, d'Wort, hat eng Kéier e Leitartikel iwwer de Justizminister mat "Das kalte Herz" betitelt. Esou ass dat richtegt Liewen. E puer honnert Meter vun do ewech wou de Briefing ëmmer stattfënnt a vun do wou de Minister setzt, am Dierfgen, probéieren Theaterleit doriwwer de Spott ze dreiwen. Am Centaure spille véier Schauspiller den Ament dem Guy Rewenig säi lescht Stéck, Pääsch Melba – dat sech doduerch auszeechent dass et kee richtegt Stéck ass, mä aus véier kuerze Sketcher besteet, déi de Regisseur Paul Kieffer mat e bësse Fissell an engem Stéck Knätsch zu engem Stéck zesumme gebaut huet. An ee vun deene Sketcher, In der Tränenschule, geet eben iwwer dee Minister mam kalen Häerz, deen ni kräische kann. Dass déi "fiktiv" Figur Lukas Piess heescht ass keen Zoufall. Déi grouss Fro am Raum ass natierlech: fonctionnéiert et? Kann ee mat der pathetescher Zituatioun vun engem Mënsch ouni Häerz nach Theater maachen. An a fortiori Kabarä? Mee der Rei no. De Guy Rewenig an de Paul Kieffer schaffen nët fir d'éischt zesummen. Si hu schonn Niwwel iwwer der Biscaya zesumme gemaach, an dono Botz a Ventilator – woubäi déi zwee lescht Stecker dem Pääsch Melba och an der Form zimlech geglach hunn. Et kann een e puer Konstanten aus dem Guy Rewenig senge Sketchstecker erausliesen: seng Figure sinn dacks alleng, dacks um Bord vum Wahnsinn, oft gi se vum Liewen ugeschass an de politesch Lénksen Auteur spuert nët mat Kritik u gesellschaftleche Mëssstänn. Wat am Pääsch Melba nei ass, dat ass der Dout, dee permanent présent ass, d'Angscht vrum al a gagga gi schéngt hien ze beschäftegen, a besonnesch sinn d'Leit esou alleng a verlooss dass et bal wei deet. Also Klamere se sech un dat wat se hunn, eng stoffe Popp oder ee Ritual dat all Daach d'nämlecht muss sinn. De Kieffesch Paul kënnt aus dem Kino an de Lars von Trier schéngt e schei generft ze hu mat sengem Dogville an der peinlecher Anerweis fir duerch e puer wäiss Strécher um Buedem ze weisen, dass alles Décor, alles am Kapp vum Spectateur ass. D'Kinoskritiker ware skandaliséiert oder begeeschtert vum von Trier, just déi, déi schonn eng Kéier an engem Theater ware soten: "hey, du knäips, dat ass Theater!"  Dem Kieffesch Paul seng Mise en scène am Centaure kiert alles no baussen, weist d'Kulissen, de "Making of" souzesoen: d'Sonja Neumann setzt mat der Luuchtregie demonstrativ am Publikum, an der bloer Schipp, a muss alt emol dat eent oder anert op der Bühn flécken. D'Schauspiller di sech vrun de Leit anescht un, drécke selwer d'Décoren hin an hir, bis se op de wäisse Lars-von-Trier-Strécher caléiert sinn. An dat alles dauert an dauert, an ëmmer erëm spillt déi nämlecht Musek (Brazil), mä esou geet d'Zäit ëm. Och wann d'Gabrielle Seil an der Revue schreift, de Paul Kieffer géing ni eppes falsch maachen, sou gëtt et zum Beispill eppes zu deem schrecklech schappegen Décor ze soen: déi al Fotell an dee fuerchtbaren Dësch, an dee Kleederstänner sinn esou elle wei wann se esouguer an der Superdreckskëscht nët méi géingen ugeholl ginn. Dat ass Schued, well Theater ass och Ästhetik. Wann ee bis e puer mol déi superpoppech Décore vun der Compagnie vum Jérôme Deschamps an der Macha Makaïeff gesinn huet, déi jo och ëmmer aarmséileg an trauereg Gestalten inszenéieren, dann ass een dono natierlech glott. Wahrscheinlech ass et och eng Budgetsfro, dofir: gitt deene klengen Theateren dach endlech Suen, dass se kënne mat deene Grousse Schratt halen! Zréck zum Lukass Piess. De Jules Werner spillt de Minister deen net kräische kann – deen awer net nëmmen eng Parodie op dee Lëtzebuerger Modell soll sinn, mä op all ultrarepressiv Politiker den Ament an der Welt. Dee Minister hei probéiert alles fir ze kräischen, mä well dat näischt gëtt a keen Dokter him hëllefe kann, mécht en de contraire a gesäit iwwerall nëmmen nach den Ennemi, den Auslänner. Esouguer Päiperleke sinn Auslänner! Just hien, hien huet net duerfen en Auslänner sinn, dat hu seng Elteren him gesot wei en zéng Joer al war, an zanterhier gëtt en ëmmer méi haart a méi obsedéiert vun der Sécuritéit vu sengem Territoire. De Sketch ass op Däitsch, de Jules Werner huet däitlech erkannt, dass et seng Stärstonn ass an hien dréit fatzeg op, mä de Sketch ass einfach ze laang, e kritt keen Enn, a leider verléiert en doduerch och u Bëss.Les habitués (op franséisch) ass d'Geschicht vun enger Koppel (Jules Werner a Pol Hoffmann) déi all Daach em déi nämlecht Zäit an deen nämmlechte Café dat nämlecht drénke geet an nëmme keng Verännerung well. Leider ass de Sketch a senger Centaure-Versioun net traureg oder grotesk, mä zevill an d'Lächerlecht gezunn. Et feelt him u Rou oder Sproochloosechkeet. Am flottsten ass den Dialogue des Couilles, d'Geschicht vun enger Iwwersetzerin (Pat Wengler), déi en Däitsch-franséische Waffenhandel platzen deet, well se einfach eppes ganz aneres iwwersetzt wei dat wat déi zwee soen. Dat ass flott observéiert – wei dachs scho si Lëtzebuerger an der Vakanz oder esouguer op europäesche Sommeten zu Helde gi, just well se de Fransousen an deenen Däitsche konnten iwwersetzen? Och des Dolmetscherin ass ganz däitlech eng Heldin, de Sketch ass kuerz, séier a witzeg. Duerch dat ganzt Stéck erduerch gëtt ëmmer nees d'Madame Therèse (Chrëscht Rausch) ageblennt, eng al Damm, déi esou alleng an hellëflooss an hirer décker Fotell ass, dass se mat enger Popp schwätzt. E lauter Reesender komme laanscht – dorënner och dem Dout säin – an zeien der Fra de leschten Euro aus der Täsch. Hei fält besonnesch déi super Performance vum Pat Wengler op, dat hir e Luftbefeuchter undréit. Esou wei der Madame Therèse geet et sécher villen ale Leit. Dat ass dem Guy Rewenig hei am Pääsch Melba seng grouss Kaliteit: den Don, Saachen ze gesinn, sech och iwwer d'Cruauteit vum Alldag an dem Alter opzereegen. Leider si just net ëmmer ganz richteg Figuren aus Fleesch a Blutt doraus ginn an d'Produktioun verléiert sech hei an do am Klamauk.

Pääsch Melba vum Guy Rewenig, an enger Mise en scène vum Paul Kieffer, produzéiert vum Sonja Neumanm, mam Pol Hoffmann, Chrëscht Rausch, Pat Wengler a Jules Werner gëtt nach haut, muer, den 22. an de 24. Februar um 8 Auer an e Sonnden an den 23. Februar um 18h30 am Centaure am Dierfchen an der Stat gespillt. Reservatiounen iwwer Telefon um 22 28 28 ; Internet: ww.theatrecentaure.lu.

 

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land