Schrëftsprooch, Grammatik a Syntax

Dajee alt! Eis Sprooch verdéngt a ka méi

d'Lëtzebuerger Land vom 02.01.2015

Ech weess net genee, wou d’ Partikel dajee hierkënnt, hunn awer eng kleng Iddi dovun. Da + jee, den Imperativ Eenzuel vu joen / jeeën? Ech ka meng Hypothees net beweisen. Awer wat mech méi intresséiert, dat ass de Gebrauch vun der Interjektioun an der alldeeglecher Sprooch, apaart wa se mat enger anerer Partikel alt verbonne virkënnt. Da geet et dorëm, pragmatesch Diskurshaltungen a Gespréichsattitüden ze signaliséieren, déi theoretesch ganz schwéier si fir z’erklären. Ech gi mech also mat kuerze franséischen Iwwersetzungen an einfache Kontextsituatiounen zefridden.

Am Dictionnaire dico.lu fënnt een engersäits dajee, dat entweder mat 1. allez hop/ allez va (dajee, maach virun) oder mat 2. mais enfin / allons bon (dajee, elo hunn ech däers awer genuch) iwwersat gëtt. Mat alt dréckt dajee da méi eng konzessiv oder restriktiv Nuance aus: 1. Bon, 2. Eh bien. 3. Voyons. (Phraseologie, abeejo! dajee alt!: d‘Land 21.02.14). Do geschitt zum Beispill eppes, wat een net onbedéngt esou erwaart huet oder et héiert een eppes, op dat een net grad gefaasst war. Et ass een also iwwerrascht, erstaunt, wann net einfach paff ! Meescht awer, no kuerzem Nodenken, muss een zouginn, datt een dach, trotz Virbehalen, mat deem wat geschitt oder onerwaart virgefall ass, méi oder manner d’accord ass: Majo, wann et net anescht ass oder net anescht geet, dajee alt! Fréier hätten d’ Leit och méi restriktiv mengerwärreg gesot!

Do gëtt et haut, wat eis Sprooch ugeet, eng ganz Rëtsch Behaaptungen a Meenungen, deenen ee meeschtens mat engem skepteschen dajee alt kéint entgéinttrieden. Esou zum Beispill, wann een a geleefegen Interviewe mat ëmmer deenen nämmlechten allgemenge Froen d’Äntwert kritt, d’Lëtzebuergescht géif net verluer goen. Am Géigendeel wier et haut gefrot wéi nach ni.

Argumentéiert gëtt mat enger richteger dajee alt – Behaaptung: „Luxemburgisch als Schriftsprache erlebt einen ‘Boom’!“ liest ee schonn ëm déi 15 Joer laang a Studentenaarbechten vun den Universitéite Montpellier, Sheffield, Oslo an duerno och Lëtzebuerg. Freet een awer, wat an deem Saz mat Lëtzebuergesch a mat Schrëftsprooch ze verstoen ass, da vergeet engem séier d’ Begeeschterung. Eigentlech geet et nëmmen ëm d’Sprooch an deene sougenannten neie Medien (SMS, E-Mail, Facebook, Twitter), déi meescht – vun de luxemburgophone Jonken (wéivill Prozent sinn dat?) – op Lëtzebuergesch gehale ginn an enger ganz typescher Schrëftsprooch, déi méi zu enger voll Kierzunge getippter mëndlecher Face-à-face Sprooch gehéiert wéi zu enger eigentlecher Schrëftsprooch. Op dat elo e ‘Boom’ duerstellt, deen dem Gebrauch vun eiser Sprooch e formidabelen (bestëmmt quantitativen awer net onbedéngt qualitativen) Opschwong soll ginn, ass a mengen Aen guer net sécher. Bestëmmt ass et besser SMS-sen an E-Mailen op Lëtzebuergesch ze knetzelen, wéi d’Kommunikatioun an den neie Medien op aner Sproochen (Franséisch, Englesch, Däitsch) ze féieren. Datt dat psychologesch Virdeeler kann hunn, dat stëmmt. Et hëlleft ënner anerem d’Sprooch méi cool ze handhaben, sech lues a lues a besser un déi norméiert Schreifweis ze gewinnen an esou och warscheinlech d’ Liesen ze vereinfachen. Awer dat alles geschitt bestëmmt net automatesch. En einfacht ‘Droplassschreiwen’ (wéi et vun der Actioun Lëtzebuergesch oder vum Peter Gilles recommandéiert gëtt) ass sécher net datselwecht, wéi d’Akzeptéiere vun enger norméierter Schrëftsprooch, Grammatik a Syntax, fir déi ech mech ganz allgemeng asetzen. D’Gesamtzil ass et dach leschten Enns, d’Sprooch an der schrëftlecher an an der mëndlecher Kommunikatioun korrekt ze benotzen, an net nëmmen – egal wéi – a lückenhaften Deelsystemer Inhalter ze kodéieren an ze kommunizéieren. Dofir gi sozio- a psycholinguistesch Observatiounen a Rekommandatiounen net duer. D’Sprooch selwer als linguistescht System däerf net vernoléissegt ginn.

Dat ass och de Fall an engem anere Secteur, wou d’Lëtzebuergescht haut onëmstridden e wichtege sproochpoliteschen Opschwong erlieft (LL 15/08/2014). Nach ni sinn den Auslänner souvill Lëtzebuergesch-Course virgeschloe gi wéi haut. Dat stëmmt! Awer gëtt dat pauschal eiser Sprooch och dee grousse ‘Boom’, mat deem sech munech Assoziatioune bretzen? Abeejo, dajee alt géif ech do och soen – an direkt e puer Restriktiounen aféieren. A fir d’éischt emol, wat de Bilan vun all dësem kolossalen Effort vum Congé linguistique a vun de Lëtzebuergesch-Coursen uechter d’Land – besonnesch fir déi auslännesch Matbierger – ugeet. Och wann een a Kaf hëlt, datt e gewësse Prozentsaz (wéivill?) vun de Schüler, déi Lëtzebuergesch léieren, hir Coursen net ofschléissen an si schliisslech d’Sprooch ganz ënnerschiddlech léieren, da muss een dach zouginn, datt de wichtege Secteur vum Lëtzebuergechen als Zweetsprooch der Sprooch selwer als System net onbedéngt vill Neies bréngt. Eleng scho well als offiziell Grondmethod de Cadre européen commun de référence pour les langues vun 2001 ausgewielt ginn ass, dee méi op kommunikativen Aktivitéiten an ‘Tâchen’ wéi op Sproochstrukturen opbaut. Et kann een mat dësem Cadre européen nëmmen d’accord sinn, wann och déi sproochsystematesch Donnéeë mat agebaut ginn, wéi dat glécklecherweis an de pedagogesche Ressource fir eis Sprooch gemat ginn ass.

Luxemburgophone vu Geburt aus (ob Lëtzebuerger oder net-Lëtzebuerger-Staatsbierger) ginn et ëmmer manner. Déi lëtzebuergesch Sprooch awer, wann een der Press nolauschtert, geet quantitativ ëmmer erop (a warscheinlech bréngt déi zukënfteg Sproochefërderung an de Crèchen och en neien Elan). Awer wat fir eng Sprooch? Majo dajee alt! De Critère vun der zerstéckelter reduzéierter Schrëftsprooch an den neie Medien an an anere Minoritéitsberäicher ass keng Begeeschterung wäert. Eis Sprooch verdéngt a ka méi.

Ech fanne net, datt déi zerstéckelt Schrëftsprooch an den neie Medien iergend eng Begeeschterung verdéngt.

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land