Gaardebounen, Fierkelsjhelli an eng Jatt gekachte Kéis

De steiwe Buedem un de Schong

d'Lëtzebuerger Land du 20.01.2000

De Kapuzinertheater as struppvoll. Keen eenzege Stull méi fräi um Parterre. En as esou voll, wéi een ët a kénger franséischer an a kénger däitscher Theaterproduktiou fënnt, nët an engem Shakespeare an nët beim Racine, emol nët bei engem stacklëtzebuerger Rewenig oder Greisch, a scho guer nët bei enger e bësse méi gewoter, zaitgenössescher Theateropféierung. Nee, fir Gaardebounen, Fierkelsjhelli an eng Jatt gekachte Kéis as de Public ee ganz aneren ewéi soss am Theater, ët as e Mélange vun den treie Lëtzebuerger Revue-Kuckerten, déi nëmme kommen, fir ze laachen, an där, di kommen, fir dem Frank Feitler säi Winning Team Feit-Fox-Peiffer-Olinger op der Bühn a Bertucci-Mergenthaler-Pagliarini-Schuster op den Instrumenter ze erliewen.
An dat as wierklech ee Genoss: de Luc Feit wiisst an der Krawatten-Nummer iwwer séch eraus, gët zum absolute Komiker mat enger ausdrockststaarker Mimik a Kierper-sprooch, mam Marc Olinger leet en eng aussergewéinlech lëschtech Zwergennummer am Lidd vum „Lëtzebuerger Mann“ dohinner, datt de Public sech diebelt vu Laachen, an d’Josiane Peiffer (dat wierklech nët sange kann, sëff niewebäi bemierkt), bréngt schmasseg Lidder als Diva oder als „Mouni Mouni Mausekaz“.
De Leit geet ët oft schon duer, si nëmmen zu véier op der Bühn ze gesin, fir vu Begeeschterung ze quiitschen – an eiser Virstellung sutz iergendwou an der Mëtt eng Damm, där hir haart Laach de ganze Sall ugestach huet. An ët stëmmt, dass zum Beispill d’Kachkéislidd immens flott bruecht gët, esou populär an esou schéi breet, wéi ët eben och geduecht war.
De Mann niewent mer summt all d’Lidder haart mat, a konnt heiansdo esouguer e puer Stécker vum Text. Et wor de Mann vun der Éischter Hëllef, hien huet de Programm schon auswenneg kannt a goung eraus, wa méi laang kee Lidd koum.
Dem Pir Kréimer séng Texter sin nët reng. De PIK vun der Revue an den Auteur vum Sonndesstamminee op RTL Radio Lëtzebuerg, deen d’Vinsmoselle sponsert, huet d’lescht Joer séng 80 Joer gefeiert an as eng Zort Institutioun zu Lëtzebuerg, ee vun de ganz rare Membere vum Institut grand-ducal an esou weider. Je, ee Monument vun der Luxemburgensia. De Jong vum Duerf, „mam steiwe Buedem un de Schong“, wéi e selwer houferech schrouf, deen einfach nëmmen wollt probéieren, eng Grimmel op Lëtzebuergesch ze dichten, an ëmmer ganz einfach blouf, ni wollt grouss geéiert gin. Hie verkierpert „d’Stëmm vum klenge Mann“, duerch an duerch Lëtzebuerger, a rullt den R matt engem Genoss, wéi wann dat e Gebuertsschäi wir. Et war also viraus ze gesinn, dass esou ee Pir Kréimer-Owend en immense Succès kréich, well ët einfach d’Symbol vun der stacklëtzebuerger Kultur as.
A well déi aner Owender, déi de Frank Feitler esou mat Wierker vu Lëtzebuerger Auteuren zesumme gestallt hat – Auguste Liesch a Putty Stein – och schon esou ee Succès waren. Zu véier si si einfach gudd, a si hun eng Freed um Spillen, déi ee quasi spiirt.
An eigentlech hat déi Well vu Succèsen och schon éischter ugefaang, an zwar mat 7 Lëtzebuerger kréien de Karlspräis (Saison 97-98). Schon deemols hat d’Historikerin Marie-Paule Junglut am forum (n°183 vum Abrëll 1998) kritiséiert, dass dat Stéck esou onpolitesch wir, mat de Lëtzebuerger als Witzfiguren, déi soss näischt géngen duerstelle wéi topech Karikaturen. Deemols huet de Frank Feitler ebe betount, dass ët hinnen drëm gung, nët politesch ze sin, mä einfach nëmmen ze laachen iwwer d’Leit an hir Macken, iwwer de Staatsbeamten an de Bankemployé, d’Léierin oder d’Pensionärin.
An och dat geschidd erstaunlecherweis hei neess: de Frank Feitler mécht aus dem Pir Kréimer-Owend eng Serie vu Sketcher a Witzen, wou d’Equipp sech einfach nëmmen ameséiert. Wéi d’Revue, mä besser gespillt. Mat Kulturpessimismus a Politikverdrossenheet – déi do uewe maache jo dach, wat se wëllen – déi trotzdeem bei engem Homme de gauche wéi dem Frank Feitler erstaunen. Well de Pir Kréimer propagéiert eng Ideologie, dei nët ëmmer houferech mécht, Lëtzebuerger ze sin, verschloss op de schwéiere Buedem, vun de klenge Leit, déi sech ëmmer ugeschass fillen an denen „Décken“ ausgeliwwert sin, déi an der Klinik nët verstan gin, well d’Infirmièren dach kee Lëtzebuergesch kënnen. A sécher nët genuch Kachkéis iessen.
Mä vläicht hu si sech déi Froën nët gestallt, de Frank Feitler a séng Leit. Wahrscheinlech nët. Méiglecherweis wollte si just spillen, Theater maachen. Dat as Schued, well iergendwou huet Theater, hun Texter jo awer nach ee Sënn, ee Message. De Frank Feitler a séng Equipp schénge sech dees bewosst ze sin an ironiséieren d’Texter oft, droen déck op, maachen den Uz mat hiere Personnagen, deene schrecklech normalen Duerchschnëttslëtzebuerger. Dat gefällt de Leit, mä äntfert nët op all d’Froen, déi opgeworf gufen.
De Pir Kréimer-Owend Gaardebounen, Fierkelsjhelli an eng Jatt gekachte Kéis, zesummegestallt vum Frank Feitler, mam Josiane Peiffer, Fernand Fox, Marc Olinger a Luc Feit an de Museker Tony Schuster, Daniel Bertucci, André Mergenthaler a Luciano Pagliarini gët nach den 28. a 29. Januar am Kapuzinertheater gespillt an op Tournée iwwer Land, zum Beispill de 27. am Mierscher Literaturhaus.

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land