Pronomen

An owes hunn ech hir et erëmbruecht

d'Lëtzebuerger Land vom 29.01.2016

E puer Studenten hu mer matgedeelt, si hätte Schwieregkeeten, fir dat zesummenzekréien, wat an de Lëtzebuergesch Sproocherubriken (Schortgen, 2013) an an deenen zënterhier am Lëtzebuerger Land publizéierte „Zoomen“ iwwer d’Pronomen a besonnesch iwwer „hatt“ publizéiert ginn ass.

Dorop muss fir d’éischt emol geäntwert ginn, datt d’Texter (leider ouni Notten) am digitaliséi-erten Archiv vum Lëtzebuerger Land ze fanne sinn, an zweetens, datt et selbstverständlech méi einfach wier, wann de Site Bibliolux – Bibliographie zur luxemburgischen Linguistik (och iwwer d’Zoteroguppe) ëffentlech (wéi et sech gehéiert) op all Aarbechten iwwert eis Sprooch géing opmierksam maachen! Mä da bléif ëmmer nach den Haaptproblem: Beim Resuméiere vu nuancéierte Positioune däerfte keng Karikaturen entstoen!

Esou zum Beispill stëmmt et einfach net, wann de Pronom „hatt“ fir Fraen exklusiv mat der Oppositioun [+/- Respekt] (also pejorativ, diskriminéi-ert) interpretéiert gëtt oder mat der Präzisioun „sozial gleichgestellte/untergeordnete Person“ ersat gëtt. Den „hatt“-System fir Fraen, am Verglach mat dem „si“-System, ass net einfach eng mysogin, sexistesch diskriminéierend Praxis an en huet och am Fong näischt mat objektive soziologesche Gesellschaftsklassen ze dinn.1

Net exakt ass dann och eng zweet Behaaptung, datt déi Vollvariante vun de Personalpronomen (F. si, F. familiär: hatt/et, N. (sächlech) dat/et/‘t, M. hien/heen) ausschliisslech gebraucht ginn fir op lieweg Wiesen hinzeweisen: Mäin Haus, dat ass ze kleng ass grad esou richteg wéi Et ass ze kleng. – D’Scheier ass verbrannt. Si oder se muss nei opgebaut ginn. Eng Frequenzregel (déi dacks oder meeschtens stëmmt) däerf net als absolutt gëlteg Regel presentéiert ginn.2

Dat ass och de Fall, wann ee mam R. Bruch (Précis § 31, 2°) seet, den Dativobjet géing am Lëtzebuergeschen ëmmer virum Akkusativobjet stoen. „Diese Regel gilt ausnahmslos“, schreift de Wëssenschaftler, „selbst wenn das Akkusativobjekt ein Pronomen ist, steht es immer hinter dem Dativobjekt (im Gegensatz zum Schriftdeutschen)“.3 Beispill: Ech hunn der Nopesch d’Streckeisen erëmbruecht. Ech hunn der Nopesch et erëmbruecht. Ech hunn hir d’Streckeisen erëmbruecht. Ech hunn hir et erëmbruecht. Owes hunn ech hir et erëmbruecht.

De Bruch huet Recht: Dës Serialiséierung (Wuertstellung) ass charakteristesch fir d’Lëtzebuergescht an hänkt deelweis vun der Wackernagel-Positioun4 of. Se ass awer net absolutt: Mat voll ausgeschriwwenen definiten Nominalgruppen a mat der adäquater kontrastiver Betounung ass GN Akk > GN Dat och méiglech: Hien huet deen neien Auto sengem °Neveu geléint (an net sengem °Brudder – ° gëtt d’Betounung un). An souguer wann d’Objete Personalpronome sinn, fënnt een Pro Akk > Pro Dat: Hatt huet déi puer Bicher de °Kanner ginn. Also: Hatt huet se °hinne ginn.

Allerdéngs ass dann och meeschtens eng aner Struktur mat am Spill, déi vum logeschen Thema (Bekannten) a Rhema (Neien): Mir hunn déi Grompere (vun deene grad Rieds war: Thema) eise °Schwäi ginn (sougenannte Rhema, dat heescht den zousätzlechen informative Prädikat vum Saz) an net: Mir hunn eise Schwäin déi °Grompere ginn, wou de betounte Rhema déi °Grompere ginn ass.

Déi logesch Struktur ass u sech scho komplex genuch. Awer si kombinéiert sech nach mat de verschiddene Formen, déi voll kënne sinn oder redu-zéiert, respektiv klitiséiert, betount oder onbetount: An ech hunn hir °dat gesot; an ech hunn er et °och gesot – An owes hunn ech hir dat (= d’Streckeisen) e°rëmbruecht; an owes hunn ech er et e°rëmbruecht.

D’Personalpronomen sinn natierlech net déi eenzeg „Ersatzwierder“, déi am Lëtzebuergësche Serialiséi-erungsschwiregkeete mat sech bréngen. Den onbestëmmte Personalpronom een/keen (on/quelqu’un/personne; man/jemand/einer/niemand/keiner) a Verbindung mat engem kataphoreschen ’t/et steet ni an der Spëtzt vun der Ausso: Mamm, ‘t kënnt een. ‘t huet een ëmmer seng Aarbecht. Dat kënnt engem geleeën.

1 Cf. „De Pronom „hatt“ ass Neutrum, dofir awer net neutral“ (Zoom op d’Sprooch: d’Land, 31.01.2014). D’Zitat vun der referéierter Persoun hirem soziale Status ass vum Caroline Döhmer: Personalpronomen im Luxemburgischen. Paradigmen und Serialisierung (Internet). Zënterhier huet d’Damaris Nübling vu Mainz och meng Opfaassung vun „hatt“ a vum soziopragmatesche „Genderneutrum“ iwwerholl, in: „Between feminine and neuter, between semantic and pragmatic gender assignment: hybrid names in German dialects and in Luxembourgish“. In: J. Fleischer et alii (Eds.): Agreement from a diachronic Perspective (Berlin/Boston, De Gruyter Mouton, 2015).
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land