Wanter

De Sak amplaz eng Westminster

d'Lëtzebuerger Land du 25.01.2001

Zanter méi wéi 30 Joer stréckt de Greische Pol un enger laanger Geschicht. Vun Äddi Charel (1966) u verzielt de Staatsbamte Greisch d'Geschicht vum Lëtzebuerger Staatsbamten an dene gëllenen drësseg Joer nom Krich: Wéi en duerch séng Aarbecht sech selwer friem gët. Wéi en dovunner dreemt, fir aus séngem Liewen, dat him net gehéiert, auszebriechen. Wéi e just vum Dram ziert, well e weess, datt Dreem net an Erfëllong ginn. Wéi en näischt méi néideg brauch ewéi déi Sécherheet am Liewen, déi op em laascht ewéi Bläi. Wéi e sech mat klengen Obsessiounen dat Onverhofft an Ongewinnt vum Leif hält. Wéi emol net d'Wierder, déi e seet, him gehéieren, well se ëmmer eppes Anescht heeschen, wéi dat, wat hie mengt.

Fir dat alles ze weisen an ze soen, huet de Greisch am Laf vun de Joeren och eng apaart Sprooch entwéckelt, déi einfach wierkt an dach eng ganz spuersam, streng a genee Konschtsprooch ass. Mat enger Banalitéit, datt engem d'Schudderen ausginn, benotze séng Figure se, fir aus hire futtisse Gefiller auszebriechen. A si mierke just, datt et kee Versteesdemech gi kann. Esou messerschaarf schwätze se da laanschteneen, datt séng bescht Stécker absurd a realistesch, komesch an tragesch anengems ginn, ewéi soss keng an der Lëtzebuerger Literatur.

Wanter ass net méi d'Geschicht vun engem Bamte beim Staat, dee, wéi de Charel, mat Ufank 20 op de Biro koum, an deem säi Liewe vun do u mat alle Biennallen ofgeséchert wor bis a séng 5/6-Penzioun. Well de Greisch ass selwer zanter Joeren an der Penzioun, an ewell si mer an der Zäit vun der globaler Konkurrenz. Esouguer d'5/6-Penzioun ass ofgeschaf.

Dofir ass den Norbert Winter en Amplejéierten an enger privater Firma. Fuesdënschdes kënnt hien hannescht aus der Vakanz a kënnt sech ës am ganzen Trublement net zou, datt en entlooss ass, ewech rationaliséiert gouf. En huet déi Sécherheet am Liewe verluer, aus där dem Greisch séng Bamte fréier ausbrieche wollten.

Ma datt een de Sak kritt amplaz eng Westminster, ass fir de Greisch eng ongewinnten Zituatioun. An da konschtruéiert hien eng zimlech wënsch Geschicht, wou den Direkter an de Personalchef d'Zekretäri moudesch zwéngen, fir de Winter on-gerecht ze beschëllegen, hie wier u se gaang - de Winter kënnt nieft der Kapp (an hänkt sech am Originaltext esouguer op).

De Greisch leet déi Zituatiou schons streckeweis als absurd Koméidistéck un. Ma et feelt u Prezisioun an u Witz, fir datt et fonktionéiert, datt et net just wéi Topdogs fir Kasperleken ausgesäit. An d'Eva Paulin weess nach vill manner iwwer d'Konflikter an enger Anterpris. Dofir dréit si nach e Krack zou an inszenéiert d'Direktere vun der Firma (Serge Tonon a Daniel Plier) direkt als Drogemafiosi an d'Aarbechter (Mike Tock a Serge Tonnar) als topeg Kläpper. Am Neoliberalissem muss et iirgendwéi zimlech schro zougoen.

Och d'Frae si just verstëpste Stereotypen: d'Zekretärin (Fabienne Biever) muss als verschotert Playboy-Kannéngche ronderëm hopsen, an d'Madame Winter (Christiane Durbach) bleift déi brav an net ganz raffinéiert Hausfra, wéi de Greisch se am léifsten huet.

Esouguer de Jean-Paul Maes huet an der Titelroll keng Chance. Vläicht och well jiddereen zanter Jorzéngter esou un déi ganz virsiichteg a melancholesch Anerweis gewinnt ass, wéi de Greisch séng ege Rolle spillt a séng ege Sprooch schwätzt. Eng Sprooch, déi och ëmmer manner bei den Alter vun den Akteure passt. 

Do wou d'Stäärkt vum Greisch sénge Stécker dacks am Zécken, an de Widerspréch, an deem Onopfällegen a Rouege läit, kippt d'Paulin esouvill vun hirem grad esou iwwerdréinten ewéi langweilege Stengeforter Zodi an dem Dagmar Weitze hiren Dekor, bis d'Stéck drënner begruef ass.

 

Am Kapuzinertheater owes em 8 Auer nach de 27. Januar, 1., 2., 3., 8., 9. an 10. Februar. Reservatioun nomëttes iwwer Tel.: 22 06 45. Wanter koum zesumme mam Stéck Aarme Louder bei den Éditions Phi (Amphitheater 56) eraus.

 

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land