Op de Belval geplënnert… D’Escher Tageblatt ass net méi do wu et wuar !

An der Kanalstrooss

d'Lëtzebuerger Land du 09.04.2021

An der Kanalstrooss – a mëngem fréieren Esch dat ech als Kand esu gär hat, huet se iwrejens nach
Réidengerstrooss geheescht – steet d’Gebaï elo eidel a verlooss. Fir all al Escher ass et kaum ze glëwen, dass do wu während iwer 80 Joer dagdeeglech Generatioune vu Journalisten, Korrekteren, Sëtzer, Standardisten, Photographen, Karikaturisten, Zeileschreiwerten a Pigisten wéi an engem gëllege Beiestak aus an a geschwiewt sin a ërdeg geschafft hun, elo fir ëmmer Feierowend soll sin.

Virun e puer Wochen si mär béis erfouert, wéi mär vum Velo aus, dem Streff seng Plënnerleit gesin hu Bürosgemiwels, Archiven an aner Paperassen aus dem ieweschte Stack erofliften. Et wuar also ëpes drun un deem wat déi atitréiert lokal Mummentréischter noom Motto „hu där schon héieren…?“ seit Woche scho colportéiert a jiderengem an Esch verzielt hun, och deene déi et net onbedëngt wollten héieren.

Wéi mär eis dunn bei enger Sekretärin bannenan ëmfroot hun, déi scho seit Méint zesumme mat hire Kolleginnen daper d’Stellung gehal an dem Corona hanner Plexiglas getrotzt hat, wat da lass wär, huet déi eis ugekuckt wéi wa mär vum Mound kéimen a sot „ma wesst där dann nach net dat mär op de Belval plënneren, an de nächste Freiden ass hei Schluss. Da sin och mär fort a bewegen eis an d’Agence de Voyages op de Liberatiounseck“

Ah bon, soot ech dun, gid där dann elo an Vakanz, well – ënnert eis gesoot – där hätt et verdingt, oder huelt där ärch ëieren ee congé sans sold(e)…?

A wann’s de net gees, dann ass dat tatsächlech elo „La Dernière Heure“ vum „t“… hun ech bei mär geduet, ma neischt gesoot, sou hat dat mer Sprooch verschloen.

Als Escher Jong aus der noher Dicksstrooss wuar Tageblatt vu niwendrun net aus eisem Quartier ewegzedenken. Mär Bouewen sin do mat der Trottinette ronderëm gedüst, a wann Flèche du Sud, den Tour de Luxembourg oder de Grand Prix Hubert Clément do virun der Dier ukomm ass, wuare mär net méi ze halen.

Tageblatt’s Gebaï huet grad wéi „d’Ronn Breck“ Stadbild mat geprägt an de ganzen Quartier beliewt, a wuar iwer all politesch Consideratiounen eraus – hei geet et wuelgemierkt, em de „contenant“ a manner em de „contenu“ – eng Institutioun, ëpes wéi ee net wegzedenkend Monument, a fir vill nostalgesch Stackescher a Minetter, ee „repère visuel“ deen eis elo feelt.

Emsou erfreelecher stëmmt de „renouveau“ vun der „Maison du Peuple“ an der Other Strooss op der Guare, fir eis al nach ëmmer de „Pöpel“, alias de „Café Streik“ fir déi Jonk, vun deenen déi meescht nach bei kengem dierften dobéi gewiescht sin… De Café beim Emmel richt iwer, an de „Straby“ um „Deich“, dem Eck vum Gruew, wuaren fir d’Belegschaft awer dach direkt méi no. Do hun dann d’Journalisten gären eng schöpferesch Paus ageluet an de Stress mat ee puer Dikricher oofgebaut, an och d’Setzer hu sech do mat hinnen zesummen um Comptoir a ronderëm, gesëlleg nidergelooss. Och d’Fuesend guw joerelang an der selwechter Strooss, ënnert dem Motto „Zick-Zack am Kanal“ gefeiert a grad ewei „d’Frontière en Folie“ – wuelgemierkt net „en Fola“…, ee besje mei weit, op der Escher Grënz, heih gehalen! Gemitlech an typesch flott Wirtschaften vun deer Zort, an och wéi déi beim Jeannot um Brill an déi vun der Mme Nicolay an der Avenue, sin längst vun der Bildfläch verschwonn. „Kanner, oh Kanner, oh quel Malheur, mir mussen eraus aus der rue des fleurs“… kann een do nëmme soen.

„A propos“, virauser sin „entretemps“ och nach dem Danièle seng schéi Jardinière’s Blummen verblid – „un peu de romantisme dans un monde, par définition pressé“ – déi wiesentlech zur Verschéinerung vun deem Ganzen beigedroen hun. Tageblatt sëngerseits huet d’Blad gebotzt an d’„maison-mère“ sang a klangloss an eng nei Richtung, „plein axe“, mat dem Quotidien um “Holzebockel“ op de Belval a Richtung „Deitsch-Réiden“ verlooss. Am Platz mat dem Plënnerwon, wär dat mat dem Tonnar’s Jang sënger ugeduechtener Seelebunn – dem sougenannte „funiculaire farfelu“, déi him seit zwee Joer virschwiewt – wuel nach eng Grëtz méi fex gang.

An der Kanalstrooss awer bléist seitdeem ee kale Wand, ma mat den Autoen get nach ëmmer esu seier gerannt. Den elektrësche Barometer an déi konstant Auerzeit a rueder Schrëft sin hirerseits ausgeschalt an erlosch. D’Vitrinen ënnen drënner lanscht déi schéi Fassad mat de bas-reliefs vum Albert Kratzenberg, hänken elo eidel do, ouni déi alldäglech opgespëngelt Zeitungsseiten aus Pobeier op deenen een „t“ an de „le Q“ en passant liesen konnt. Dat fanne net nëmme mär dëck schued, well det bedéit alt erëm eng blann Fënster méi an Esch, an d’Enn vun enger aler hauseegener Traditioun. Et wuar net nëmme eng flott Gewunecht fir déi selleg presséiert a spuersam Lieser, ma doriwer eraus esou epes wéi ee leschten Vintage-Wall géint Virherrschaft vum „online“-Ondëng, mat där vrun allem déi méi jonk Semester esu gud eens schengen ze gin. Durch déi schwéier eisen Agangsdier mat deem geometreschen Dekor, déi och an deem rezenten a wertvollen „histoarchitekturale“ Guide vum Denis Scuto senger Equipe iwer Esch figuréiert – en echten, an och hoffentlech klasséierten „produit du terroir“ – géint déi een sech huet misse stëmmen fir iwerhapt an „t“ eranzekommen, an déi mat Karacho hanne widder geflun ass, wann een dén Dag „Päedsfleesch“ giess hat – pardon Yves… – sin am Laaf vun de Joerzengten nach eng weider lang Reih vun talentéierte Jounalisten mat enger gud-spatzer Fieder eragewëscht, déi all héi opzezielen ze lang gi wär.

Den Direkter Hubert Clément hu mär net méi perséinlech do gesin, ma just séi Büst a Bronz deen déi gestresste Schreiwer um Wee an déi elo vereinsamt Redaktiounsréim begleet huet. Déi al Genossenschaftsdrëckerei, io, io, sou huet déi geheescht, an där a vergangenen Zéiten progressiv Publikatiounen ervirgungen, mat virob der Arbecht dem Organ vum LAV, esou wéi ënnert villen aneren, ee schéint Buch iwer den Albert Simon, heescht elo „Edit(h)press“, an ass scho seit langem op de sougenannte „Sommet“ geplënnert. Och wann d’Zeitungswiesen sech heizuland wéi an der ganzer Welt allgemëng leider net méi um Top befënd, ma anerseits – et bleiwt ze hoffen – nach längst net am am Keller dierft sin, ass de Numm vun deem site kee schlecht Omen fir d’Zukunft vum „t“. Erfreelech ass et, wann et da schon huet misse si, dat „t“ net an eng x-beliebeg steril Industriezon geplënnert ass, a siew et och nëmmen op dat eis esou noot „Monner-Esch“, ma op de „site“ vun der Belvaler Schmelz! Trotz dem, fir eis perséinlech ëmmer nach sentimentale Verloscht vum gewinnte Sëtz, besteet do ee symbolesche Lien zu deem wat „ t“ wuar, an hoffentlech nach weider bestrieft ass ze sin, esou dat d’Identitéit erhalen bleiwt! Eng Zeitung matten an Esch a no beim Vollek, get et awer trotz allem nach, an zwar an der Zenon Bernardstrooss, op enger Adress et keint net besser sin a passen, net weit vun der Post a quesch eriwer vum Café „beim Anita“ fir Kaffispaus, um Eck... Do hält den Ali Ruckert mat senger „garde rapprochée“, daper a verbassen Stellung a get de Klassekampf net op.

De Bleisatz, dat wuar zwar „Steenzeit“, ma dach eng schéin Zeit, wat awer haut genau wéi virgeschter, a fir Zukunft gëlt a net geännert huet, ass nirwt dem Kaffissatz am Gobeli aus dem Automat, deen onermidleche, alldeeglechen Asatz op der neier ongewinter Platz zu där den Teletravail den Iwergang dierft fir muncher een net esu brüsk an vleit e besje méi licht gemeet hun. Anerer, déi bal schon zum Inventar geheiert hun, wéi ee seet, guwen mat enger Tréin am Knapplach matgeplënnert oder gungen a Pensioun. Eier mär Blad gedréit hun, an erëm dach ee besjen traureg an de Suedel geklomme sin, hu mär eis en Herz geholl a sin mat der Nues ganz no erugang, hun d’Hänn séitlech lanscht de Kapp gehal, an virwëtzeg vu baussen an d’Déischtert eragelust fir eis ze vergewësseren, an tatsächlech, och do wou Agnès joerelang sutz, ganz lënks vir am Eck, do lung elo een futissen Pobeierkuerw ëm, an dernieft, e midden Bürosstuhl op der Kopp.

Guy van Hulle
© 2021 d’Lëtzebuerger Land