Déck Frënn

La Comédie Inhumaine

Op méi wéi honnert Säiten vu guddem Pobeier an am Faarwdrock presentéiert dëst Buch sämtlech BDën aus der Zérie Déck Frënn vum Skif a vum Dresch, déi tëscht Januar 2019 an Dezember 2020 am Lëtzebuerger Land erauskomm sinn. Et ass den éischden Deel vun der Zérie, déi am Land fortgesat gëtt. De Skif (Moe Skifati, Zeechnungen) an den Dresch (Jacques Drescher, Szenarioën) wennen sech der Aktualitéit am Grand-Duché zou a verzielen eng "Comédie Inhumaine" vum politesche Liewen.

Fir dass d'BDë sech gudd a Relatioun mat der respektiver Aktualitéit setze loossen, sti se am Buch an der chronologescher Reiefolleg vun hirer Publikatioun am Land, mam Datum vun der Publikatioun. Uewen op all Säit ass eng Bande mat de Käpp vu Poltikerinnen a Politiker, fir dass keen vergiess gëtt. All Exemplaire leit e Marque-page bei, deen illustréiert ass. 

Éditions d'Lëtzebuerger Land, 2022

A Lëtzebuerger Sprooch. 104 illustréiert Säiten, Format 215 x 255 mm. ISBN 978-99959-949-9-0

Preis 35,00 €