Zoom op d’Sprooch

W … an D … als Relativpronomen

d'Lëtzebuerger Land du 05.08.2016

D’Kapitel vun de Pronomen ass an eiser Grammaire eent vun den schwéiersten, well se kee formelle homogene Grupp bilden, dofir awer dacks Proformen (Vertrieder, Ersatz) genannt ginn. Syntaktesch verhält sech een Deel dervu wéi Nominalgruppen (d’Personalpronomen: ech, du, hien/si/hatt) oder wéi deklinéiert Determinantien (Aleeder, Begleeder, Determinativen) vun Nominalgruppen: deen, eent, mäint, dëst. Bestëmmt Klasse vun Elementer sinn och onverännerlech: Adverben/Partikelen (wou, wuer, wéi, wéini). Wat aus de Pronomen een homogene Grupp mécht, ass also net hire morphosyntaktesche Statut (deklinéiert ↔ onverännerlech), mä déi semantesch Hiweisfunktioun vun autonomen Ersatzwierder, déi ëmmer och syntaktesch Gruppe bilden1.

Semantesch hunn d’Pronomen ee gemeinsame Punkt: 1) iwwer grammatesch Indizien hunn se eng éischt direkt Hiweisfunktioun op verschidde Kategorien, 2) an dann, iwwert de Sproochekontext oder d’Kommunikatiounssituatioun, en zweeten nëmmen indirekten Hiweis op eng Referenz, Realitéit oder Entitéit. Déi indirekt Referenz (désigné) vum Pronom ech zum Beispill ännert sech mat jiddem Spriecher, mä déi abstrakt kategoriell Bedeitung (signifié) ass déi vun der Partnerroll „Spriecher Singular“: si léisst sech mat Semen (semantesche Proprietéiten) beschreiwen a presentéiert meescht verschidde Paradigmen (betounter a klitesch-onbetounter, zum Beispill du/de) kombinéiert mat soziale Gebrauchsweisen, wéi de Si- an Hatt-System fir Fraen, d’Dierzen an d’Duzen.

Jee no de Klassifikatiounskritère ginn d’Pronomen a referenziell Realitéitsklassen agedeelt: Mënschen, Net-Persounen (Saachen, Eegeschaften, Qualitéit a Quantitéit, Ëmstänn). Jee nom Kontext sinn d’Pronomen ondeterminéiert oder bestëmmt (definit, demonstrativ, possessiv). Elementer mat „w“ (zum Beispill wien, wat, wou) si per se onbestëmmt (kontextuell awer definit oder indefinit), Elementer mat „d“ si bestëmmt: woufir/firwat sinn onbestëmmt, dofir/fir dat definit.

Zwéi weider Klassifikatiounscritère sinn nach wichteg fir d’Pronomen. Engersäits de Kommunikatiounsmodus (traditionnell si wien, wat, wou, wouhin(ner), wéi interrogativ respektiv exklamativ, dat ass deklarativ) an anersäits d’Relatiounen (déi phoresch Verkettung vun de Bezuchspunkten a Pronomen) an engem Text: Hiweis op d’Kommunikatiounsrumm (exophoresch: zum Beispiell deen hei[ten], deen do[ten]), op de Virtext (anaphoresch: déi Fra, déi…/si…, d’Clemence, dat…/hatt…), op en Antezedens (zum Beispill relativ oder reflexiv: Kanner, déi sech streiden), op en Notext (kataphoresch: Dat Schéinst, dat/wat ech hunn), op e Besëtzer (Dem Lill säi Mann). Heihi gehéieren d’Relativpronomen.

Meeschtens gëtt de lëtzebuergesche System vun de Relativpronome beschriwwe wéi wann et dee-selwechte wier wéi dee vum (Héi-)Däitschen. Do ass da rieds vun den „normalen“ Relativpronomen mat d- a vum Gebrauch vu wou mat lokalem Kontext: Ech sichen en Hotel, wou Hënn erlaabt sinn, mat zäitlechem Bezuch: an enger Zäit, wou alles séier geet, metaphoresch2: Et gëtt vill Fäll/Equipen, wou dat esou ass. Cf. och d’Prepositionalgruppen wouran/wueran, woufir, wouduerch. Awer: wou kënnt am Lëtzebuergeschen net nëmme mat Antezedenze vir fir Saachen (Texter, wou mer gelies hunn), mä och fir Mënschen (Jong, Meedchen, Leit: Ech wënsche mir e schéine Mann, wou mech ka frou maachen.)

D’Caroline Döhmer (infodesk, Uni Lëtzebuerg: Pronomen déi oder wou?) mengt, datt et ville Leit kal de Réck géif eroflafen, wann se esou Sätz liesen. Mä bedeit dat net, datt an eiser Sprooch vun haut am Gebrauch vun de Relativpronomen net nëmmen, wéi d’Doktorandin et implizéiert, een ideale System – den däitschen – funktionéi-ert, mä op d’mannst zwéi Systemer: een, deen ze vergoe schéngt, an en aneren, deen sech ëmmer méi dem däitsche Pronomsystem upasst? Am Lëtzebuergesche ginn et nämlech dräi Zorte vu Relativverbalgruppen, an an där Typologie ass de System mat w-Formen a sech ondeterminéiert an dee mat d-Formen definit.

Fir d’éischt hu mer déi definitoresch Relativverbalgruppen mat enger Nennungsfunktioun. Mam W-Pronom sinn et allgemeng Definitiounen: kontextuell awer kënnen se op eng Essenz oder op „eppes Aktualiséiertes/ Existentielles“ hiweisen: Ech héieren, wat s de sees. Wat ech hunn, wëll ech mat dir deelen. Wie mech net gär huet, soll mech klibberen. Wou de Peffer wiist. Mat D-Determinantie ginn déi Relativsätz kloer bestëmmt: Ech héieren dat, wat s de sees. Dat wat ech hunn, (dat) wëll ech mat dir deelen. Dee mech net gär huet, (dee) soll mech klibberen. Do wou de Peffer wiisst.

Am zweeten Typ vu Relativsätz – op däitsch weiterführende Relativsätze – kommen nëmme W-Pronome vir. Am Fong geet et ëm en textuelle Verknëppungsprocedé, deen eng logesch Koordinatioun enthält: Ech musst oppassen, datt dem Kandidat net geschuet géif, wat och de Fall war a woufir e mir Merci gesot huet. D’Ersetze vum W-Pronom duerch an + D-Demonstrativ beweist, datt d’Verknëppung aus enger Anapher an enger logescher Verbindung besteet: an dat war och de Fall, an duerfir huet e mir Merci gesot.

Anaphoresch ass och de Relativpronom an der drëtter Zort vu Relativsätz, déi Member an Nominalgruppe sinn: de Relativpronom am Relativverbalgrupp evozéiert eng zweet Kéier déi semantesch Entitéit vum Antezedens. D’Forme vun de Pronome sinn divers. Semantesch huet d’Antezedens vun de meeschtgebrauchten definite Relativpronome mat d- keng Restriktiounen: Hënn, déi bäissen; Leit, deenen ech gehollëf hunn a vun deene keen do war.

Déi allemeng W-Pronomen awer si begrenzt: wat funktionéiert fir d’Essenz no enger Rei vun Determinantien oder engem Adjektiv am Superlativ: dat, wat, alles/allerhand wat. Dat Schéinst, wat Mënschenae gesinn hunn. – Wou anaphoriséiert ee lokal-zäitlechen oder metaphoreschen „siège du procès“: Et gouf Stied/ Zäiten, wou et méi schro war. Dat Haus, wou mer dra wunnen. – Déi aner Relativverbalgruppe mat engem W-Pronom, als Member vun enger mënschlecher oder sächlecher Basis, gehéiere fir mech zum vereelzte Pronomsystem: D’Souen, wou op der Bank leien. Ee Jong, wou mech ka frou maen. – Oder d’Anaphoriséierung mat wat leeft méi iwwert d’Weltwëssen wéi iwwer déi (korrekt) grammatesch Kategorien: e Bauwierk, wat acht Millioune kascht; E Kand, wat de Ball wollt siche goen, ass ugestouss ginn; Meng Ex-Fra, wat 5 000 Euro verdéngt (Framënsch ass Neutrum) (cf. och: Dunn huet e gefrot, wéi bréngen ech deem Kand bäi, wéini en „hatt“ a wéini e „si“ seet: Genus ↔ Geschlecht).

1 Cf. Schanen, F.; Zimmer, J., Lëtzebuergesch Grammaire (2012), Kap. 19, §§262 ss.; Lëtzbuergesch Sproocherubriken, Nr. 71:  „Pronomen: Ersatzwierder“ an Nr. 72, 76, 77 (wat), 78 (wou), 80, 82, 98. An der franséischer Traditioun ginn déi deklinéiert Determinantien (also déi net autonom Elementer) net als Pronom bezeechent (cf. Lëtz. Gram., Kap. 15, §§ 170-206).
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land