Mammuthus Exilis

Mythologien

d'Lëtzebuerger Land du 26.06.2008

Ett ass d’Geschicht vun engem Typ, dee seng Deeg am Murkstrikot um Kanapee vergammelt an, wéi ongeféier all zweet Krunneméck, déi ech kennen, versprécht, hie géng elo „de Joerhonnertroman“ schreiwen, „da kann den James Joyce sech tessele goen“. Liicht megaloman an total am falsche Film. Ëm déi 40 gi se all geckech, och d’Männer: déi eng verloossen hir Fra an d’Kanner a fänken un, Marathon ze lafen, déi aner hänken nach ëmmer an der Pubertéit an, obwuel se zwar grad zanter e puer Méint net méi bei der Mamm wunnen, leie se eeben der Frëndin op der Täsch an dreeme vum Che an dem Rudi Dutschke, déi se natierlech zu Liefzäiten ni kannt hunn. De Bip ass ee vun der zweeter Zort, ee richtege Looser, e bëssen den Escher „Dude“ Lebowski, just dass en emol ni bis op d’Stooss geet.

De Bip ass d’Haaptfigur aus dem Jérôme Netgen sengem éischten Theaterstéck Mammuthus Exilis, dat dëser Deeg zu Esch an der Kulturfabrik uropgefouert gouf. Iergendwei huet de Bip eppes Sympathesches – säi Sarkassem, säin Humouer, seng Beschreiwung vun all deem, wat en an der moderner Facebook-Event-Welt haasst – an an engems eppes schrecklech Nerveges u sech: dee Kulturpessimissem, dat Gemeckers déi ganz Zäit, déi pubertär Reflexer a Spiller mat sengem Saufkumpan Alviss, dat Gehouschts iwwer säi Genie a seng brilliant politesch a litteraresch Bildung, wéi wann hien an engem Otemzuch mam Lacan an dem Spinoza misst genannt gin...

Mammuthus Exilis – als Referenz un eng Zort Mammuther, déi sollen op eng Inselgrupp bei Californie geschwomm sinn an sech do den Emstänn ugepasst hätten, also méi kleng guffen, nëmmen nach annerhallwe Meter, fir ze iwwerliewen – ass e Stéck iwwer Desillusioun, iwwer Idealer, déi iergendengkéier an der leschter Fläsch Béier ënnergaang sinn, mais och iwwer eng Generatioun, déi vum Auteur, déi ze spéit gebuer guff, fir Mee 68 an déi mouvementéiert 70er Joere matzemaachen, mais ze fréi, fir säi Gléck alleng am Weeweewee an der globaler Kommunikatiounswelt ze fannen. De Bip gehéiert zu deenen, déi sech net wierklech mat den hippen Disco-Glitter-80er identifizéiert hunn. Also dreemt hie vu re­volutionnären Zäiten a politeschen Helden, déi et esou ni guff. Alles dat notéiert en a sengem Moleskine, déi anti-iBook-Heftecher, déi jiddereen, dee wëll arty sinn, ewell a sengem Paltong oder senger falscher Pradasposch muss stiechen hunn.

De Jérôme Netgen huet bestëmmt och esou ee Moleskine. Dee joerelaange Kulturredakter vum Tageblatt a rengen Observateur vun der lëtzebuerger Séil, dee sech elo erëm on­ofhängech gemaach huet an am Theater- a Kulturberäich, notamment als Programmateur an der Kulturfabrik schafft, huet bestëmmt iwwer all déi Joeren Note geholl mat Sätz an Ideen, déi em esou agefall sinn. An esou erënnert säi Steck e bëssen un e „best of“, eng Pärelskette vun Zi­tater, Referenzen, Witzer a Bonmots – wéi dacks en éischt Wierk, d’ailleurs. Dat ass ganz flott, villes ass gudd fonnt, wéi déi genial Beschreiwunge vu senger Generatioun – et ass iwwregens interessant, dass dëst Stéck quasi paralell mam Fabienne Biever sengem Mama Bumba..., am Kasemattentheater, gespillt guff: d’Lie­wen an d’Dreem vun engem Baljongesell an déi vun enger allengerzéiender Mamm vun zwee Kanner sinn net déi selwecht –, mais iergendwéi feelt ett e bëssen u Geschicht an un Déift vun de Figuren.

Et geet ëm Gammelen, ëm Kanapeespartyen an ëm Onversteessdemech vun der Welt, an esou geschitt soss näischt an et versteet een och net wierk­lech, wat dei verschidde Personna­gen mateneen ze dinn hunn: de Bip (Marc Baum, excellent hei am Murks­tricot) an den Alviss (de Jean-François Wolff, as himself, just op Lëtzebuergesch), okay, dat si bescht Frënn, déi Superbock drénken an d’Welt verbesseren. Mais d’Viv (Mireille Wagener, dat nach ni esou gutt war ewéi hei)? Hatt ass hipp, hatt gesäit gutt aus, hatt schafft an der Pubsbranche, telefonéiert di ganz Zäit mat senger beschter Frëndin a geet owes mat de Leit vun der Aarbecht op den Tour: wat der Däiwel mécht hatt mam Bip? Firwat fiddert hatt deen duerch an erdréit säi Chaos? An op eemol trëtt och nach d’Julie (Rosalie Maes, en neit Gesiicht, dem Jean-Paul Maes seng Duechter) do op: hatt soll de Jonktem sinn, studéiert Film, allerdéngs wieren net d’Wachowksi-Bridder mais den Jonas Mekas säi Virbild? 

Dem Anne Simon, dat ongeféier hallef esou al ass wéi de Jérôme Netgen an op eemol, ratsch, einfach esou do war an der Lëtzebuerger Theaterszeen, ass et awer gelongen, fir d’Stéck zesummenzehalen, dank senger ganz dynamescher Mise en scène, déi total zinemathografesch ass. Do gëtt et ee Sound­track mat Wuppes, vun Underworld bis bei Miss Kittin, an e Stéck Niewebühn, dat de Subconscient, d’Gedan­ke­welt vun de Schauspiller duerstellt. Esou kann hatt op verschiddenen Nivoe schaffen a mat ganz kuerze „Cuten“ a Champ-Conterchamp Vitesse erakréien. Esou dass déi annerhallef Stonn vum Mammuthus Exilis wierklech flotten, gehuewenen Entertainment ass, en zaitgenösseschen Theaterowend, wou ee vill ka laachen, an deem ee besonnesch dankbar ass, dass en haut an hei spillt, mat genee deer Dosis Understatement, déi et brauch. 

Mammuthus Exilis vum Jérôme Netgen, inszenéiert vum Anne Simon, Bühn: Do Demuth, mam Marc Baum, Rosalie Maes, Mireille Wagener a Jean-François Wolff guff vun Independent Little Lies, der Escher Kulturfabrik an dem Centre des arts pluriels vun Ettelbréck koproduzéiert. Et gëtt nach zweemol am Cape gespillt, an zwar den 3. a 4. Oktober; Telefon fir Reservatiounen: 26 81 21-304

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land