Pronomen

Ersatzwierder

d'Lëtzebuerger Land du 02.12.2010

Dir hutt et bestëmmt scho selwer an Uecht geholl: D’Grammatiker vum Lëtzebuergesche sinn heiansdo – wéinstens terminologesch – domm drun. Och wann Dir iwwerzeegt sidd, datt déi Leit, déi eis Sprooch wëlle léieren, onbedéngt musse praktesch bleiwen an trainéieren, dann ass d’Schwieregkeet dach, datt, an eiser Linguistik, vill sproochlech Phenomener inadequat beschriwwe sinn. Deene meeschten Amateuren, déi sech dofir intresséieren, feelt jo och déi noutwenneg Formatioun an déi néideg Fachterminologie. Dës ass dann och dacks – an dat mécht d’Saach net méi liicht – méidäiteg. Pronom (Plural: Pronom-en, fr. pronom, dt. Fürwort) ass esou e Begrëff, och wann haut meescht dee méi breeden Term Proform (= Vertrieder, Substitut, Ersatz) dofir gebraucht gëtt.

An der geleefeger Grammaire – dat wësst Der jo – ginn d’Pronomen zesummen an engem heterogene Wuert­aartkapitel presentéiert, dat awer a méi moderne Gruppegrammatiken erëm op verschidde syntaktesch Phrasen opgedeelt gëtt1. Ganz naiv ass näämlech d’Opfaassung, datt d’Prono­men nëmmen Ersatzwierder fir Nomina (= Substantiven) wieren. Am Saz: Wann hatt zefridden ass, da sinn ech et och, steet hatt zwar fir e familiär behandelt Framënsch, awer de Pronom et weist (als Anapher oder Rappelzeechen) op de Sënn vum prädikativen Adjektiv zefridden hin. De Pronom ech steet och net fir de (Vir- oder Familien-) Numm vum Spriecher: ech soen an der 1. Pers. Sg. ass formell net datselwecht wéi déi 3. Pers. Sg.: den FS seet. Ech referéiert op d’Spriecherroll am Kommunika­tiounsakt. Iwwregens weisen d’Prono­men näischt, eppes, wat, wou, wann, wéi och net einfach op Nomina hin. Eischter sinn et Hiwäis op indefinit Ëmstänn, déi a verschidde formell a semantesch Klassen kënnen agedeelt ginn. Wann et also dorëm geet, eng kohärent Grammaire opzebauen, da muss d’Kapitel vun de lëtzebuergesche Pronome bestëmmt – och ouni Hoerspléckerei– nei organiséiert ginn.

Dofir ass prinzipiell eng éischt terminologesch Entscheedung noutwenneg. Wéi an der romanescher Grammairestraditioun sollten nëmme Pronom genannt ginn, déi Elementer, déi eleng (= autonom) als Syntagma funktionéieren. Ausgeschloss sinn also vu vireran Artikelen, wéi déi betount demonstrativ deen, dat, déi, deem, deenen an adjektivesch Determinativen (= Determinantien), wéi déi demonstrativ dësen / dës / dëst / dat … (hei / do) oder déi possessiv mäin, däin, säin, meng, deng, seng, eis, är, hir. D’Artikelen an d’Determinativen sinn net autonom. Si leeden Nominalgruppen an, déi se an de Ko- oder Kontext situéieren. An der däitscher Grammatikstraditioun ginn dës ‚Begleeder‘ vum Substantiv och Pronom genannt, hunn awer net ëmmer déiselwecht Form wéi déi autonom Pronomen: Mäi (= Artikel) Kand ass doheem. A wou ass dann däint (= Pronom)? Fir d’éischt gëllt et also dës ‚Aleeder‘ vum Nominalgrupp vun de Pronomen z’ënnerscheeden.

Formell verhalen d’Pronomen sech ganz ënnerschiddlech: déi eng ginn deklinéiert, sinn also Nomina, Adjektiver; déi aner net, sinn also Adverben. Morphologesch gehéieren se a verschidde Wuertaarten oder Phrasen. Semantesch hunn se awer e gemeinsame Nenner. Si weisen nëmmen indirekt – iwwer de Kontext oder en anere sproochlechen Ausdrock – op eng Referenz (Realitéit oder Entitéit) hin. Déi indirekt Referenz vun ech ännert sech mat jiddem Spriecher. Dat anaphorescht et, dat am Beispill eng zweet Kéier de Prädikat zefridde sinn men­tion­néiert, kritt mat all anerem Adjektiv eng aner Bezeechnung. Wou ka fir belibeg raimlech an zäitlech Lokalisa­tiou­ne stoen a wéi fir déi verschiddenst Aart a Weisen. Niewent hirer kontextueller Bezeechnung (désigné) hunn d’Pronomen also och eng abstrakt Bedeitung (signifié), déi sech allgemeng mat Semen (= semantesche Proprie­téi­ten) beschreiwe léisst.

Déi sougenannt perséinlech Pronomen referéiere grondsätzlech op déi grammatesch Persounen als Kommunikatiounspartner: Spriecher (ech, mir), Adressat (du, dir, Dir), ernimmten Inhalt (hien, si, dat/hatt, et). Schwieregkeeten entstinn doduerch, datt et bei dëse Pronomen net nëmme wichteg Regionalvariante gëtt (mir, mär; eis, ons, äis), mä och zwou formell Funk­tiouns­reien: eng mat betounte Formen (du, si, hatt, dat) an eng aner mat klitesch-onbetounten (de, se, et, ‘t)2. Dobäi kommen dann nach sozial oder inhaltlech-relationell Gebrauchsweise wéi d’Duzen an d’Dierzen, an d’ Verkettung (= Anaphorisatioun) vun de Pronomen an engem längeren Text. Op dës Problemer kommen ech méi spéit zréck.

D’Pronomen gi meescht no de Realitéitsklassen gruppéiert, wou kontextuell drop higewise gëtt: Persounen (hei Mënschen an net méi déi grammatesch Persounen) oder Net-Persou­nen (Saachen, Eegeschafte wéi Qualitéit a Quantitéit, Ëmstänn wéi Zäit, Raum, Aart a Weis). Jee nom Kontext si se definit (bestëmmt) oder indefinit (onbestëmmt). Demonstrativ- a Possessivpronomen (deen, déi; mäin, mäint) sinn z.B. bestëmmt. Elementer mat ‚w‘ wéi wien, wat, wou, wéi sinn onbestëmmt. Firwat/woufir sinn indefinit, dofir/fir dat sinn definit.

Zwéi Klassifikatiounscritère sinn nach wichteg fir d’Pronomen. D’Kommu­ni­katiounshaltungen wéi deklarativ (Dat ass schéin), exklamativ (Wéi ­schéin!), interrogativ (Wat ass schéin?) an, generell, d’Relatiounen: Hiweis op de Kader vun der Kommunikatioun (Deixis: deen hei/do), op de Virtext (anaphoresch: De Jong [gt] Hien), op en Antezedens (relativ oder reflexiv: Leit, déi sech streiden), op den Notext (kataphoresch: Dat [gt] wat ech hunn, wëll ech mat dir deelen), op e Besëtzer (possessiv: dem Kënni säi Juppla).

Lëtzebuergesch Grammairë komme meescht mat sechs bis néng Klasse Pronomen aus3. Wéi vill Klassifika­tiounscritèren awer dobäi gebraucht ginn, wann a wéi se agesat ginn an terminologesch begrënnt sinn – dat gëtt net ëmmer explizitt gesot. ‘t ass jo och net onbedéngt noutwenneg fir Schüler, déi sech am LaF-Cours op d’For­men an op d’Uwennung vun de Pronomen konzentréiere mussen. Formateuren awer brauche méi: si musse sech och Gedanke maachen iwwert déi inhaltlech an terminologesch Kohärenz vun hirer Grammaire.

1 cf. Grammaire vum Men (2005), §§ 122-130, wou d’Definitiounen am § 122 sech widderspriechen. Cf. och Schanen/Zimmer: 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire (2006), Bd. 2, Kapitel 8, S. 85-96.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land