Zoom op d’Sprooch

Postscriptum … no Lieserreaktiounen!

d'Lëtzebuerger Land du 30.03.2018

Wat mir besonnesch a menger Sproocherubrik hei am Land gefält – de Zoom vun haut ass schonn deen 151.! – dat ass, datt d’Lieser op e Stéck vum Text reagéiere kënnen an duerno hirer eegener Meenung fräie Laf loossen. Da kënnt et alt vir, datt ech selwer no sou enger Lieserreaktioun wëlles hunn eppes ze preziséieren oder vu baussen duerch eng Argumentatioun invitéiert ginn, mäin Avis ze änneren.

Betraff sinn haut dräi Themen: 1) iwwer e Compte-rendu vun enger Ph-Dissertatioun, de phonetesch-phonologeschen Aspekt vun der Sprooch am Fach LaZ (Lëtzebuergesch als Zweetsprooch); 2) zwou Eenzelfroen, déi an de leschte Zoome behandelt gi sinn: a) d’Flexioun vun den Epithèten (d’Land, 08.12.2017, „Déi nächste Strooss ass déi bescht!“); b) d’Hatt-/Si-System bei der Bezeechnung vu weibleche Wiesen (d’Land, 17/02/2017, „D’Groussmamm Geneviève: hatt oder si?“).

1) Dem Linguistenteam ëm de Professer Peter Gilles vun der Uni Lëtzebuerg muss bestëmmt felici-
téiert gi fir d’Quantitéit an d’Qualitéit vun den dësjäregen Dokteraarbechten an der Luxemburgistik. D’Theme vun den Dissertatiounen sinn natierlech ënnerschiddlech. Form und Funktion des Diminutivs im moselfränkisch-luxemburgischen Übergangsgebiet ass e bekannten dacks iwwerschafften areallinguistesche Sujet (Maike Edelhoff). Aspekte der luxemburgischen Syntax (Genitiv a Partitiv, Pronomen, Verbclusteren, Niewesazaleedungen: Caroline Döhmer) erneiert klassesch Presentatiounen an Interpretatiounen an enger systemorientéierter synchroner an diachroner Syntax. Une étude acoustique et comparative sur les voyelles luxembourgeoises (Tina Thill) ass eng detailléiert Kontrastetüd vun de lëtzebuergeschen a franséische Vokaler. Dës lescht Dokterthees wëll ech apaart ervirhiewen, well se op Franséisch geschriwwen ass an engem franséisch-saarlännesch-lëtzebuergesche Jury virgeluecht gouf. All Respekt fir den Institut, deen domat beweist, datt een authentesch internationale Jury vläicht dach méi zur Fuerschungsrenommée bäisteiert wéi een eephasegen däitsche Frëndeskreess.

Ech bezweiwele weeder d’Wëssenschaftlechkeet nach déi technesch Realisatioun vum Tina Thill sengem Fuerschungsprogramm. Déi generell Exposéen, empiresch Ausféierungen an detailléiert Resultater maachen aus dem Ganzen eng exzellent, intressant an nëtzlech Aarbecht, déi och iwwerzeegt, well verschidden Universitéiten mat hire Moyenë matgehollef hunn. Trotzdeem scheien ech mech net, dräi allgemeng Froen ze stellen, déi d’Phonetiker an d’Phonologen ënner sech selbstverständlech positiv beäntweren, fir mech awer, als Sproochenenseignant, guer net sou evident sinn, wéi ee mengt.

1) Behaapten, datt d’Léiere vun enger Sprooch Kenntnisse iwwer déi kontrastiv Zich vun de Lauter implizéiert, ass eng Saach. Unhuelen, datt jiddwer Enseignant an Apprenant iwwer e systematescht an technescht phonetescht Wëssen (mat allen IPA-Symbolen) verfüge muss, fir eng Sprooch ze léieren, ass eng aner Saach. Aus Erfarung wësse mer, datt eng iwwerdriwwen „Phonetiséierung“ an de Sproochecoursen (mat der Obsessioun vum „gudden Accent“!) d’Schüler an hirem Ausdrock an hirer Spontaneitéit bremse kann.

2) Natierlech brauch d’Tina Thill fir seng Etüd e systematiséierte Referenzinventar vun de lëtzebuer-
gesche Vokalen. Datt dësen Inventar dee vu Gilles an Trouvain (cf. 2011 an 2013) ass, wäert kaum iwwerraschen. Op déi eenzel Versioune1 vun dëse Vokalsystemer brauch ech hei net anzegoen: Wéi bei all Recherche sinn d’Resultater etappeweis entdeckt a verfeinert ginn2. Trotzdeem kann ee sech froen, ob déi sougenannt „zentrallëtzebuergesch Systemer“ vun den Auteuren (och wann se vun der Kandidatin ergänzt a preziséiert gi sinn) duerginn, fir den Apprenanten eng Sprooch bäizebréngen, déi am ganze Grand-Duché als „Standard“ unerkannt gëtt. Déi fachlech Problemer vun der Phonetik/Phonologie, déi net onbedéngt musse bewosst gemaach ginn, wann ee Lëtzebuergesch léiert, ass eng Saach; d’Standardiséierung an déi ganz Diskussioun ëm déi pragmalinguistesch Akzeptabilitéit vun der enseignéierter a geléierter Sprooch ass eng aner, an all déi didaktesch Aspekter (vun deenen d’Tina Thill der nëmmen e puer ernimmt, S. 177) gehéieren nach op en anert Blat.

2) An enger Reaktioun op de Zoom „Déi nächste Strooss ass déi bescht!“ freet e Lieser, firwat ech sou dacks op d’Thema vun der Flexioun vun den Epithèten zréckkommen. Abee! Fir net ze laang ronderëm de Bräi ze réieren: D’Deklinatioun vun den Epithèten an der Sprooch vun haut ass kloer e Problem fir d’Apprenanten an d’Formateuren!

A senger Dissertatioun presentéiert d’Tina Thill en iwwersatene Resumé op Lëtzebuergesch. Hei Extraiten aus dësem Resumé, dee beweist, datt d’Flexioun vun den Epithètë eng richteg Schwieregkeet am LaZ duerstellt. Kuckt Iech mol genee déi Auszich un (ech hunn déi feelerhaft Plazen fett gesat respektiv ënnerstrach): (eng) Studie vu Lëtzebuergesch_ Vokaler; (eng Sprooch), déi aus villen regionale Variante besteet; d’Variatioun am nativem Lëtzebuergeschen; e Wëssen vu kontrastiv_ Mierkmoler vun de Lauter; Spriecher, deen_ hir Mammesproochen aner Mierkmoler hunn; déi geschwaten Varietéit aus dëser Regioun; De Korpus besteet aus geliesen_ a spontaner Sprooch; a vill regional Varietéiten sech an engem konzentréierte_, geographescht Gebitt weiderentwéckelen.

3) Am Zoom „D’Groussmamm Geneviève: hatt oder si?“ wollt ech beweisen, datt de Gebrauch vum Hatt-/Si-System bei der Bezeechnung vu weibleche Wiesen an der Sprooch vun haut guer net einfach ass an datt dëse Gebrauch an der Soziopragmatik (och am „Lëtzebuerger Buchpräis“ 2016) deelweis géint déi gängeg Grammaire spillt: a) D’Dier vum Geneviève (Neut.) senger Kummer ass korrekt; b) D’Dier vun der Groussmamm (Fem.) hirer Kummer ass et och; c) D’Dier vun der Groussmamm Geneviève (soziopragmatesche Fem.) hirer Kummer ass korrekt; d) D’Dier vum Geneviève hirer Kummer ass grammatesch onkorrekt, mee am Roman vum Cl. Muno gëtt d’Geneviève nëmme mat si (an ni mat hatt) ugeschwat.

An enger Annonce vum J. Manzoni „Virschau op de Colloque vum 22.11.2016“ (Infolux) sinn déi zwee Hatt- a Si-Systemer duerchernee geroden. Ech setzen déi betraffe Plazen fett. Kënnt Der den Text verbesseren? (Antezedenz ass den Numm vun der Frëndin TT oder de femininen NG d’Fuerscherin.) Nieft der Produktioun vu_ de Vokaler am Lëtzebuergeschen ënnersicht d’Tina Thill och d’Aussprooch vu franséische Spriecher, déi Lëtzebuergesch schwätzen. Nächsten Dënschdeg stellt d’Fuerscherin Resultater aus senger phonetescher Analys vir. D’Fuerschungsfroen an Ziler vu senger Aarbecht formuléiert hatt a sengem Abstrakt. Mengt Der net, datt am LaF, niewent dem theoretesche Wëssen, och e praktescht Kënne vun der Sprooch erfuerdert ass?

1 Gilles P.: „Die Vokale des Luxemburgischen akustisch“. In: Infolux; https ://infolux.uni.lu/vokale/ 2011; Gilles P. / Trouvain J.: „Luxembourgish“. In: Journal of the International Phonetic Association, vol. 43. Cambridge University Press. S. 67-74, 2013

2 Dobäi ass et fir de P. Gilles net schwéier, dee vu mir vun 2000-2006 benotzte komposite phoneteschen Transkriptiounsapparat ze kritiséieren! Mä vergläichen däerf een nëmme Vergläichbares. D’Presentatioun vum PhonLaf vun 2009 war ganz schappeg (cf. 75 PhonLaf, in: Lëtzebuergesch Sproocherubriken, 2013, S. 178-180)

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land