Zéng Joer Sproocherubrik

Läit d’Lat ze héich?

d'Lëtzebuerger Land du 29.04.2016

Enn Mäerz 2006 ass am Lëtzebuerger Land meng éischt Sproocherubrik erauskomm! Zéng Joer, dat ass e gudde Strapp an engem Mënscheliewen, e Butzi awer an der Geschicht vun engem Land a senger Sprooch. Dofir weder Freedefeier nach Bretzen! D’Decken net nëmme bei sech zéien, nëmme keng bluddeg Nues siche goen, de Ball spillen an net d’Persoun – dat soen ech mer alles an engems. Einfach ass d’Übung awer net, gelldier?

D’Objektiv – wéi d’Land dee vu mir virgeschloene Projet ugeholl hat –, ass a bleift haut ëmmer nach datselwecht: d’Lëtzebuergescht vun haut ze beschreiwen, sou wéi et funktionéiert, a senge sproochlechen Aspekter, besonnesch a senger Syntax a senger systematescher Kohärenz, och a sengen neisten Etuden an Haaptgebrauchsdomäner: déi allgemeng alldeeglech Sprooch, fir mech meescht a schrëftlechem Medium1, Lëtzebuergesch als Zweetsprooch (Friemsprooch) mat allen didaktesche Facetten, gefrote Sproochniveauë fir d’Nationalitéit an den En­seignement, och heianso Themen an Aktiounen – all dat Gedeessems a Geméchs ronderëm dee lëtzebuergesche soziolinguistesche Multilinguissem2.

Zwar ass eng Wochenzeitung – gewosst – net déi bescht Plaz, fir sech mat linguisteschen Theorien ofzeginn. Mee ech halen drop, datt a mengen Texter e puer methodologesch Fuerschungsgrondsätz vun der post-saussurescher, strukturaler Recherche3 sou wäit wéi méiglech respektéiert ginn, well soss d’Resultater leider och tatsächlech net einwandfräi sinn.

1) D’Optik vu menge Sproochanalysen ass synchronesch-horizontal oder héchstens déi vun enger synchronie dynamique (op d’mannst fir déi phonetesch a phonologesch Aspekter (cf. „Bruch posthum“, d’Land, 04.09.2015), well eng Mëschung vu gläichzäitegen an diachron-geschichtlechen Zystemer meescht op inkohärent an oniwwersiichtlech Weeër féieren, zum Beispill: d’Klitiséierung vum Artikel: „Déi kleng Kanner oder d’kleng Kanner?“ (d’Land, 08.05.2015).

2) Eng eklektesch Uwennung vu methodologesche Prinzipien a verschiddenen Interpretatiounstheorien, wéi se an der däitscher Bonner Dialektologie praktizéiert gëtt, bréngt seelen zolidd wëssenschaftlech Konklusiounen.

3) All „luxemburgistescht“ Thema ass respektabel, huet och d’Recht ënnersicht ze ginn – mee fir mech sinn hautdesdags nëmmen zwou vun deene sechs Fuerschungsperspektive prioritär, déi programmatesch fir d’Sprooch selwer ënnerscheet kënne ginn: d’Sprooch vun haut mat hiren internen aktuelle Strukturen (systematesch Synchronie) an d’Sprooch als didaktescht Léierfach (Lëtzebuergesch als Friemsprooch an als Mammesprooch)4.

Am Ufank – a firwat sollt ech do e Blat virun de Mond huelen – hat meng Mataarbecht e ganz battere Bäigeschmaach: Ech hat laang d’Gefill, datt ech mech – an dann nach als franséischen, auslännesche Wëssenschaftler – hätt missen entschëllege fir e ­Wuert iwwer d’Lëtzebuergescht matrieden ze dierfen. Déi wëssenschaftlech Recherche – dat wësse leider net all d’Studenten am Enseignement supérieur – ass akademesch ënnerschiddlech jee no de Länner, och wann se do allgemeng Charakteristiken a Regele musse kennen an anhalen. Sou wosst ech, wéi ech ufanks an de 70-er Joren op der Sorbonne fir e syntaktescht-semantescht Muster vum Jean Fourquet senger Gruppegrammatik optéiert hunn, datt et zu Lëtzebuerg an an der Bonner a Mainzer historescher Dialektologie eng nei Fuerschungsperspektiv wier: eng synchronesch (keng diachronesch), post-saussuresch (keng naturwëssenschaftlech eklektesch), strukturalistesch systematesch (a keng atomistesch) Optik op „d’Lëtzebuergescht u sech“, ier et mat anere Sproochen (Däitsch, Franséisch) verglach gëtt. Meng Thees ass 1981 vum Institut grand-ducal (E. Ludovicy, H. Rinnen, F. Hoffmann) gutt opgeholl ginn, ier d’ Exemplär vun der Sectioun linguistique éthnologie onomastique fir en etlech Joer … an enger Privatbibliothéik verschwonnen ass.

Schued datt an den éischten 2000-er Joren d’Iddi vun engem „Institut national Robert Bruch“ fir d’Lëtzebuerger Sprooch net realiséiert gouf. D’Lëtzebuergescht hätt ganz bestëmmt méi a besser vun dëser eenzeger Institutioun profitéiert, wéi vun der Villfalt an Zerstéckelung vun haut: am Institut national des langues (Léierfach, Zertifikatstester fir Formateuren, Nationalitéitentest, didaktesch Réit, Material fir den Enseignement), am Ministère de l’Éducation nationale, de la Jeunesse et de l’Enfance (CPLL a Léierbicher wéi Wat gelift?), am Ministère de la Culture (LOD-Equipe), op der Uni du Luxembourg, wou Formatiounen an – de facto – en Institut de recherches linguistiques, sociolinguistiques et littéraires versichen, sech lues a lues aus der germanescher Dialektologie op de Niveau vun der lëtzebuer­ger Nationalsprooch ze erhiewen an, net zulescht, am Privatsecteur (Actioun Lëtzebuergesch, Formateuren, Pro-Lingua, Fuerschung am Ausland).

Wann déi verschidde Fërderunge vun eiser Sprooch mussen am A behale ginn an de Lieser – positiv a kritesch – virgestallt solle ginn, da muss d’Lat vu de Sproocherubriken a Zoomen heiansdo héich sinn. Ma mengt der net och, datt méi Dialog, Kohärenz an Zesummeschaffe vun deene verschiddenen Institutiounen néideg wier? A vläicht och méi eng koordinéiert Sproochepolitik? Vrun allem awer misst eng Majoritéit vun de Bierger am Grand-Duché dovun iwwerzeegt sinn a ginn, datt d’Nationalsprooch net nëmmen de jure, mee och de facto misst gebraucht sinn. Ech perséinlech – dat sief niewebäi gesot – sinn iwwerzeegt, dass et dofir schonn ze spéit ass, an datt dat souguer onméiglech ass, well d’Lëtzebuergescht ni eng Vollsprooch ka ginn: „Ce petit pays peine à faire reconnaître la langue luxembourgeoise comme son enfant légitime, car il est officiellement et par nécessité, multilingue.“ Eng Saach vun der Zäit also, déi säi Wee geet? Oder definitiv eng Zwéckmillchen?

1 D’Oppositioun Mëndlechkeet/Schrëftlechkeet ass am Institut d’études luxembourgeoises vun der Uni prioritär, well do d’Haaptperspektiv ëmmer nach déi vun de (germanesch-däitschen) Dialekten a vum Lëtzebuergeschen als „Ausbausprache“ ass. Fir mech muss eis Sprooch fir d’éischt als eege Systematik an hirer eegener Kohärenz analyséiert ginn. De Mediekanal ass dann nëmmen nach eng Saach vu Varianten.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land