Zoom op d’Sprooch

Ech hu véier där Wippercher giess

d'Lëtzebuerger Land du 13.11.2015

Wat haut am Fokus vu mengem „Zoom“ steet, dat ass den Demonstrativ där a Verbindung mat Partitiv- a Quantitéitsstrukturen. Dobäi ass dann och den allgemenge Gebrauch vum Kasus Genitiv mat am Spill mat sengen Orthographiesregelen (där-, däer-, de(e)r?) an anere méi komplexe syntaktesche Klassifizéierungsproblemer.

D’Lëtzebuergescht – dat wësst Der jo – verfügt iwwert e reduzéierte Kasussystem, vun deem schonn e puer mol a mengen „Sproocherubriken“1 Rieds war. „Von den alten Kasusformen des Nomens überlebt eigentlich nur die Form des Akkusativs, der auch für die anderen Fälle eingesetzt wird.“ Sou zitéiert de Robert Bruch a sengem Précis de grammaire (1955), § 15, eent an datselwecht Beispill am Nominativ: dat ass en alen Dreck, am Akkusativ hal däin alen Dreck, am Genitiv dat ass enges alen Dreck an am Dativ géi mat dengem alen Dreck. „In all diesen Sätzchen“, insistéiert en, „bleibt alen Dreck, eine ürsprüngliche Akkusativform, auch in der Rolle der übrigen Fälle, unverändert“ (S. 46).

De Bruch schwätzt vun den ale Kasusforme vum Nomen/Substantiv, bleift also am Kader vun den traditionelle Wuertklassen. Kuckt een sech do-géint déi komplett Sequenze vum Nominalgrupp oder vun der Nominalphrase un (wat an enger Gruppegrammatik, wéi eiser, ganz normal ass), da mierkt een, datt nëmmen d’Sequenz am Nominativ sech där am Akkusativ ugepasst huet: en alen Dreck-Ø (Nom., Akk.), mä: dengem alen Dreck-Ø (Dat.) an enges alen Dreck-Ø (Gen.).

Selbstverständlech gëtt och a Wuertklassegrammatiken den Artikel deklinéiert: een/en, engem/em, enges/enger. D’Formen vum Nominalgrupp, wéi déi vum Nominativ an Akkusativ, kënnen also deelweis déiselwecht sinn (d’Nominalbasis bleift onverännert), mä déi grammatesch Funktiounen relativ Konnexiounen (zum Beispill Subjekt, Objekt, Partitiv) an déi semantesch Rollen (Déifekasusse wéi Agens, Patiens, Benefaktiv) sinn net onbedéngt identesch.2

Ausser de geneeën Definitiounen an dem Auserneenhale vun de Formen a Funktioune muss een och an eiser Sprooch der Gebrauchsfrequenz eng Prioritéit ginn. Haut gëtt et an eiser Sprooch nëmmen nach zwéi „lieweg“ Kasussen (Akkusativ/Nominativ an Dativ) an, donieft, e limitéierte Gebrauch vu Reschtforme vun ­zwéin anere Fäll (Genitiv an Der-Nominativ). Well déi Kasussen all polyfunktional sinn, kënnen se net prototypesch iwwer eng eenzeg „Sazfunktioun“ (iwwer eng Verbalgruppefunktioun) definéiert ginn.3

A menge Recherchen nennen ech K1 d’Forme vum Akkusativ/Nominativ, déi haut an den Nominalgruppen iwwereneestëmmen an déi am geleefegste sinn, ausser bei e puer Personalpronomen, wou den Ënnerscheed vum Nominativ (ech, mir) a vum Akkusativ (mech, dech) formell justifiéiert ass. K2 heeschen d’Forme vum Dativ vun haut (mir, eis/äis fir d’Personalpronomen). K3 bleift da fir de Genitiv iwwreg (menger, denger, senger, eiser… fir d’Personalpronomen), deen nach an enger Hällewull vu figéierte Strukturen a Reschtforme4 virkënnt. Ganz rar an dofir bal net nennenswäert ass de K4 a senger aler Form der, zum Beispill Der Däiwel soll se huelen.

Als al Genitivforme gëllen déi sougenannt Partitivartikelen a -pronomen, déi an der Sprooch vun haut nach eng wichteg Plaz anhuelen. Eigentlech geet et ëm e ganze System vun Demonstrativelementer. Jee no de Kategorien (Zielbarkeet, Genus, Numerus), op déi higewise gëtt, hu mer verschidde Varianten engersäits vu betounte Vollformen där an däers, anerersäits vun onbetounte reduzéierte Formen der an es.5 Déi reduzéiert Forme kommen heefeger als Pronom vir6, déi voll kommen am Nominalgrupp als (on)bestëmmt Partitivartikel7 vir.

Beispiller fir Partitivpronomen: 1) Där hu mer genuch/Mir hunn där/der genuch: Singular, onzielbar: Feminin Ø Gedold/Mëllech… oder Plural, zielbar: Ø Kanner/Beem/Suergen… 2) Däers hu mer genuch/Mir hunn däers/es genuch: Sin gular, onzielbar: Maskulin Ø Zocker… oder onzielbar: Neutrum Ø Gestreits…

Am Franséische gëtt an dëse Fäll de Partitivpronom en agesat: Nous en avons assez. Beispiller fir partitiv Demonstrativartikelen, déi dacks eng Aschätzung (ein geringschätziger Ton, seet d’LWB) aféiert (fr: de ce/cette/ces …; dt: von dieser Sorte). 3) Däers Wäi brauch ech net/Mer hunn däers Wäin net genuch: Singular, onzielbar, Maskulin; 4) Där Wippercher hu mer net genuch/Mir hunn där Wippercher net genuch: wéi uewen am zweete Beispill: Plural, zielbar.

Et ass net onwichteg, nach eng Kéier dorop hinzeweisen, datt de Partitivpronom engersäits (Ech hunn där/der scho giess) an de Partitivartikel anersäits, deen am Fong nach en Demonstrativ ass (Ech hu véier där Wippercher giess), syntaktesch a semantesch mussen ënnerscheet ginn.8 Déi al Genitivform gëtt haut als Pronom problemlos weidergebraucht, net awer als Genitivartikel, wou éischter aner Strukturen, besonnesch Präpositional-Konstruktioune mat vun benotzt ginn.9 Sou soen déi meeschte Leit haut éischter: ech hu véier vun dëse Wippercher giess (an si dekomposéieren esou och déi partitiv an anaphoresch Bedeitung) wéi deen (vereeltzten) Partitivgenitiv: där Wippercher.

Dat ass och allgemeng de Fall an de Quantitéitsstrukturen, wou de Partitivgenitiv dem Nominativ Plaz mécht: e Puer nei Schong ass haut méi geleefeg wéi e Puer neier Schong, iwwerdeems am Géigendeel bei substantivéierten Adjektiver oder Partizipien an an de Partitivstrukturen déi speziell Partitivformen monter iwwerliewen: Genitiver gëtt et haut nach eng ganz Rëtsch; däitlecher an och méi verheemlechter.

1 Cf. Sproocherubriken (Schortgen, 2013): 41 „Kasus: Casus belli?“ (S. 99 ss.), 42 „Wie killt ween? Iwwert den Dativ an de Genitiv“ (S. 101 ss.);F. Schanen/J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire (Schortgen, 2012), § 172 ss.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land