De Krich an der Ukraine huet seng ganz speziell Suiten

Moda militaris

d'Lëtzebuerger Land du 10.02.2023

Net liicht dat zouzeginn: ech gleewen un Zoufäll. Also datt heiandsdo Saache mateneen geschéien, déi een onwahrscheinlech fënnt. An et bedäit näischt, et ass just esou. Punkt. Ech sinn do en ongleewegen Thommes a färdeg.

An ech hunn et irjendwéi wuel mat Flughäfen. Ugefaang mam Findel. No bäi, meeschtens näischt lass, heiandsdo eng Pilotestëmm oder déi vum Tower am Kicheradio, an heiandsdo si mer Fligere kucke gaang. An et sinn deemols amerikanesch Düsenjäger an der Loft gewierscht, wéi d’Buerg um Bockfiels hier 1 000 Joer gefeiert huet, an de Papp an d’Bouwen stungen um Kiischtebierg (avis au lecteur: net siche goen, deen ass fort, läit elo ënnert dem Tarmac) an hunn dem Kaméidi an de Kondenssträifen mat oppenem Mond nogekuckt. An de Papp an d’Noperen hu vun den Amië geschwärmt an vun hierer Air-Force. An 22 Joer méi spéit ass do eng Bomm explodéiert an dowéinst e Nato-Manöver gestéiert ginn; do gouf et eng Brigade, déi war ganz mobile. An elo wunnen ech erëm an der Noperschaft vun engem Airport. Deen ass benannt no engem fréieren Oberstleutnant aus der Wehrmacht. Hat dee net och den Image vun engem Macher? Op sengem Airport ware winni zwee Tornadoe gelant an dat goung duer, fir doriwwer grouß Artikelen an der Lokalpress liesen ze kënnen.

Eng Confidence: ech sinn Auerefetischist. Oh, kee richtegen, hunn net genuch Ahnung vun Aueren, technesch net bewandert, a se musse net rar sinn oder deier oder schwéier oder 170 digital Fonctiounen hunn. Nee, et geet duer, datt eng Auer arabesch Zifferen huet an datt den Datum optesch d’Zifferblat net zerstéiert. A se soll eenegermoosse präzis weisen, wéi
spéit et ass. Analog, opgezunn, also ouni Batterie an ouni Internet. Meng Auer ass schwarz, wäiss Zuelen, den Datum gëtt mat engem roude Pfeil gewisen. A se heescht „Airspeed“. Et ass eng sougenannte Pilotenauer. Hunn ech geléiert. Auere vun där mechanescher Zort sinn e bëssi rar ginn an ech hu mer blöderwäis ugewinnt, an de Fënstere vu second-hand-Horlogerien oder an den Vitrinen vun Bijouterien no esou Aueren ze kucken. Für alle Fälle. Wéi Fetischisten dat esou maan. An dowéinst kucken ech alt och emol Auere-Puben, soe mer hannen um Magazin vun der groußer süddäitscher Zeidung. A sinn zimlech erféiert. Well do ass Reklam gemat ginn fir eng „Grand Flieger Airport“. Déi ass déck a flappeg, dräi grouss Knäppercher baussen an all méiglech Featuren. Meeschtens kucke ech bei esou Aueren guer net dohinner, net menges quoi. Aus iergendengem Grond hun ech awer ugefaang den Text ënnert der Foto ze liesen. Déi Auer wier, housch et, e Chronograph, wannechgelifft, Edelstahlgehäuse – okay, Stol also, tiptop, Papp a Groußpapp waren op der Arbed – a se hätt eng „Keramiklünette“. An déi Lunette wier gréng, net nëmme gréng mä Military Green. An duerno koum vill Pubjargon, deen een och militäresch taktesch liese kann: Zuverlässigkeit, Präzision, optimale Ablesbarkeit, Perfektion, Weltrang. An de Sprëchelchen: Für die gemacht, die machen.

Military Green – net nëmmen de Bord, d’Lünette, vun där Auer ass zaldotegréng mä op der Foto och de Bracelet, iergend e gewiefte Kunst-Stoff, esou gréng, datt dat Wuert „Nato-farweg“ engem direkt an de Kapp kënnt. Esou wäit si mer also elo komm mat deem Krich an Europa, duecht ech, datt ee Reklam maache kann mat eppes, wat viru engem décke Joer nach wéi Bläi am Tirang geleeën hätt. Mee elo flitt Bläi dorëmmer an et kann e mat Militärchic probéiere Geschäfter ze maan. Ça alors, de Konsumissen hänkt sech un de Krich, d’Militär ass erëm do. Wien deemols géngt de Nato-Doppelbeschluss mam Saarbrécker Oskar protestéiert huet, deen ass elo dee leschte Vullemetti, dee net verstan huet, datt – fräi nom Bob – the times, they have changed; hit by flying lead, giffen Deep Purple weidersangen. Grand Flieger Military Green – da wärten elo erem geschwënn Uniformen Salonpflicht sinn an Epauletten a Kepiën a Medaillen, a net nëmmen d’Faschoen wärten a schwéiere Stiwwelen dorëmmer stolzéieren. Duecht ech esou. An hu mech zur Ordnung geruff, iwwerdreif net, esou weit si mer nach net.

Ech hunn de Magazin op d’Säit geluecht. An op d’Une vun de Kolleege gekuckt, also op déi éischt Säit vun der Süddeutschen, 27. Januar 2023. Do stung mat grouße Buchstawen: „Die Ukraine bittet um Kampfflugzeuge“. Oh Merde, duecht ech, kann dat nach Zoufall sinn: vir op der Zeidung den Artikel iwwer gefuerdert westliche Jets „der vierten Generation“ an hannen um Magazin d’Grand-Flieger-Pub. Felicitatiounen also fir d’Aueremécher aus Glashütte: si hunn den Zäitgeescht voll bekäppt. Esou verständlech et ass, datt d’Ukrainer géint de Putin a seng Gängster nach méi a méi efficace Hellef wëllen, esou friem bleift mir trotzdeem déi Welt, déi hei elo entsteet. Wou Military Green um Grand Flieger attraktiv soll sinn, Militaria erem moudesch a gefrot solle ginn.

An der Bijouterie vun Ärem Choix kascht, by the way, esou e militärgréngen Zaldote-Piloten-Chronograph iwwer 3 000 Euro. Sweet child in time, der Preis ist heiß.

nico graf
© 2023 d’Lëtzebuerger Land