Theater

Wann den Hexemeeschter enttrount gëtt

d'Lëtzebuerger Land vom 22.12.2023

Mat der Operett De Geescht oder D’Mumm Séis gëtt am groussen Theater den 200. Gebuertsdag vun dem bekannte lëtzebuergeschen Auteur Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, gefeiert. D’Stéck, wat vum Jacques Schiltz inzenéiert gëtt, verbënnt dem Dicks seng Koméidi D’Mumm Séis oder De Geescht aus dem Joer 1855 mat engem neien Handlungsstrang, deen aus der Fieder vum Samuel Hamen staamt. Gi lo an dem neien Theaterstéck, wéi den Titel noleet, d‘Saachen ëmgedréint; ass den neien Text d‘säiteverkéiert d’Spigelbild vun dem alen? E bësse schonn, well an dëser Nei-Inzenéierung ass de Geescht deen, deem all d’Mënsche schlussendlech ënnerdoe sinn – e schwéiere Feeler war et also vum Hexentommes, de Geescht erbäizeruffen, fir d’Mumm Séis eranzeleeën. Mee wat geschitt eigentlech am Stéck?

Eng Fra (Anouk Wagener) dierf sech freeën: Hire Monni ass gestuerwen a si ierft en Haus zu Clausen – eent mat villen „ale Spueren“, wat scho säit laanger Zäit am Familljebesëtz ass. Si zéckt net a rifft gläich en Agent immobilier (Timo Wagner) un, well dem Verkaf vum Haus dierft jo eigentlech näischt am Wee stoen. Et dauert awer net laang, bis déi zwee mierken, dass e Geescht (Jules Werner) sech et gemittlech gemaach huet an de véier Wänn. Fir dass d‘Ierwin an hire Kolleeg d‘Méiglechkeet kréien, hie fortzejoen, schéckt de Geescht si kuerzerhand zréck an d’Vergaangenheet, wou si fir e Ritual bestëmmte Géigestänn sammele mussen.

Si treffen op d’Mumm Séis (Marie-Christiane Nishimwe), eng guttgleeweg Wäschfra, déi grad amgaang ass, vun dem Sprochmates (Al Ginter) an dem Hexentommes (Jean Bermes) erageluecht ze ginn, well den zweeten et op hire Besëtz ofgesinn huet. D’Mumm Séis soll sech mat him bestueden, wann hien et fäerdeg bréngt, de Geescht aus hirem Doheem ze verdreiwen. Eng komplizéiert Geschicht! Da ginn et och nach d’Kättéi (Catherine Elsen), der Mumm Séis hir Niess, an de Péiter (Adrien Papritz), déi anenee verléift sinn ouni datt um Ufank kloer wier, ob se sech och bestuede kënnen oder net. Hir Geschicht spillt sech of, wärend d‘Ierwin an den Agent Immobilier verzweifelt no engem Moyen sichen, fir aus hirem Elend erauszekommen. Déi zwee Zäitreesend musse gutt oppassen, dass se net ongewollt an d’Handlung vun der Mumm Séis, dem Kättéi an dem Péiter agräifen, well et soss ka sinn, dass se déi ganz historesch Entwécklung stéieren an d‘Haus zu Clausen guer net méi der Ierwin gehéiert, wa se erëm an d’Géigewaart zréckkommen.

Am Endeffekt geet d’Geschicht gutt aus: De „Leitsbedréier“ Hexentommes gëtt iwwerfouert, d‘Kättéi an de Péiter verlobe sech an d’Mumm Séis ass verschount bliwwe vun deem, wat se erwaart hätt, wann dem Hexentommes säi Plang opgaange wier. Also en Happy End? Net ganz, well de Geescht huet all d’Mënschen, déi am Stéck virkommen, u sech gebonne – si musse lo bis an all Éiwegkeet déi selwecht Geschicht ëmmer an ëmmer erëm spillen. Interessant sinn an deem Sënn d’Zeenen tëschent dem Kättéi an dem Péiter, deene mat engem Schlag opfält, dass se scho fir déi x-te Kéier op genau dëser Plaz stinn an déi selwecht Saache soen. Eng Kéier stiermt d‘Kättéi rose vun der Bün – et hätt „kee Bock méi“ (op dat ganzt Gedeessems, dat se ëmmer erëm duerchliewen). Mee de Péiter hält dogéint: Se wiere keng „Revoluzzer“. Hie wëll si erëm op de gewinnte Pad zréckbréngen. Spéider trennt sech d’Puer awer ëm een Hoer, well sech „d’Geschicht […] doudgelaf“ huet. Se wëllen d‘Schläif „vum éiweg Selwechten“ duerchbriechen. Mee ouni Erfolleg. De Geescht huet se a säi Bann geschloen a sou bleift alles beim Alen. Firwat? Ma virun allem, well all eenzel Persoun, déi am Stéck optaucht, gedriwwen ass vun Affekter, déi se gefaangen halen, all Eenzelne gëtt verfollegt vu Scholdgefiller, Gier, Egoismus, Jalousie, Verlaangen. A sou stécht dach e klenge pädagogesche Fonken an dem Stéck, och wann et virun allem en ënnerhalsamen Theaterowend versprécht – natierlech, wéi et sech fir eng Operett gehéiert, mat Musek, geschaf vum Iavan Boumans an dem Dicks, déi d‘Dreiwen op der Bün op treffend Aart a Weis ënnermoolt.

Chris Lauer
© 2024 d’Lëtzebuerger Land