Exkurs an d’Keelt

Schnéi

d'Lëtzebuerger Land du 26.01.2024

Dee krepéierte Réck, sot meng Mamm,wann deen erëm Misär gemat huet. Ich habe Rücken, soen se hei, neit Houdäitsch. Bon, ech hat dëser Deeg also Réck. Ech hu missen den Trottoir raumen. Ongewinnt Beweegungen mat Schnéischëpp a Biesem. Den Dag drop huet eben den ënneschte Réck wéi gedoen, Bauchmuskeltraining, soen se, géif do hëllefen.

Wéi ech am gaang war um Trottoir ze krazen an ze schëppen an ze kieren, koum e jonke Papp vun hannen erbäi, Jeans, karéiert Jackett, näischt um Kapp, an hien huet e Schlitt gezunn. Dorop souz dee Klengen, Zwerg am bloen Anorak. O sorry, sot ech, well ech war jo am gaang hir Schlittepist ewechzeschruppen. Net schlëmm, sot hien, mir fannen nach eise Wee. E Commentaire iwwer mäin, nu jee, Succès bei Schnéischëppen. An ech hat directemang e schlecht Gewëssen. Net well ech schlecht gebotzt hunn, mä well ech hinnen hir Pist bal demoléiert hat.

Dat schlecht Gewëssen hätten déi vun der Gemeng och missen hunn, an de 60er Joer um Sennengerbierg. Mir sinn d’Rue des Romains um Schlitt erofgefuer an hannerun eis, also direkt hannerun eis war de verhaasste Schnéiplou an hannen un deem houng d’Stree mam Salz. Letzte Schlittenfahrt vor der Grenze, shit.

Mir – dat sinn e puer Bouwen an ee Meedchen – mir sinn du séier séier no riets ofgebéit. Do war e schmuele Wee, eng prima kuerz Schlittepist, wou – Mittelfinger haut – ni e Streewon hikomme konnt. Dee Wee ass an den Dall erof gaang. A queesch do ënne war deen anere Wee, ee Kilometer laang, um Ufank géi, vun der Kapell erfort biergof bis bei den Trächelchen, dee Bur op der N1, wou d’Automobilisten, bal op der Héicht vum Sennenger Schlass, ëmmer hir Autoe gewäsch hunn. Skandal.

Do si mir meeschtens Schlitt gefuer. O, net ëmmer bis ënnenof, dat war dach awer ze weit, well et gouf jo kee Schilift, et huet een vu Senneng am Lach bis op der Bierg erëm missen erop goen, e weite Wee fir kleng Been. Alles net esou opreegend. Bis eben deen Dag, wou dat klengt Réi nieft der Pist louch. Mir hunn et geheemelt, de leibhaftege Bambi, dee mer do op eemol haten, de Schlitt war net méi wichteg. Dee ganze, kuerze Wanternomëtteg erduerch hu mer eis ëm d’Réi gekëmmert, dat zimmlech schappeg ausgesinn huet, net friesse wollt. An do koum d’Rettung. De Fierschter huet d’Réi matgeholl. Erliichterung. Bis mer deen Dag drop gesot kruten – vun engem Sennenger Bouf, deem mer ausnamsweis hu misse gleewen – d’Réi géif geschluecht an opgebrach am Duerf virun engem Bauerenhaus hänken, dobaussen, dout, an der Keelt. 

Also erëm op de Schlitt. Déi eng um Bauch, déi manner couragéiert am Sëtzen. An et si Course gefuer ginn. Ben Hur a Messala, tous les coups permis. Hate mer am Kino geléiert. Wien deen éischte beim Dännebësch do ënne lénks ass – esou dees. Riets vun där improviséierter Arrivée war e géien Hank, dee mer evitéiert hunn, ze géi fir wierklech Schlitt ze fueren, nëmme Schuss méiglech. De Rolph Ketter – hier war zu Senneng als Zaldot – sot mer spéider, deen Hiwwel wier huel, d’Nato hätt do e verbunkerten Headquarter dran. Deen Hiwwel ass den Elleklöppel. Kee gutt Omen. Lieu dit, lieu maudit, huet ee gedicht. Well d’Groussmamm wollt ëmmer dohinner. Wann et hier schlecht goung. Well d’Enkel net gefollegt hunn oder well d’Trauer ze staark war wéint dem Bouf, deen a Russland bliwwe war.

Op deene meeschte Schlitten stoung Davos. Dat huet kee verstan a keen huet et explizéiert. Et stoung just net op deem schëtzegste Schlitt. Dat war dee vun engem Meedchen, ausgerechent. De Schlitt war liicht, sëlwereg ugestrach an aus ganz dënne Metallréier. An hat war esou séier mat deem Déngen ënnerwee, datt mir op eisen hëlzenen Davos-Pléi nëmmen nofuere konnten. Absënns wann de Papp vum Kand och mat um Schlitt souz, eng Vitesse ze frécks. Mir hunn dann hannenaus vill driwwer geschwat, wéi geféierlech et wuel wier, mam Schlitt an e Bam ze rennen. Eng Helmpflicht gouf et jo net. De Papp um Sëlwerschlitt war vu Beruff irjendeppesprofession-libérale, de Schlitt huet missen eng Fortune kascht hunn. D’Jalousie huet esou laang ugehal, bis eise Papp mam der Kleeschen-Cadeau koum. E schwéiert metallent Gefier, déck, schwaarz Réier. Hie muss dee Schlitt zu Dummeldeng op der Schmelz gebaut hunn, wou soss, ouni datt mir et gemierkt hätten. Et gëtt Fotoe vun him, Selbstauslöser, wou hien Koks schëppt beim Arbed-Niddereguewen. Fréischicht, Mëttesschicht, Nuetsschicht, iergendwéini war wuel Zeit, eppes ze bauen. Mat Réier. Dat konnt hien. Well virun der Arbed war de Papp bei engem Heizungsmonteur Léierbouf gewiescht. Dowéinst konnt hien eben Eiseréier verschaffen. Dee Schlitt war schwéier wéi Bläi – kee Plaiséier en de Bierg op ze zéien – an iergendwéi net elegant mä prolleg. Mä schëtzeg, mir ware konkurrenzfäeg, op eiser Schlittepist, eisem Circus maximus. Frëndschaften? A soss geet et? Rivalitéit, Coursen a provozéiert Accidenten. Mir haten d’Lektioun aus dem Film geléiert. Jidderee wollt de Ben Hur sinn an dee Béisen an d’Heck drécken, a voller Vitesse; eng Kéier hat esouguer een – dat war awer e Messala – nuets Drot iwwer d’Pist geluecht. Gehirnerschütterung bei deem éischten, dee mam Schlitt erofgefuer war.

Wéi wa mer fir d’Politik trainéiert hätten. Am Zirkus minimus, rietse Couloir, aktuell op der pole position, den Triple-A Fetischist, dee klénge Luc F.; op der lénker Seit, Challenger, d’Nora B. Kee Wantermärchen; ech si gespaant, wien do mat wiem Schlitt fiert.

nico graf
© 2024 d’Lëtzebuerger Land