le Chartreux, Fernand: Helleg Muecht

De Mäerder ass ëmmer de Generolvikär

d'Lëtzebuerger Land du 18.01.2001

"Mir sinn déi stäerkste geheim Organisatioun am Land. Mir liewe vu Steiergelder, mir verfügen iwwer de ganzen Apparat vun der Kierch a sëtzen seguer bei der Regierung mat um Dësch. An Du klenge Wuurm gees Dech géint eis stellen. An do versti mer kee Spaass", baupst de Generolvikär de Bartrenger Paschtouer un. De Generolvikär ass en ekelege Roff, eng Kräizong aus engem Zwergdackel an dem Dokter Mabuse am neie Kriminalroman Helleg Muecht vum "Fernand le Chartreux, un déi nei lëtzebuerger Schreifweis adaptéiert vum Jérôme Lulling".

Helleg Muecht verzielt déi éischt 90 Säiten d'Geschicht vum Bartrenger Paschtouer Romain Seil, deen onverhofft enger Geheimorganisatioun iwwer de Wee leeft, déi d'Kierch an de Stat ënnerwandert huet. Am Buch heescht déi freeschlech Gefor fir d'Hemecht Opus Domini, ma gemengt ass wuel den Opus Dei.

Hei am Land gouf den Opus Dei 1982 duerch de Skandal vun der Banco Ambrosiano bekannt. An eemol am Joer léisst den Äerzbëschof dem Josemaria Escriva an der Kathedral eng schéi Mass liesen. Am Roman ass den Äerzbëschof iewel onschëlleg.

Den Opus Domini geet iwwer Läichen - déi vum Bistumsarchivist, enger halwer Dosen Duannecher a soss nach Leit -, fir sech am Éislek de Mäercheschaz vum Templer-Uerden ënnert den Nol ze räissen. An da verschleeft en och nach dee stacklëtzebuerger Patrimuann op séng  Buerg am pechschwaarze Bayern.

Ma Helleg Muecht ass net d'Wierk vun engem vun dene langweilege Pafefréisser, déi iwwerall nëmmen d'Männercher gesinn. D'Buch ass spannend a witzeg geschriwwen a jongléiert mat de Klischeë vum Genre.

D'Geschicht ass an enger einfacher Sprooch verzielt: Dialoger, Aktioun a soss kee Schischi. Dofir soen d'Lieser geréiert merci, wa se déi gewinnte Kulissen erëmerkennen. Déi Geeschtlech rennen ëm hiert Liewen duerch d'Biroe vum Bistum bis an d'Kasenmatten, déif anstänneg Bamte vum Spëtzeldéngscht klotere wéi Kaweechelcher un der Neier Bréck, an de Generolvikär trëfft sech heemlech am Vieux Piano am Gronn mam Zekretär vum Regierungsconseil, fir Staatsgeheimneser verroden ze kréien. Iwwerdeems brucken d'DP/LSAP-Ministeren am Schlass vu Senningen an enger Krisesëtzong. (Dobei hate sech d'Zozialiste geschwuer, ni méi dene Bloen de Staatsminister ze loossen.)

Et kann een natierlech d'Geschicht och als Schlësselroman liesen. Da stellt ee sech zum Beispill een Ablack de Mathias Schiltz vir, dee mam Albert Hanse Rendez-vous beim Malou am Gronn hat. Ma dat ass natierlech reng zoufälleg an net gewollt - obwuel d'Buch erstaunlech gutt dokumentéiert ass. An et beschreift, op d'manst am Ufank, ganz plausibel, wéi de Guwwelement an d'Police reagéieren, wann déi national Zekuritéit an de Kulturtourissem an enger akuter Krisis stiechen.

Ma an der Mëtt vum Buch ass d'Verbrieche vum Ufank opgekläert, an et freet ee sech, wat dann elo déi aner 90 Säiten nach komme soll. Da fänkt am Fong eng zweet Geschicht un, an de Patterjotissem geet mam Schrëftsteller duerch. D'Lëtzebuerger Arméi mécht eng heemlech Kommandoaktioun a Bayern a stiermt d'Buerg vum Opus Domini, fir de Schaz ze rapatriéieren!

Dat liest sech dann, ewéi wann The Dirty Dozen an der CGFP wieren an dem Jang de Blanne séng Schanken duerch de Kammerwald heem schlefe sollten. Just datt aus där rosener Dosen hirmiddeg Amerikaner, déi am Film de Preisen hiert Schlass iwwerfalen, e puer honnert brav, daper a langweileg Lëtzebuerger Bamte goufen.

Ma a Wierklechkeet géing eng Regierung wuel éischter op d'Bankgeheimnes verzichten, wéi nees e Krich mat de Preisen ze riskéieren. A wat am Roman d'Arméi, d'Police, de Spëtzeldéngscht an d'Ambassad mat perfektem Professionalissem ronn kréien, géng esouguer d'Amerikaner jalous maachen. Well d'Kandskanner vum Dirty Dozen hate jo 1980 ouni Gléck probéiert, fir hir Ambassad zu Teheran ze stiermen. Ma si woren natierlech och net an der CGFP.

Fernand le Chartreux: Helleg Muecht. Éditions Schortgen, Lëtzebuerg 2000, 184 S., 645 Fr.

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land