Et deet wéi. Méi, ewéi erwaart. Mä iergendwann ass ee verréckt, et net ze maachen. Wann alles aneschters net klappt - verréckt. Zumindest dem Einstein no: Ëmmer erëm dat nämmlecht ze maachen an nawell en anert Resultat ze erwaarden, dat ass seng Definitioun vu Wansinn. Ee Joer laang huet de Maurice ëmmer nees dat nämmlecht probéiert, fir ënner d´Leit (resp. ënner d´Fraen) ze kommen, an nawell ass hie Single bliwwen. Do muss een sech ee Ruck ginn. Mä se dinn esou wéi am Kapp, déi Online-Dating Säiten.
Si versprieche plus au moins all dat selwecht: „Individuell Betreiung bei der Sich no ärem perfekte Partner.“ „Endlech zu deene gehéieren, déi hier eegen Erfollegsgeschicht schreiwen.“
De Maurice keeft säin Uebst a Geméis mol net am Supermarché; dat ass perfekt, schmaacht awer no näischt. Wisou sollt hien e esou ee Partner wëllen: appetitlech, schéin, mä ouni Goût, ze wässreg? Kuerz an d´Pan a schonn ass den Zauber eriwwer. Schonn huet sech d´Hallschent vun där Persoun vaporiséiert. A wat soll dat mat där „Erfollegsgeschicht“? Mat deem eefällege Selfmademan-Quatsch, deen, wéi es schéngt, bis an d´Privatliewen eriwwergeschwappt ass. D´Partnerschaft als blousen Deel vun der eegener Success Story, als weidere Bausteen aus där grousser grousser Legos-Këscht, aus där mir eis zerwéieren, a mengen, eppes opzebauen. Mä bon, dat ass eben déi Sprooch, déi hautzudaags benotzt gëtt, fir engem eppes ze verkafen, an iergendwann ass een, wéi gesot, verréckt, et net ze maachen. De François zum Beispill, en Aarbechtskolleeg vun him, huet seng grouss Léift iwwert esou ee Site fonnt. Eng Fra, genau no sengem Geschmaach: et huet Niveau, ass sportlech a bescheiden. Et muss een ebe just ausblenden, datt de François sech, wann e vu senger neier Frëndin schwätzt, unhéiert, wéi wann ee vun engem neien Auto mat Spuerhalter, Réckfuerkamera a niddregem Verbrauch géing schwätzen. Iergendwann muss een einfach an de saueren Apel bäissen, sech mat engem Gin Tonic virun de Laptop setzen an dee ganzen Umeldungs-Blabla ausfëllen.
Wéi eng Ziler hues du am Liewen? Wéi eng Wäerter? Wéi eng Motivatiounen? Hei ass eng Lëscht vu jeeweils véier Méiglechkeeten, kräiz eppes dovunner un. Wéi eng Interessien hues du? Wéi eng Musek lauschters du? Wéi ee Sport méchs du? Säit ëm Säit ëm Säit. An dann halen se engem op eemol eng Muert dohinner: Du hues scho 75 % vun de Froe gepackt! An de Maurice denkt just: Wat gelift? Nach 25 % iwwreg?? Ech hu guer net méi Informatiounen iwwert mech selwer …
Op hie léiwer an engem romantesche Landhaus, engem Kënschtleratelier oder an enger Villa an der Stad liewe géing? Ob hie méi fir eng Vakanz am Schwarzwald, zu Florenz oder op de Malediven ze begeeschtere wier? Wéi eng Joreszäit hien am léifsten hätt? Grad wéi deemools an der Bravo. Déi Perséinlechkeets-Tester, déi d´Nathalie hien ëmmer huet ausfëlle loossen, fir ze kucken, ob si och wierklech géingen zesummepassen. D´Nathalie huet just de Feeler gemaach, de Froebou ëmmer fir d´éischt auszefëllen a seng Äntwerten da mam Gummi wech ze wëschen. Dat huet een natierlech gesinn. Soudatt de Maurice wéi d´Fauscht op d´A passe konnt. An dat wollt hien. Onbedéngt. Firwat sinn eigentlech därmoosse vill Leit sou därmoosse benzeg dorobber, ze definéieren, wien si sinn, wat fir een Typ vu Mënsch. A wann hinnen dat wierklech esou wichteg ass, wisou dann op sou eppes Orakelhaftes wéi Froebéi vertrauen, déi en plus an tëscht warscheinlech mat enger KI generéiert ginn? De Maurice weess haut grad esou vill iwwert seng Perséinlechkeet auszesoen ewéi deemools. Nämlech, datt hien ee vun deene Mënschen ass, déi gären eng hätten – eng Bezéiung. Ëm sou méi grouss ass d´Freed, wéi op eemol „Test ofgeschloss“ um Bildschierm steet. Mat engem erliichterte Grinsen dréckt de Maurice op „Weider“.
„Lo brauche mir just nach ee puer Donnéeën, fir dir déi passend Profiller kënne virzeschloen!“
D´Mondwénkele ginn nees no ënnen. Däin Alter? Deng Figur? Deng Gréisst? Bass de Fëmmert, Net-Fëmmert? Wat ass däi Beruff? Wéi ass déi Familljestand? Hues du Kanner? E Kannerwonsch? Wéi ass däin akademeschen Degré? Wéi héich ass däi järlecht Brutto-Akommes? Huet déi Inquisitioun dann nimools een Enn? Wat kënnen déi nächst Froen nëmme sinn? Wéini hues du fir d´läscht an d´Bett gepisst? Bass de schonn eng Kéier friemgaangen? Waars du scho mol bei engem Psychotherapeut? An engem Bordell? Wann s de fuerzt, ass dat éischter haart oder sténkeg oder béides?
Iergendwann muss een zwar och eng Paus aleeë … De Maurice klappt säi Laptop zou an trëppelt an d´Kichen, fir sech en zweete Gin Tonic ze mixen. Dobäi wier hie bal iwwert den Jim Morrison getrollt, deen hie scho komplett vergiess hat. D´Valérie, seng bescht Frëndin, hat him den Hond de Moie laanscht bruecht. D´Schwéiermamm, déi eigentlech de Weekend op den Jim Morrison oppasse sollt, huet eng Mogripp erwëscht, a sou kuerzfristeg war an der Muppepensioun keng Plaz méi ze kréien. Richteg wuel war kengem vun hinnen dobäi: weder dem Valérie, nach sengem Mann, nach dem Maurice. Der Schwéiermamm natierlech och net – ha, ha. Hien hëlt e puer Schluppen aus sengem Glas, kuckt wärenddeems skeptesch erof ob de Buedem. Den Jim, sou ee Mippche fir an d´Posch, läit op sengem Këssen a wackelt gemittlech mam Schwanz. Dovun ofgesinn, datt et villäicht eng Frisur wéi den Jim Morrison huet, ass dat Déierchen net wierklech eng Beauté. Et richt och net wéi eng Beauté. Nawell hätt de Maurice op eng Dosen där Flockien opgepasst a souguer op dem Valérie seng Schwéiermamm, wann et hätt misse sinn. Nëmme wëll et dobaussen nach Frae wéi hatt ginn, huet de Maurice d´Bengele well net bei d´Tromm gehäit. Mä liicht maachen se et engem dat net. Lo kënnt nach bal dee schwéiersten Exercice: Lo muss hien eng Foto vun sech eroplueden an ee Profiltext schreiwen …
Mat der fräier Hand scrollt hien duerch d´Mediathéik vu sengem Handy. Keng Foto, op där hien net domm drakuckt, eng Grimass schneit oder nieft senger Ex-Frëndin steet. Séier en neie Selfie maachen? Funktionéieren déi zwee Wierder „séier“ a „Selfie“ iwwerhaapt nach zesummen – mat dem ganze Katalog u Froen an Iwwerleeungen, deen sech da géing opdoen: Wou, wéi, mat wat …? Des Läscht hat seng Schwëster him nach erzielt, datt immens vill Männer op Tinder a Co. Fotoe vun sech géinge posten, ob deenen si ee Fësch an d´Luucht halen. Onbewosst géingen si dat maachen, fir de Fraen ze weisen, datt si gutt Jeeër sinn, staark a potent. A virun allem topeg, huet seng Schwëster fonnt. Wat géif et dann aussoen, wann hien sech mat engem Gin Tonic géing fotograféieren? Oder mam Jim Morrison um Aarm? Wéi kéint dat ausgeluecht an interpretéiert ginn? Dat hien ee sougenannte Bonvivant ass oder en hondsgewéinlechen Alkoholiker? Ee vertrauenswürdege Mann, dee gutt mat Déieren ëmgoe kann, oder eng traureg Kreatur mat Schoussmippchen? Ech posten einfach mäin éiwege Bildschiermschoner, decidéiert de Maurice, eng Foto vun engem Bonsai. Engem Bam, dee Rou a Geloossenheet verkierpert. Villäicht kéint een amplaz vun engem Profiltext och einfach „siehe Foto“ dohinner schreiwen. Oder mengt een dann, hie wier grad ewéi en echte Bonsai, dat heescht: kleng, krëppeleg a fleegeintensiv. Kee Mënsch wëll esou eppes. Wann, da wëll een e Mann, deen sech ëm esou ee Bam këmmert. „Ech hunn ee Bonsai“, tippt hien an dee fräien Espace ënnert der Foto. Wat awer lo bëssen den Androck mécht, wéi wann dat alles wier: Alles, wat hie besëtzt a wat hien als Persoun ausmécht. „Ech heegen a fleege meng Bonsaien.“ Dat kléngt scho vill besser. Oder ass d´Mehrzahl vu Bonsai, Bonsai mat s. Oder Bonsaii? Am Fong misst a sengem Profiltext stoen: „Wann ech bei mengem zweete Gin Tonic ukomm sinn, denken ech iwwer d´Mehrzahl vu Bonsai no“ …Schlussendlech fält säi Choix op eppes ganz anescht. Op déi zwee passend Wierder „Männlech a Single“.
Nodeems de Maurice gesäit, wéi vill weiblech Singelen him aus senger Ëmgéigend ugewise ginn, versteet hien iwwerhaapt net méi, wisou en net schonns éischter op all déi Leit gelauschtert huet, déi et gutt mat him gemengt an em déi Site recommandéiert hunn. Firwat en sech esou laang dogéint gestrieft huet. Wann och nëmmen d´Hallschent vun deenen Accounten echt, dat heescht keng Bots sinn, ass hien op der gewonnener Säit.
An enger éischter Phas kann een sech vun all Kandidatin fënnef Informatiounen ukucken: den Numm, de Beruff, den Alter, den éischte Saz aus dem Profiltext an eng onkenntlech gemaache Foto. Réischt wann ee bezilt, ginn d'Fotoe an d´Chat-Funktioun fräigeschalt. Zu deene Singles, déi him virgeschloe ginn, gehéieren eng Handvoll Dokteschen, zwou Fraen, déi am Justizministère schaffen, eng Dosen Infirmièren a Jofferen, all ënner véierzeg. Mat enger vun hinnen (Fabienne, 38 Joer, Primärschoulsjoffer) huet hien eng Iwwereneestëmmung vu ganzer 98 Prozent! Hie schéckt dem Fabienne direkt een Häerz. Falls hat positiv dorobber reagéiert, huet hien dono d´Méiglechkeet, him ze schreiwen. Also, nodeems hien en Abonement ofgeschloss huet. Kloer, déi musse jo och vun eppes liewen. Fir d´Zäit ze iwwerbrécken, bis d´Fabienne sech bei him gemellt huet, kuckt hien sech säi Profil méi genee un. Um rietse Bord stinn nach eng Rëtsch aner Informatiounen, déi hien am Eifer des Gefechts iwwersinn hat. D´Fabienne ass 1,67 Meter grouss, huet eng normal Figur, fëmmt net, ass gescheet a lieft an engem Haushalt mat zwee Kanner.
„Kanner“, pëspert de Maurice nodenklech virun sech hin, „Kanner, Kanner, Kanner ...“ A senger Altersgrupp si logescherweis vill Mamme vertrueden. Dat war him kloer, ouni him wierklech bewosst ze sinn, wann dat Sënn ergëtt. Ee Wësse wéi ee Som, denkt hie scho liicht beschwipst, dee fir d´éischt op déi richteg Bedingungen huet missen treffen, fir mam Wuessen unzefänken. E bësse Sonn, e bësse Reen an hëpp, kennt d´Wëssensplanz aus dem Buedem geschoss. Hien ass iwwerrascht, datt seng Haltung zu dësem Thema och schonns an dësem komesche Som enthale war. Well ofgesinn dovun, datt schlecht ofzeschätzen ass, ob hien zu deem Mënscheschlag gehéiert, deen sech an enger Partnerschaft mat de Kanner vun engem aneren arrangéiere kann, ass hien op mannst sécher, datt hien et am Eeschtfall op ee Versuch wéilt ukomme loossen.
Zwou Stonne méi spéit ass nach ëmmer kee Liewenszeeche vum Fabienne komm an de Maurice pecht hoffnungslos um Bildschierm. Hie studéiert all Profil mat enger Iwwereneestëmmung vun iwwer 50 Prozent. Dat sinn der eng Jett. Der eegener Beschreiwung no huet all Single-Fra op dësem Site eng normal Figur, ass éierlech, oppen, positiv agestallt, an net wéineg vun hinne sinn Elengerzéiender. Dat mat der Scheedungsquot an de Kanner ass, wéi gesot, guer net säi Problem. Wat hie méi mësstrauesch mécht, dat sinn déi aner Punkten. Wien ugëtt eng normal Figur ze hunn, deen ass warscheinlech déck oder op mannst mockeleg – dat ass dat neit normal. Wéi schreift e wier éierlech, ass villäicht genee de Contraire. „Oppen“ kéint grad sou gutt „konturlos“ heeschen, a „positiv agestallt“ eng Mentalitéit à la „méi schlëmm kann et jo bal net méi ginn …“. Hie schummt sech zwar e bësse fir dee Gedanken, mä: Wat, wann sech ob dëse Säiten nëmmen déi iwwerméisseg ängschtlech, verlueren oder geschiedegt ronderëm dreiwen? Déi, déi net méi e léiwe klenge Knacks hunn, mä een décke fette Rass. Bei de gescheete Mammen ass et ëmmerhin denkbar, datt si ganz normal an der Bier sinn, just eben zu deene gehéieren, déi keng Chance am Liewen hate: No zwee, dräi Kanner ass d´Léift futsch an op eemol steet ee mat Enn Drësseg eleng do. Pech gehat. Awer lo schéin éierlech, oppen a positiv bleiwen. Ma déi aner … et muss dach e Grond ginn, firwat déi an deem Alter nach celibataire sinn. Anerersäits ass hie jo selwer Single. Wat ass da mat him lass? Hie ka jo dann och net dat grousst Lous sinn. De Maurice iwwerleet eppes an déi Richtung ënnert säi Bonsaibild ze posten: „Ech si villäicht net dat grousst Lous– “ Leider fält him weider näischt an. Iwwerhaapt näischt. Da bleift e besser bei „Männlech a Single“. Villäicht fënnt d´Fabienne déi Zesummefaassung esou schiel, datt se scho rëm gutt ass. Wat bei deenen anere Männer wuel sou steet? Virun allem bei deene gescheeten? Schuet, datt een sech dat net ukucke kann.
Nom drëtte Gin Tonic:
„Hond“, seet de Maurice scho relativ voll an zimmlech traureg, well weder d´Fabienne nach eng vun deenen anere Fraen, nach ee Bot sech bei him gemellt huet, „a wéini hues du da fir d´läscht an d´Bett gepisst? Järlecht Brutto-Akommes? Virbestrooft? Lo kuck net sou, ech maachen de Geck.“
Den Jim Morrison kuckt definitiv net normal. An de Maurice brauch definitiv vill ze laang, fir sech drun ze erënneren, wat d‘Valérie him gesot hat: Wann den Hond eng Schnuff schneit, wéi wann e schonn eng Woch laang näischt z´iesse kritt hätt, dofir all Dag gebeetscht ginn ass, muss en dringend ob d´Toilette. Ee Gléck wunnt de Maurice direkt bei engem Park. Hien hat zwar schonn déi elle Kazentoilette, déi d´Charlotte no der Trennung ni siche komm war, aus dem Keller ropgeschleeft, well en absolutt keng Loscht hat, mam Hond spadséieren ze goen, mä e bësse frësch Loft konnt den Owend sécher net schueden.
Lo huet schonn déi zweet Hondsmeeschterin him zou gelaacht. War de Maurice da blöd? Hien hat ee ganzen Dag en Hond! Et gëtt näischt besseres, fir Frae kennenzeléieren, wéi mat engem Hond spadséiere goen. Een Hond, dat ass een Aushängeschëld. Eent, wat seet: „Schäiss op all déi potent Jeeër dobaussen. Ech si bindungsfäeg, trei, op mech ass verlooss.“ Souguer wann dono rauskéim, datt den Jim guer net säin eegenen Hond ass, wier hien ëmmer nach eng Persoun, där aner Leit hiert Hausdéier uvertrauen – wat op dat nämmlecht rauskënnt.
Doriwwer eraus, datt seng grouss Léift him lo all Minutt iwwert de Wee wäert lafen, huet et eppes, mat sou engem Mippche spadséieren ze goen. Den Jim ass zwar schonn ural a geet (souguer fir een uralen Hond) immens lues, ma grad dat erënnert de Maurice un déi kleng Trëppeltier mat sengem Bopa. Et war schéin ze gesinn, wéi all Mënsch extra op d'Säit gaangen ass, wann si zwee iwwert den Trëttoire spadséiert koumen, oder wéi gedëlleg d´Autofuerer beim Zebrasträife gewaart hunn, just well säi Bopa sou iwwerdriwwe lues gaangen ass, datt een nëmmen nach Respekt virun deem Effort konnt hunn. Hie wäert senger Zukünfteger – dem Michelle, Sarah, Caroline, oder wéi Hondsmeeschterinnen ënner 40 haut heeschen, vu sengem Bopa an deenen Trëppeltier erzielen.
An do kënnt et och schonn, d´Michelle-Sarah-Caroline. Et huet eng normal Figur, keng Zigarett am Grapp, dofir ee risegt Laachen am Gesiicht, grouss e wéi ee Kichelchen. Hat kënnt op de Maurice duer, béckt sech erof bei den Jim Morrison a seet: „Awwwww, wat huet en dann nëmmen, deen aarmen Hond?“ Wéi, wat en huet?, denkt de Maurice a kuckt erféiert erof. Ass den Hond blo ugelaf, well hien ze vill un der Léngt gerappt huet? Huet en sech an engem Koup gewänzelt an ass schassbrong? Feelt him en Aen, en Ouer, oder soss eppes, well de Maurice net genuch opgepasst huet? Hie gesäit awer keng Verännerung um Hond. Versteet et net. Kuckt nach emol erof. An da versteet en et op eemol immens gutt. „Deen huet näischt!“, äntwert e beleidegt, dréckt sech laanscht déi onverschimmte Persoun a geet weider. Geet rëm heem.
An Tëscht sinn zwee Messagen op sengem Account ukomm; alle béid vun Dammen, déi mat Sécherheet net existéieren oder vun där Zort sinn, déi Sue fir hir Déngschter froen. Hien hat zum Schluss tonnen Häerzer verschéckt, scho bal wallos, fir éierlech ze sinn, an dat war d´Resultat? Weder eng Fra mat Réckfuerkamera, nach eng mat dräi Kanner? Déi ganz Saach wier bal fir ze kräische gewiescht, – déck Krokodilstréinen an de véierten Gin Tonic –, wann him net op ee Coup den Jim Morrison op de Schouss gesprong wier. D´Leit soen ëmmer, datt Hënn eis Gefiller erschnoffelen an eis am Noutfall tréischte kommen. Wie weess? Villäicht hunn si dee Geroch just mega gär, de Geroch vun traurege Leit, denkt de Maurice. Den éischten Ament weess hien och guer net, wat e mat deem Déierchen op sengem Schouss ufänke soll. Mä, wat mécht ee scho mat engem Hond? En heemelen, him schéi schwätzen an e Selfie mat him maachen. Dobaussen, op der Strooss, huet hien dem Valérie säi Mippche fir d´éischte Kéier a sengem Liewe richteg gesinn. Dat heescht, hien net als bloussen Unhängsel oder als Iddi, als Hannergrondgedauschs wouergeholl, mä esou gesinn, wéi hie wierklech ass.
„Du hues näischt“, widderhëlt hien douce, awer grad sou iwwerzeegt. „Also dach … Du hues ee struppegt, stompegt Fell, bass dier, hues komesch Knuppen un de Been, eng schrompeleg Schnuff, a Glubschaen, déi ausgesinn, wéi wann se scho mat Schnapp op d'Welt komm wieren. Mä, du hues näischt!! Kuck, souguer eng elle Mouk wéi s du – vu wegen Jim Morrison, du misst eigentlech Mick Jagger heeschen – ass iergendwann aus dem Déierenasyl matgeholl ginn. Et ass alles eng Fro vu Matleed. Vun Hoffnung oder vu wat?“
Merde. Hie muss dringend an d´Bett. Net, datt hien den Owend nach eng komme léisst: Dem Fabienne dohinner pucht, datt him seng Knuppen egal sinn, soulaang hatt am Déierenasyl bleift, oder schlëmmer, säi ganze Konto nees läscht oder nach schlëmmer, dem Valérie Dommheet schreift. ´t ass laang hier, datt en dat fir d´Läscht gemaach huet. Do war hat nach net bestuet.
Main léiwen Einstein, muer ass och nach en Dag fir verréckt ze ginn – gell?