Furiano, Claudine: De Kierper, D'Déieren vum Bauerenhaff, D'Kichen, Mëllechzännsammlong

Mammesprooch mat der Mammemëlleg

d'Lëtzebuerger Land du 09.05.2002

Um leschten CSV-Kongress an dës Woch an der Chamber huet de Staatsminister ugekënnegt, datt d'Lëtzebuergescht déi grouss Integratiounssprooch vum 700.000-Awunner-Stat gi muss. D'Actioun Lëtzebuergesch schreift houfereg, datt d'CSV an d'LSAP hir versprach hätten, datt d'Lëtzebuergescht elo bei der Revisioun och nach an d'Konschtitutiou stoe kéim - da kann och nach d'Verfaassongsgeriicht drop oppassen. Nodeems den Henri Meier schons 1924 dem Dicks seng Mumm Séis op Ido iwwersat hat, huet elo zu Frankfurt e Braunschweiger, deen nach ni zu Lëtzebuerg wor, e ganzt Buch op Lëtzebuergesch geschriwwen.

An als weidere Rekord koum grad déi klengste Luxemburgensia eraus. Net dem Hubert Reulandt seng 70 mol 40 Millimeter kleng Editiou vu 1620 vum Thomas vu Kempe séngem De Imitatione Christi, ma Bicher op Lëtzebuergesch fir déi klengste Kanner, där vun 18 Méint un.

D'Claudine Furlano vu Mäerzeg huet an hiren Éditions Zoom, déi si am leschten November gegrënnt huet, eng Kollektiou mam Titel Mëllechzännsammlong ugefaang. Fir zerguttster schreiwen ze léieren, mengt si, wier et nämlech wichteg, datt schons ganz kleng Kanner den Zesummenhank vum Bild an dem geschriwwene Wuert erkennen. A well haut ëmmer méi lëtzebuergesch geschriwwe géif, kéimen dës Bicher elo grad zupaass. Déi Klengst sollen also déi offiziell Schreifweis vun hirer Mammesprooch schons mat der Mammemëlleg erasuckelen.

Déi dräi éischt Bicher an där Zeri vum Claudine Furlano heeschen De Kierper, D'Déieren vum Bauerenhaff an D'Kichen. Bis op d'Äifeler Regel gouf d'Schreifweis vum Carole Molling korrigéiert. Op all Kéiers zeng décke Kartongssäite si fuerweg Biller vu Kierperdeeler, Déieren ueder Kichegeschir, ënnert deenen am éischten an zweete Band just den Numm, wéi "d'Zong" oder "d'Kou", steet, am leschten och schons ganz Sätz wéi "de Frigo ass kal" an "d'Buch ass dréchen". Et kann ee sech jo net fréi genuch virun dréchene Bicher an Uecht huelen!

 

Claudine Furlano: De Kierper, D'Déieren vum Bauerenhaff, D'Kichen. Mëllechzännsammlong, Zoom Verlag, Mäerzeg 2002, all Band 10 S., 4,90 Euro

 

 

 

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land