E podologeschen Exkurs

Uwe, bei Fuß!

d'Lëtzebuerger Land du 14.04.2023

„Déi eppes un, mir gëtt et kal wann ech dech gesinn!“, giff een am léifste soen, wann een dee plakege Fouss gesäit. Hei zu HH. Dee mech un deen anere plakege Fouss erënnert, deen zu Tréier. An der aler Réimerstad haten se deemols zwee Joer Virsprong op déi jonk Hansestad, déi jo och eng zanter dem Summer verwaisten HSV-Seeler-Stad ass. Zwee Joer virun der Muselstad hunn se an der Elbestad eppes opgeriicht, wat haut do steet: e Fouss, e gigantesche Fouss.

Stark historesch gebilte Geeschter giffen elo meckeren a soen, „Quatsch, Tréier huet do en enorme Virsprung vun – soe mer – bal 1 700 Joer, vum Keeser Konstantin bis haut, dat ass net ze toppen“. Anachronistesch Iwwerleeungen soll ee si loossen. Oké, awer hei nach esou eng: 2003 gouf e lëtzebuerger Premier Éierebierger vun Tréier a war do a schlechter Gesellschaft: 1933 haten déi den Hitler zum Éierebierger ernannt, an datt dat e Fehler war hunn se erréischt 2010 gemierkt a réckgängeg gemat, arme Premier. Passons. Mä och deen huet esou gär Football gespillt, Mëttelstiermer, versteet sech.

Eriwwer also bei déi wichteg Daten: zu Hamburg, beim Volksparkstadion, steet schonn zanter 2005 en Denkmal, dee Fouss, fir einen großen Sohn der Stadt, giffen se zu HH soen, fir den – of course – Uwe Seeler, Footballspiller, grouße Käppert, HSV-Idol etc. pp.

Zu Tréier – wéi dat deenen hier Gewunnecht ass – haten se 2007 eng Réimer-Ausstellung organiséiert fir, nu jee, irjendwéi och e grossen Sohn der Stadt, wann et net de Papp war, de Konstantin de Groussen. A wat hunn se gemat zu Tréier: iwwer déi ganz Stadt verdeelt – z.B. bei der Basilika, beim Musée a bei den Thermen – hunn se dem Keeser Konstantin säi Fouss dorëmmer gestallt, Schuhgröße 315, wosst eng Zeitung, iwwer eng Tonn schwéier. Geschloen aacht Exemplaire vun deem Fouss haten se bestallt, obschons de Konstantin keen Octopus war; dat do war éischter Octo-Pub fir dee Keeser, an deem sengem Imperium
virun eben 1 700 Joer d’Treverer-Land (also mir mat) louch.

Mä déi Féiss – dee vum HH-SV an dee vun Tréier – déi sinn allebéid copy-paste. D’Original ass aus dem Joer 312, opgeriicht fir ze feieren: fir den Triumph – in-hoc-signo-vinces – vum Konstantin iwwer sei Konkurrent Maxentius. An de Fouss war nëmmen e butzegen Detail vum Konstantin senger Kolossalstatu. Déi war am ganzen 12 Meter héich. Ëmmerhin: dem Seeler sei Fouß ass fënnëf Meter héich, zwee Meter breet, d’Schonggréisst weess ech net, mä se muss enorm sinn. D’Künstlerin Brigitte Schmitges huet sech evidenterweis vun der antiker Konstantin-Skulptur inspiréiere gelooss an dem Football-Imperator Seeler en Denk-mal! gestallt. Dat hautjesdag iwwregens e bëssi koppech ass.

Ech war kucken. Do steet virum Volksparkstadion also e rietse Fouss, ouni Schong an Huesen, a Keelt an Hëtzt. Wéi wann deen iwwerdimensionale Seeler, vun deem ee nëmmen de Fouss gesäit, wéi wann dee Mann nom Match ënner der Douche giff stoen. Et kuckt een instinktiv no de Buedschlappen, net datt dee Fouss nach e Pilz kritt. E plakege Fouss also als Denkmal fir e Footballspiller – also footballistesch ass dat abstrus, well teutonesch Footballspiller hu bei der Aarbecht deemols eppes vun Adidas oder Puma gebraucht fir kënne Goaler ze schéissen.

Parenthèse: Ier ech Handball a Basket gespillt hunn hat ech Foussball probéiert, hun do engem Mëttelstiermer Flanke gemeet, déi deen dann heinansdo verwäert huet oder och net, a meng Schong waren ëmmer där ganz schlechter, Ierfstécker vu jonke Nopesch-Männer, déi zu Hueschtert gespillt hunn. Déi Schong waren heinandsdo zimlech futti a ramponéiert, wann se als Kaddo komm sinn; ech erënnere mech un e Lach vir am rietse Schong, mat deem ech e Corner geschoss hunn an duerno hat ech duerch e Lach am Schong en décke Klomp Kräid vum Corner-Kreess am Schong hänken, eng speziell Corner-a-Schong-Humiliatioun, déi ech ni richteg erausgerëselt krut, en arme-Leits-Leed. Fermer-la-parenthèse.

Wou war ech? A jo, beim Seeler-Fouss, deen total onmartialesch a sënnlos nackig do steet, a ronderëm deen op engem Oval aus gréngem Kunstrasen Käerze stinn – vill waren der am Summer ëmgekippt an de Wuess ass ausgelaaf, verwielegt Blummen, och Biller a Bicher a Bréifer an Zeitschrëften, déi no Reen a Frascht a Sonn, naass a gedrëchent, verdiebelt sinn, Devotionalie quoi, wéi wann de Fouss virun 18 Joer opgeriicht gi wier, fir nom Seeler sengem Dout do ze stoen.

Den Torschützenkönig Seeler an de Keeser Konstantin – on a pris leur pied. Wat u sech abstrus genuch ass. Well dem Konstantin säin titanescht Denkmal dat war net dat vun engem Imperator, deen do steet oder geet, et war de Keeser, deen, à la Jupiter, du sutz, op engem Troun svp. A vun där Statu gëtt et zimlech vill Reschter notamment de Kapp, eng enorm Bëls. A wa si da schonns bei déi al Réimer kneipe geet, dann hätt d’Künstlerin jo bescht Grënn gehat fir dem Seeler sei Kapp imperial ze presentéieren. Well deen huet jo ganz vill vu senger Goaler gekäppt, mam viischte Kapp, der héiger blousser Stier, oder mam hënneschten Kapp, cf. WM-Mexiko 1970 géint d’Englänner. E Seelerkapp wier besser gewierscht wéi dee plakege Fouss. Oder nach besser: de Seeler am Sëtzen. Well et ass jo einfach esou, datt hien ee vu senge famouseste Goaler am Sëtzen geschoss huet, e Jupiterblëtz aus heiterem Sessel und Himmel. Geschoss mat deem Fouss, deen do elo esou dynamesch steet, op der Foußspëtzt, um Ballen. Wann et reent, kéint ee vun de villen Hamburger Clochardën ënner dem Talong schloofen.

An, denkt ee sech, irjendwou muss deen anere Fouss sinn, dee lénken, dee mam Standbeen, well soss kippt alles.

A vu datt sein HSV elo iwwer d’Dierfer tingele muss, well e nëmme nach Zweite Liga spillt, kéint ee sech haut och eng Skulptur vum Seeler virstellen, dee mit hängenden Schultern, gramgebeugt do kënnt, wéi op där Foto, wou e geknätscht e gedeemütegt bei d’Queen trëppelt, WM 1966, vir nom Skandal-Tor säin zweete Präis sichen ze goen. Nodeems, gedier, d’Englänner an de sowjetesche Linienriichter Bəhramov, beim faméise Wembley-Goal Alliéierter géint déi Däitsch waren, 21 Joer no ‘45 sollten déi net nach eng Kéier wéi ‘54 Welt-Meister ginn. Von wegen Imperium reloaded. Mä wéi sollt d’Sculpteuse am Joer 2005 och nëmmen drun denken, datt den unabsteigbaren HSV och nom Dout vum Seeler schonn zanter fënnef Joer nach just zweete Choix ass. Den HSV huet och an der Saison 22-23 Heimspiller géint, euh, z.B. Heidenheim. Wou a wat ass dat? De Seeler-Fouss als Tröster der Betrübten.

A wéi ech an der Keelt elo beim Fouss stung hunn ech gesinn, datt e pur Pilger ëm dee Fouss gaang sinn an op de Buedem gekuckt hunn. A wat hunn ech mat hinne gesinn, wat war am Summer tëschent de Blummen an de Kärzen verschwonnen: et woren déi vill kleng Placken, déi Spaléier leien, am Oval ëm de Fouss.

Ech wier näischt ouni meng Leit – huet emol eng Kéier e lëtzebuerger Premier gesot. Dat schéngt och fir uns Uwe ze gëllen. Zech fréier HSV-Gréißten sinn op deene Placke versammelt, dem Seeler sei Brudder, de Goalkipper Ulli Stein, de Felix Magath, de Kevin Keagan, den Ernst Happel – fir der nëmmen e puer ze nennen. An alleguer sinn Memento am klengen. Vun de Feldspiller ass ëmmer a Naturgréißt déi plakeg Foußsuel op der Plack derbäi a vun de Goalkeeperen déi plakeg Hänn – wéi wa sengerliewen e Proffi Football ouni Schong gespillt oder am Goal ouni Händsche gestan hätt. „Für Menschen, die Spuren hinterlassen“, steet do als Kommentar dertëschent. Effektiv, dat huet eppes Menschelndes, eppes wat joerdausende-déif an der humaner Ikonographie säin Ursprong huet. D’Ofdréck vun den Hänn erënnere massiv u prähistoresch Grotten, wou d’Hielenawunner hier rout gefierwten Hänn widder d’Wänn gedréckt hunn, op éiweg do eng perséinlechst Signatur hannerlooss hunn. Wat d’Féiss beim Uwe-Fouss ubelangt ass dat méi komesch: déi gesinn eben aus, wéi waan ee vun ennen e Mënsch géif be-
kucken – oder wéi wann dee plakeg op enger Drobier leie géiff. Ech si wuel net Foussfetischist genuch fir déi Abgüsse ze appreciéieren.

Dee Krees vu ville Féiss an e pur Hänn seet nach eppes aneschtes: hei ass eng table ronde gebaut ginn, eng Tafelrunde vun dapere Ritter ronderëm de Kinnek; de Seeler ass den Arthur, dat hei ass eng speziell légende uwérienne. Vill Klénger also ronderëm een Décken, de Keeser a seng Prätorianer, hien wier neischt ouni seng Leit. A mir aner Plebs sinn op enger Umlaufbahn, déi ganzech wäit ewech ass vun deem engste Krees.

Wat och net anescht ka sinn. Well de Seeler von den Toten auferstanden ass: kuckt sei Fouß, deen erëm gesond ginn ass nodeems en dout war. Je m’explique: De Seeler hat jo en Achilles-Sehne-Rass, 1965. Den Achilles ass dorunner gestuerwen, datt seng eenzeg verwondbar Platz gewosst war an attackéiert ginn ass. De Seeler? Normalerweis, 1965, fir e Footballspiller als Fußballspieler war dee Rass en Doudesurteel, fin de carrière, deemols, 1965. A wat mécht de Seeler: no Operatioun ass hien erem gesond, spillt weider, Resurrectioun, Ouschteren um Terrain. Wien do net gleeft.

A propos. Ech Thommes hun déi Feescht méi genee gekuckt, well do misst jo eng gigantesch Läinzeechen anzwousch ze gesi sinn. Ech hu keng gesinn, vläicht sinn ech ze kleng. An ech sinn e pur Schratt tëschent all deene Devotionalien erduerch bei de Fouß
gaang an hu widder d’Feescht getéckt; et huet huel geklong.

De Seeler war jo netzelescht esou beléift an Däitschland well hien net an d’Ausland spille gang ass, well en zu Hamburg bliwwen ass, einfach, bödenständig, normal – dat si seng Attributer, een ewéi s Du an Ech, keng Star-Allure wäit e breet, gréißt Tugend: hien wier eben notamment dem Fric-Imperium op Mailand net nogelaaf. A just deem Seeler säi Fouss gëtt hei réimesch presentéiert; op seng al Deeg ass hien also awer nach an Italien exportéiert ginn, ass podologesch e Legionnaire ginn; feelt nach just, datt se sengem plakege Fouss eng caliga ugedoen hätten, fir hien ënner d’Douche ze schécken. De Seeler als Gastarbeiter. Deen doheem bliwwen ass.

nico graf
© 2023 d’Lëtzebuerger Land