Dës Woch gouf et nëmmen dräi Deeg Prozess am Nieweprozess-Bommeleeër a mëttwochs owes e gellege Knuppert: D’Procureure Dominique Peters huet an hirem Requisitoire héich Strofe gefuerdert géint fënnef Ugekloten. Nëmmen een, de Marcel Weydert, soll ouni Strof dervukommen. An déi aner missten all bestrooft ginn, well se express a mat der „intention de nuire“ am éischte Bommeleeër-Prozess gelunn hätten an eben och an dësem, deen elo Nieweprozess genannt gëtt. „Waren d’Täter, also d’Bommeleeër, eventuell bekannt fir déi Ugekloten?“, huet d’Procureure gefrot an déi Fro implizit mat Jo beäntwert. An hunn si dat zouginn? Do ass d’Äntwert Neen.
Ugefaang mam fréieren Police-Chef Pierre Reuland. Hien soll fënnef Joer Prisong kréien. 36 faux témoignages ginn him zur Laascht geluecht. Hien hätt de Geck mat der Justiz gemaach, hätt dobäi eng grouss „Dreistegkeet“ gehat an d’Wahrheitsfindung torpedéiert. Och wéint senger hätt sech juristesch alles esou laang higezunn – wat jo elo all Mënsch beklot. Den Haaptreproche bezitt sech op déi vermasselt Observatioun Ben Geiben Enn Oktober 1985. Do wëll de Reuland net implizéiert gewiescht sinn, mee sechs credibel Zeie géifen de Géigendeel soen.
De fréiere strenge Gendarmeries-Chef Aloyse Harpes soll zwee Joer Prisong kréien. Hien wier en incontournabelen Acteur an der Affaire gewiescht, hätt awer ëmmer gesot, hie géif näischt Geneeës aus der Enquête wëssen. Kontradiktiounen, Omissiounen, falsch Aussoen hätt hie gemaach, alles an säi Contraire gesot, besonnesch do, wou et ëm d’Observatioun Geiben geet. Do hätt hien alles gewosst a kontrolléiert a géif dat net zouginn. Enquêteuren a Srel-Leit hätten net ouni säi Wësse geschafft. Zwee däitlech Sätz vun der Procureure iwwer de 97 Joer alen Harpes: „E mécht wéi wann en näischt wéisst. E wëll eis net soen, wat en erausfonnt huet.“
Den Armand Schockweiler dann. Dräi Joer Prisong soll dee kréien, well hien hätt d’Justiz un der Nues erëmgefouert, hätt dacks auswäichend geäntwert ouni eppes ze soen. Besonnesch schlëmm: Ganz wichteg Piècen, also Beweisstécker, hätt hie verschwanne gedoen, zum Beispill eng Zündvorrichtung vun enger Bomm.
Den deemools ganz jonke Gendarm Guy Stebens soll mat 18 Méint Prisong bestrooft ginn. Och hien hätt egal wat gesot, fir net brauchen ze soen, wat hien iwwer d’Observatioun Geiben weess. Hien hätt alles mam Pierre Reuland ofgeschwat gehat, ouni dat elo zouzeginn. An datt ausgerechent a nëmme säi Calepin aus dem Joer 1985 verschwonne wier – net ze gleewen. Och de Guillaume Büchler soll mat 18 Méint Prisong bestrooft ginn. Bei der geplangter Observatioun Geiben zu Bréissel hätten dräi Enquêteuren de Geiben wuel begéint, dat awer vertuscht an doriwwer eemol dëst an dann dat gesot. Büchler a Stebens hätten aus falsch verstanener Loyautéit gelunn.
Deen eenzegen, deen net soll bestrooft ginn, ass de fréiere Brigade-mobile-Mann Marcel Weydert. Deen hat jo no vill Gedeessems zouginn net op enger Foto ze sinn, déi nom Kasematten-Attentat am Wort publizéiert gi war. Do steet awer ëmmer nach d’Fro am Raum, firwat déi als Bommeleeër ugeklote Scheer a Wilmes onbedéngt wollten, datt de Weydert op der Foto sollt sinn a net de Jos Wilmes.
Et sollt d’Woch vun de Revelatioune ginn, d’Woch vun den Explikatiounen. Déi wichteg Woch fir eng spéider Reprise vum Prozess géingt déi zwee Ugeklote Scheer a Wilmes. Déi zwee fréier Gendaarmen aus der Brigade mobile vun der Gendarmerie waren och daper all Dag am Prozess an hu gelauschtert, wat d’Enquêteuren an hir fréier Cheffen esou ze soen haten. A jiddereen, deen den éischte Prozess och nëmme vu weitem suivéiert huet, deen hat jo déi famous Sätz am Kapp, déi do gefall waren: „Et ass immens schwéier fir als éischten iergendeen Numm ze nennen“ (Guy Stebens); „D’Enquête geet bis op e bestëmmten Niveau, an dann ass Schluss“ (Pierre Reuland); „Jidder Affaire konnt opgekläert ginn, just dës net. Firwat?“ (Riichterin Conter); „Et wor net keen“ (Roby Biever); „D’Affaire ass eng Staatsaffär, déi net däerf opgekläert ginn.“ (fréiere juge d’instruction Prosper Klein).
En Enquêteur hat iwwer dem Guy Stebens seng faux témoignages rapportéiert. An deem Rapport (an a jidder Rapport duerno) ass et ëm déi avortéiert Observatiounen aus dem Oktober 1985 op de verdächtege fréiere Chef vun der Brigade mobile Ben Geiben gaang. Dee sollt zu Bréissel iwwerwaacht ginn. Dat ass schief gaang. De Geiben sollt dunn zwee Deeg drop op Lëtzebuerg kommen, sot deemools säi Frënd a Kolleeg Jos Steil. Zesumme mam Geheimdéngscht Srel ass eng Observatioun op de Geiben organiséiert ginn. Du sot de Steil stënterlech, de Geiben kéim net, deen ass awer komm, d’Bomm um Geriicht ass deselwechten Owend explodéiert, de Srel huet de Geiben erëm iwwerwaacht an him awer erlaabt à toute vitesse mat sengem BMW erëm heem op Bréissel ze rennen. Dat war sonndes, méindes war d’Spuer Geiben dout.
De Guy Stebens hat deemools déi Observatioun op de Geiben organiséiert. Iwwer déi avortéiert Observatioun wier awer net an der Gendarmerie diskutéiert ginn, et wier ni nogefrot ginn, wat do schif gaang ass. Et wier awer eng kruzial Saach fir d’Enquête gewiescht, huet de Rapporteur am Geriicht gesot. An hien huet insistéiert: Déi Observatioun wier en élément clé an der Affaire gewiescht, a wann do d’Dominosteng gefall wieren, wann do eppes erauskomm wier, da wier d’Kaartenhaus an de Koup gefall, an d’Affaire wier sécher opgekläert ginn.
D’Ugekloten duerften herno eppes soen zu dëser Saach. De Guy Stebens virop. Hien ass a bleift de Bouf am Dossier. Well hie war 1985 grad emol 25 Joer al, e jonken Offizéier am Léierprozess mat alen Huesen. Am Prozess wollt hien näischt soen, huet awer trotzdeem vill gesot. An och gekrasch. D’Tréine waren him direkt komm, wéi e gesot huet, hien hätt sech näischt ze reprochéieren, a schonn op kee Fall eppes Strofrechtleches. Säi Privatliewe wier op d’Kopp geheit gi wéint dëser Saach. Hien wier 19 Mol verhéiert ginn, 65 Stonnen am Ganzen, an hien hätt alles gesot, wat e wosst. An der Saach sot hien, hie wéisst – trotz senger Remark am éischte Prozess – keng Nimm.
Eng Enquêteurin huet am Geriicht de Rapport iwwer de Pierre Reuland presentéiert. Dee war 1985 Chef vun der Brigade mobile. Säi berüümte Saz vun der Enquête, wou op engem bestëmmte Punkt Schluss wier, déi huet jo all Mënsch als Brems a Warnung géingt d’Bommeleeër-Enquêteuren interpretéiert. De Pierre Reuland awer hätt déi Remark an de Verhéier erofgespillt, dat wier administrativ gemengt gewiescht, alles hätt eben en Enn, eng Banalitéit also. Et geet héich, mee net ganz héich, sot hien.
Am Rapport steet, de Pierre Reuland hätt och den Enquêteuren an dem Procureur Biever d’Aarbecht schwéier gemaach, hinne Steng an de Wee geluecht, wou et nëmme goung an hätt och versicht, quokeleg Passagen aus dem geplangte Gesetz iwwer d’Entrave à la justice erauszekréien. D’Enquêteurin sot, d’Observatioun Geiben wier e Schlësselmoment am Dossier a wien do net „A“ géif soe bréicht och net „B“ ze soen, an duerfir wéisst de Pierre Reuland an deem Volet ni eppes en Detail. Resümmee vun hier: „Et muss een dervun ausgoen, datt du gewosst war, wien d’Täter wieren.“
De Pierre Reuland huet dee Rapport kommentéiert mam Saz, hie wier selwer erféiert, wéi hien seng verschidden Deklaratiounen héieren hätt. Huet awer och ze verstoe ginn, hien hätt op alle méigleche Plazen Allméigleches gesot, dorënner wier wuel och Bistrosgespréich gewiescht. An der Saach sot hien: „Ech si net de Bommeleeër. Ech kennen deen net. Ech hunn näischt ze verstoppen.“ Méi nach: Wou wier dann säin Interêt ze léien? Fir awer selwer zouzeginn, datt hien en Interêt hat, quasi e perséinlechen. Well déi zwee Ugeklote Scheer a Wilmes, déi hätt hien zanter éiweg kannt. An hirem Requisitoire sot de Procureure, hien hätt seng zwee fréier Kolleegen no hirer Inculpatioun net gefrot, ob si et waren, mee ob et Beweiser géint si géif ginn. Typesch Reuland, sot si.
D’Woch vun den Enquêteurs-Rapportën a vum Requisitoire géingt déi fréier Gendarmeries-Cheffen hannerléisst bei den Observateure widderspréchlech Gefiller. Absënns och no de Reaktioune vun den Ugekloten. Beim Guillaume Büchler hat een d’Impressioun, hien hätt ni dierfen ugeklot ginn, ze kleng, ze oninteressant säi Job bei der Observatioun Geiben zu Bréissel. Beim militäresch strenge Chef Alyose Harpes huet wuel den Image vun der Gendarmerie, also de Corpsgeescht als Moteur vun allen Decisioune gebrummt. Beim Armand Schockweiler gouf et déi evasiv a widderspréchlech Aussoen.
Firwat, dat ass nach ëmmer dat Wuert wat permanent iwwer der Bommeleeër-Affaire schwieft. Kleng Äntwerte gi riskéiert: Revanche well de Ben Geiben aus dem Land gejot gi war? E bommege Kampf fir besser Ausrüstung vun der Gendarmerie ze kréien? A wat ass mat Nato a stay-behind, hunn déi mat geknuppt, absënns um Findel?
Alles Theorien, keng Äntwërt. Mee ëm d’Täter an d’Attentater geet et jo an dësem Prozess bis elo net. Et geet ëm faux témoignages aus dem éischte Prozess, huet d’Riichterin ëmmer da betount wann hir d’Richtung vum Débat grad emol net gefall huet. De Parquet hat am Virfeld matgedeelt: „Le faux témoignage en matière criminelle (…) sera puni de la réclusion de cinq à dix ans.“ Am Prozess sot d’Procureure awer och nach, bei circonstances atténuantes kéint een net ënner dräi Méint goen an op Nofro huet si preziséiert, gefuerdert Strofe kéinten d’office e Sursis hunn an dee misst motivéiert sinn. Do wäerten dann Alter a Gesondheet vun den Ugekloten eng grouss Roll spillen. D’Affekote plädéieren déi nächst Woch.