Zoom op d’Sprooch

Ech wollt froen, wat fir eng Negatioun richteg ass

d'Lëtzebuerger Land du 07.06.2019

Am InfoDesk vum Site vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft ass d’Fro vun der Negatioun vun den Nationalitéiten onbeäntwert bliwwen. An enger Übung si véier Reie Beispiller zitéiert, wou all Kéier d’Negatiounsform net oder de Negatiounsartikel kee(n) oder déi zwee ugekräizt kéinte ginn. Déi éischt Rei enthält Nimm vun Nationalitéiten, déi zweet Bezeechnunge vu Beruffer, déi drëtt an déi véiert Substantiver vu Sportsaktivitéiten. 1) Hien ass net/keen Italiener, Fransous, Däitschen … 2) Hien ass net/keen Informatiker, Dokter, Pilot … 3) Hie spillt net/keen Tennis, Fussball, Handball … 4) Hie fiert net/kee Schi.

Op den éischte Bléck schéngt den Exercice ganz einfach, well déi meescht Lëtzeburgophone bei all Beispill vu Nominalgrupp nämlech de Negativartikel keen asetze kéinten: 1) Hien ass keen Italiener, Fransous, Däitschen; 2) Hien ass keen Informatiker, Dokter, Pilot; 3) Hie spillt keen Tennis, Fussball, Handball; 4) Hie fiert kee Schi. – Mee dobäi muss gläichzäiteg och ervirgehuewe ginn, datt keen an all dëse Fäll net déiselwecht Bedeitung huet. An de Fäll 1 an 2 ass keen fir d’éischt mol de Negativartikel vun all Zuel a besonnesch vun der Zuel eent als Zeeche vun der Zielbarkeet oder vun der Individualiséierung1: 1) Et ass een/en Italiener, Fransous, Däitschen, et ass keen Italiener, Fransous, Däitschen; 2) Et ass een/en Informatiker, Dokter, Pilot; et ass keen Informatiker, Dokter, Pilot.

An de Reien 3 a 4 ass keen sengersäits den Negativartikel vum Nullartikel Ø (= Ech hu Ø/kee Courage! Hien huet Ø/keng Gedold!) Et geet hei ëm eng Quantitéit, déi zum Beispill duerch vill oder wéineg ersat ka ginn: 3) Hie spillt (Ø; vill …) Tennis (een*/en* Tennis ass net méig-lech). Hie spillt Ø (vill, wéineg …) Fussball (net ee*/e* Fussball). Hie spillt Ø (vill, wéineg …) Handball (kann net duerch een/en Handball ersat ginn. 4) Hie fiert (Ø, vill, wéineg …) Schi (de Quantifikator ka ganz bestëmmt net duerch ee*/e* Schi ersat ginn). An de Reien 3 a 4 ass keen net de Negativartikel vum Artikel een/en vun der Zielbarkeet, mee vun Ø (+ Nominaldeel vun de Prädikaten „Tennis, Fussball, Handball spillen“). De funktionnellen Ënnerscheed ass wichteg.

Komme mer dann nees op déi eenzel Froen zréck mat hire voll ausgeschriwwenen Äntwerten, wéi se zum Beispill am Exercicebuch Lëtzebuergesch fir all Dag: Lektiounen 1-8 (2000, Säit 33, 4.10 a 4.11) verlaangt ginn. 1) Ass hien (een/en) Italiener, (een/e) Fransous, (een/en) Däitschen? Neen, hien ass keen Italiener, kee Fransous, keen Däitschen. 2) Ass hien (een/en) Informatiker, (een/en) Dokter, (een/e) Pilot? Neen, hien ass keen Informatiker, keen Dokter, kee Pilot. 3) Spillt hien (Ø) Tennis/(Ø) Fussball/(Ø) Handball? Neen, hie spillt keen Tennis/kee Fussball/ keen Handball. 4) Fiert hie (Ø) Schi? Neen, hie fiert kee Schi.

Bedenkt een dann nach, datt d’Fro an de Beispillreien och jeweils ouni den Artikel een/ee funktionéiert2, an deemno an der Äntwert d’Negatiounsform net agesat gëtt3 an net de Negativartikel keen, da misst ee bal mengen, datt d’Übung am InfoDesk net geléist gouf, well se am Fong net ze maache war. D’Problematik vun der Negatioun ass guer net einfach an de Gebrauch vun de sougenannten Negatiounswierder (vrun allem net vs. keen) ass streng un d’Struktur vum Sazthema a Sazrhema gebonnen, soudatt en detailléierten Exposé vun der ganzer Theorie (Négation globale, partielle, rhétorique) an enger kuerzer Rubrik kaum méiglech ass4.

Dobäi kënnt dann zweetens och de Risiko – besonnesch an enger kontrastiver Hisiicht – datt zwou verschidden Ausdrocksweise semantesch oder kontextuell5 kënnen iwwerschat ginn. Esou fënnt een an den däitsche Grammatiken zum Beispill d’Generaliséierung vun der Reegel vum „artikellosen Gleichsetzungsnominativ“, wann et ëm Nationalitéiten, Beruffer, Titelen oder Weltanschauunge geet6, oder an der franséischer Schoulgrammaire vum „nom sans article en fonction d’attribut du sujet“ (= verbes attributifs + nom de nationalité, professsion, religion, titre6).

Dës Generalisatioune vum indefinit Artikel (am Däitschen) oder Nullartikel (am Franséischen) ginn dacks iwwerdriwwen, an d’Lëtzebuergescht funktionéiert warscheinlech hei wéi dat Fran-
séischt: Et/hien ass en Italiener (an enger „structure présentative, existentielle“), mee: Hien ass Italiener (an enger „structure attributive qualitative“). Op d’Fro: Bass de (een/en) Italiener? mat der globaler Äntwert: Neen, ech si keen Italiener oder Ech sinn net Italiener, Italiener sinn ech net, kann een an enger kombinéierter Deelnegatioun och äntweren: Mee (ech sinn Ø) Hollänner oder, fir an der Aktualitéit vun den Europawalen ze bleiwen, Europäer.

1 Dacks ass an dësem Fall rieds vum indefinit Artikel. Beispill: Hien ass *Mann ass ouni den Artikel een vun der Zielbarkeet net méiglech.

2 Ass hien Italiener/Fransous/Däitschen/Informatiker/Dokter/Pilot? (cf. weider ênnen)

3 Neen, hien ass net Italiener/Fransous (mee keen Däitschen?)/net Informatiker/net Dokter/net Pilot.

4 Cf. d’Thees vum Jean-Marie Zemb: Vergleichende Grammatiken: Französisch-Deutsch, déi hiren Afloss op d’Grammaire vum F. Schanen a J. Zimmer huet (Schortgen 2012): le „négateur“ net (§§ 354-357). Cf och Literatur iwwer d’Negatioun am Duden 4
§ 1220.

5 Sou e Beispill gëtt de Peter Eisenberg am
Duden 4 mat folgendem Commentaire: „Eindeutig negiert hier nicht: die Negation durch kein lässt demgegenüber offen, was für eine Qualität negiert wird. Sie ist nicht Krankenschwester ( = Das ist nicht ihr Beruf). Sie ist keine Krankenschwester
(= Sie verfügt nicht über die Fähigkeiten bzw. Eigenschaften einer Krankenschwester).

6 Cf. Duden 4: Die Grammatik. 5. neu bearbeitete Auflage § 1233

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land