Dat dynamescht zu + K2

Op, zu, an & Co

d'Lëtzebuerger Land du 08.06.2012

Gelldiert! Wéinst der Iwwerschrëft kéint ee bal mengen, et géing mir haut nees ëm déi ‚trennbar Verbpartikelen’, déi een zum Beispill an anootmen, op- an zoumaachen fënnt, mä déi och soss funktionéiere wéi an: meng Dier ass ëmmer op (prädikativ) oder an: um Dag vun der oppener Dier (adjektivesch). Neen, et geet mir haut ëm d’Präpositiounen op, zu, an a speziell – fir d’Saach ze vereinfachen, well de Präpositionalgrupp semantesch ee vun deene komplizéiertsten an der Grammaire ass – ëm hir lokal-raimlech Kontexter.

Geschichtlech a semantesch sinn et ongeféier déiselwecht autonom lexikalesch Elementer1, déi sech engersäits als Partikel dem Verb ugeschloss hunn oder sech anerersäits, vun der Nominalsphär ugezunn, als Basis (Präpositioun, Postpositioun oder Circumpositioun) vun engem Präpositionalgrupp entwéckelt hunn2. An der Sprooch vun haut gëtt et där fräi[-]er Elementer net méi vill. Sou zum Beispill mat, dat nach als autonoomt Adverb (Dee ganze Veräin huet mat agestëmmt), als Verbpartikel (D’Kanner hunn all matgesongen) an als Präposi[-]tioun (Kënns de mat eis) virkënnt. Esou diachronesch Donnéeën erklären, firwat vill Verbpartikelen a Präpositiounen sech gläichen (cf. erop, trapop, opgoen, op sinn, oppen).

D’Lëtzebuerger brauche keen extrat Gedeessems fir erauszefannen, datt an hirer Sprooch op méi gebraucht gëtt, wéi auf am Standarddäitschen oder sur am Franséischen. Esou eng pauschal Feststellung stäipt sech am Fong op d’Iwwersetzunge vun enger eenzeger Struktur wéi Ech ginn op Paräis (= nach Paris, à Paris). Dat geet net duer, besonnesch am LaF-Cours, wou een dacks an engems méi systematesch a méi exakt muss sinn.

Opfälleg ass de Gebrauch vun op + K1 (Akkusativ) als Ausdrock vun enger dynamescher Direktiounsrelatioun. Am Standarddäitsche gëtt dofir ënner anerem dat allgemengt zu + K2 (Dativ) gebraucht, dat déi am Nominalgrupp ernimmte Realitéit als Zil presentéiert. Beispiller gëtt et der kéipweis: er geht zu seinem Onkel / zum Bäcker / zum Arzt / zur Schule, mä och zur Post / zum Brunnen / zum Bahnhof / zum Oktoberfest. Dëst abstrakt dynamescht zu + K2 funktionéiert prinzipiell net am lëtzebuergesche Sproochsystem3, dofir awer hu mir, wéi am Däitschen, e statescht zu, dat um Schluss vun dëser Rubrik ernimmt gëtt.

Do, wou d’Standarddäitscht dat dynamescht zu + K2 gebraucht, benotze mir, jee nom semantesche Beräich, aner Präpositiounen. Ass déi viséiert Entitéit e Mënsch, eng Persoun, e Numm vun engem Betrib? Da gebrauche mir bei + K1 (Akkusativ), wat am Däitschen net méiglech ass, well bei do nëmme mam K2 virkënnt4: wir fahren zu unserem Onkel / zu ihm: mir fuere bei eise Monni / bei hien; ich muss noch zum Bäcker / Metzger: ech muss nach bei de Bäcker / Metzler; er geht zum Arzt / Militär: hie geet bei den Dokter / bei d’Zaldoten. Geet et awer ëm gesellschaftlech Ariichtungen, administrativ Gebaier, ëm e Waasserlaf oder eng Waasserfläch, ëm Inselen, ëm geographesch Nimm vu Stied an Dierfer ouni Artikel, ëm Flouernimm mat oder ouni Artikel, ëm gesellschaftlech Festlechkeeten? Da benotze mir meescht op + K1. Dës Struktur dréckt offensichtlech déi einfach Direktiounsrelatioun aus5: Mir ginn op d’Post /op de Maart /op d’Gare /op d’Spuerkeess /op d’Musel /op d’Zéckerbaach /op de Stauséi /op de Buer /op Madeira /op Tréier /op d’Grenz /op d’Fouer /op d’Fëscherfest /op eng Hoch[-]zäit /op de Lampertsbierg, a sou virun.

Leider awer – fir déi, déi gär mam Däit[-]sche vergläichen – entsprécht der Präpositioun op + K1 a ville standarddäitsche Kontexter eng aner. Esou gëtt d’Direktiounsrelatioun am Standarddäitschen zwar mat zu + K2 ausge[-]dréckt, mä och mat auf + K1 (fir Institutiounen: auf die Post /den Markt /den Bahnhof; fir d’Inselen: auf Sizilien /Kreta), mat nach + K2 (fir Uertschaftsnimm ouni Artikel: nach Berlin /Paris /Luxemburg), mat an (zum Beispiell fir Flëss a Waasserflächen: Frankfurt am Main /ans Meer /an den Bodensee, mä Rothenburg ob der Tauber), mat in (in die Schweiz, in die Stadt, ins Gebirge) oder – méi rar – mat enger anerer vun deene véierzéng Mëschpräpositioune + K1.

De K2 (Dativ) dréckt ganz allgemeng déi statesch Lokativrelatioun aus, déi der dynamescher Direktiounsrela[-]tioun géintiwwer steet. Déi Entitéit, op déi de Präpositionalgrupp (eventuell mat deem vun der Präpositioun bezeechente Parameter) hiweist, gëtt dann als begrenzt duergestallt. Dat ass de Fall mat de Mëschpräpositiounen bei, laanscht, niewent, virun, hanner, iwwer, ënner, an, bannen, baussen, un, op (am Sënn vun engem Kontakt), widder, tëschen – dës Kéier mam K26. Mä generell ass et och de Fall mam stateschen zu + K2, deen an eiser Sprooch mat de meeschten Nimm vun de Stied an Dierfer ouni Artikel gebraucht gëtt: zu Tréier vs. op Tréier, mä (mam ausgewielte Raumparameter) an der Stad /am Éislek /an der Supp /a Clausen /um Belair /um Lampertsbierg.

Traditionell ginn a raimleche Kontexter verschidde Relatiounen ënnerscheet wéi déi dynamesch quo-/wuer-Relatioun an déi statesch ubi-/wou-Relatioun. Ausdréck fir dës Relatioune sinn engersäits Präpositioune mat engem feste Kasus (op + K1 fir d’Direk[-]tioun, zu + K2 fir de statesche Lokativ), anerersäits Mëschpräpositiounen, déi niewent deem betraffene Parameter vum Repère (je no der Bedeitung vun der Präpositioun) mat engem signifikative Kasus virkommen: K1 fir d’quo-/wuer-Relatioun a K2 fir den ubi-/wou-Lokativ. De Choix vun de Präpositioune selwer hänkt awer vun de kulturellen Opfaassungen, vum semantesche Beräich an/oder vum formell grammateschen Opbau (zum Beispill Artikel) of.

1 D’Betounung ännert heiansdo d’Form: cf. déi betount Verbpartikel zou an déi onbetount Präpositioun zu/ze /z’.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land