Little Big One

"An de Wuelstand, deen dréckt och op d'Libido"

d'Lëtzebuerger Land du 30.12.1999

Fir de Pascal Becker, Journalist bei RTL Télé Lëtzebuerg, war dat lescht Joerhonnert dat vun de "klenge Leit". Säin Documentaire Little Big One hällt op, wéi en ugefaang huet: matt Gesiichter, déi laachen, Portraite vun Onbekannten, déi iergend eng Kéier am vergaangene Joerhonnert gelieft hunn. An déi, méi oder manner duerch Zoufall, dann och nach grad vrun eng Kamera gelaf sinn, well déi gréisste Schwieregkeet vun esou engem Versuch, d'Joerhonnert matt lafende Biller opzeschaffen, ass natierlech ëmmer, fir d'éischt iwwerhaapt emol u Biller ze kommen.

De Centre national de l'audiovisuel (CNA) vun Diddeleng huet e puer Joer laang en Opruff un d'Leitt gemaach, si sollten hinnen dach wannechgelifft hir privat Biller zur Verfügung stellen, si génge se da versuergen a fachgerecht archivéieren, an d'Leit kréichen eng Copie op Video matt heem. D'Viviane Thill huet esou iwwer 5 000 Stonne Film gesammelt, déi meescht si Vakanze-, Kommiouns- oder Hochzäitsfilmer, déi sech ganz oft gläichen, mais och eng ganz Parti historesch wäertvoll Dokumenter, déi elo lues a lues opgeschafft ginn - am Anne Schroeder séngem Documentaire Histoires de Jeunesse oder dem Paul Kieffer séngem Congo, déi nach an der Maach sinn, an eben an dësem Documentaire vum Pascal Becker a Philippe Baudet fir RTL. Dobäi konnte si och op méi bekannte Biller aus de Fonge Pierre Bertogne a Philippe Schneider zréckgräifen, oder deer vum René Leclère, zum Beispill aus dem Opklärungsfilm iwwer de Stroosseverkéier Circulez ! vun 1939.

Am Ufank vum Little Big One, beim Générique, konnt et engem bal elle ginn, wéi al Fotoen tëscht Kären op enger beiger Decken an engem gelleche Liicht vun engem Kameratravelling iwwerflu guffen - oh mei, een Heimatfilm! Mä de Pascal Becker huet een intelligenten Documentaire fäerdeg bruecht, deem et geléngt, matt enger gewësser Liichtechkeet, fir déi dach bewegte Geschicht vun engem klenge Land a sénge Leit z'erzielen, tëscht zwee Kricher, wirtschaftleche Krisen an erëm Opschwong, an dem rapide Fortschrëtt vun der Technik.

Fir de Journalist schéngt den technesche Fortschrëtt matt dat wichtegst fir d'Lëtzebuerger gewiescht ze sinn, ëmmer erëm zielt hien, wéivill elektresch Uschlëss, wéivill Autoen, wéivill Frigoen oder Radioen d'Leit an deem Joerzengt pro Stot haten, oder explizéiert, firwat d'Natalitéit erof oder d'Liewenserwaardung no an no erop gaange sinn. Vläicht huet e Recht, aus deem Bléckwénkel war dat och vläicht dat wichtegst, dat wat d'Entwécklung vun der Gesellschaft vläicht am meeschte beaflosst huet. Ëmmer nees erstellt hie flott Zesummenhäng, iwwer den Afloss vun der Urbaniséierung an de 60er op de Liewensstyl vun de Leit an op d'Scheedungen zum Beispill, oder dass d'Lëtzebuerger Studenten 1971 op d'Strooss gungen, "dat Joer, wou och deen éischte Mikrochip erfonnt guff".

Mä ët geschitt och eppes Erstaunleches an deem Film: dee soss esou distante Journalist schéngt sech ganz staark matt séngem Sujet ze identifizéieren, well e schwätzt oft vun "eis" a "mir" a symboliséiert esou, dass hien och ee vun deene "Little big ones" ass. Esou bleift déi obligat Grëtz Patriotissem och nët aus - am Toun vum Commentaire, am Choix vun der Musek, am Montage - wann hien iwwer den Zweete Weltkrich, Nazismus a Gielemännercher, den Exil an d'Heemkommen vun der Grande-Duchesse Charlotte 1945 zielt. Matt dei beandrockendst Biller, déi bis ewell nach nët bekannt waren, si wuel déi vun deem Zuch voll Gielemännercher, déi rappatriéiert gufen, deen am Mee 1945 an d'Ettelbrecker Gare erafiert, wou d'Leit um Quai waarden an déi verhaasste "gelbe Gefahr", wéi um Zuch steet, gutt lass zéien, matt enger Rooserei an enger Gewalt, wéi een se kaum aus Biller hei kennt.

Well hien de Film ganz iwwer de Lëtzebuerger hir Liewensweis wollt maachen, hir Privatliewen, hir Aarbechtsconditiounen, hiere Congé an hiere Confort, huet de Pascal Becker erstaunlecherweis d'Politiker komplett ignoréiert. Fir hie gët ët just nëmmen d'Vollek op där enger Säit an den Haff op där anerer, d'Regierunge sinn emol lénks, meeschtens awer riets, d'Vollek geet op d'Strooss oder décidéiert (zweemol) iwwer Referendum, wéi ët soll weider goen. Mä ët ass, wéi wann ët keng Politiker géng ginn. Just de Joseph Bech gesäit een eng Kéier, nämlech op Visitt am belsche Congo, matt engem Tropenhutt op an enger Zigarett am Bak op engem Bot.

Fir de Rescht schéngt ët, wéi wann d'Politik eng aner Welt wier, déi näischt matt dene Leit ze dinn hätt. Eigentlech Schued, dee Fatalismus, matt deem d'Welt esou interpretéiert gët, och wann een de Choix ka verstoen. Dat hëlt dem Film eng Dimensioun, mécht en dann awer op engem aneren Niveau vläicht méi verständlech.

 

josée hansen
© 2020 d’Lëtzebuerger Land