„D’Buch ass mega langweileg. ‘t gëtt just gesoff a gehouert dran. D’Frae si Sexsymboler, Tropheeë fir frustréiert Männer, déi nëmmen Alkohol, Krich an domm Passiounen oder Sportaarte wéi Fëschen, Boxen, Juegd, Glécksspiller oder de Stéierkampf an der Kopp hunn a mam verschrompelte Penis denken.“ Dës Analyse, geäussert vun der Dokter Santos dos Ramos hirer Studentin Eva wärend engem ruckelzegen Trajet mam Auto a Richtung Fiels, bezitt sech net op d’Buch, dat op dëse Säite rezenséiert gëtt, ma op een amerikanesche Literaturklassiker. Wéi vill prägen de Schoulsystem a seng Flichtlektüren d’Erwuesseliewe vu Schüler a Schülerinnen, a wéi problematesch ass et deemno, Schrëftsteller op de Programm ze setzen, där hir Usiichte fir ee gewëssent Männer- a Fraebild stinn an déi quasi zur Symbol vun toxescher Maskulinitéit gi sinn? Et ass dëst eng vu ville Froen, déi dem Georges Kieffer säi chaotesche Metaroman Weeër (Op der Lay) implizit opwerft, deen am Laf vu sengen dräi Handlungssträng esou vill Fiedem matenee verstréckt, dass et engem mat Momenter duerchaus dronke ka ginn.
Am Zentrum steet dobäi, nieft dem Ernest Hemingway – dem Auteur vum „mega langweilege“ Buch – sengem Openthalt zu Lëtzebuerg, eng Libesgeschicht tëschent zwou Fraen. Wärend an anere Länner bal just nach Autofiktioune geschriwwe ginn a Literatur ëmmer méi mat engem Temoignage verwiesselt gëtt, dat, well sech déi (legitim) no vun der Legitimitéit vun enger Erzielung ëmmer méi an de Wee vun der Fiktioun stellt an et lues a lues dorop erausleeft, dass jidderee just nach iwwert seng eegen Erliefnisser dierf schreiwen, schéngt d’Luxemburgensia sech deem entgéint ze stellen: Hei schreiwen den Ament vill eeler wäiss Hären iwwert jonk homosexuell Fraen. Dem Georges Kieffer säi Roman peekt de Sujet awer mat der néideger formaler a semantescher Distanz un, esou dass een him (bal) keng kulturell Appropriatioun oder themateschen Opportunismus, och nach Bandwagon-Jumping genannt, ka virwerfen.
Alles geet nämlech domat un, dass een als éischt onindentifizéierten amerikanesche Schrëftsteller Enn 1944 zu Lëtzebuerg a, fir et méi genee ze soen, an enger Millen zu Roudemer gestrant ass, sech d’Zänn un enger Kuerzgeschicht ausbäisst, déi e Kapitel fir Kapitel ëmschreift, an dobäi Gott, d’Welt an (haaptsächlech) d’Mënschheet verflucht. Déi eenzeg Konstant vun deem, wat een onschwéier als apokrypht Hemingway-Material identifizéiere kann: Déi männlech Haaptfigur, den Tom, besëft sech Dag an Nuecht, ass jalous a reegt sech iwwert seng ontrei Partnerin op, déi sech vu Jänni a Männi umaache léisst. Net apokryph, dofir awer manner bekannt ass, dass den Ernest Hemingway nom Goethe an dem Victor Hugo effektiv eng Zäitchen zu Lëtzebuerg verbruecht huet, wat de Georges Kieffer dozou verleet, ganz no deem, wat d’Linda Hutcheon am Kontext vum amerikanesche Postmodernismus eng historiografesch Metafiktioun genannt huet, den amerikanesche Schrëftsteller a verschidde fiktional Situatiounen ze versetzen. Mol raumen zwou Lëtzebuergerinnen dem Hemingway seng knaschteg Bud wärend den Auteur am duerch ze vill Alkohol induzéierte Koma vegetéiert, mol mécht e sech Suergen, dass ee Journalist Kannerfotoe vun him a Meederchersgezei, déi seng Mamm gemaach huet, circuléieren deet a säi Ruff als taffen Son of a Bitch, wéi hien sech quasi selwer bezeechent, ruinéiert, mol geet e mat sengem verhaasste Brudder an de Cravat lompen, mol kritt e beim Bueden an engem äiskalen Trach eng Erektioun, déi net ze bännegen ass an déi d’Lëtzebuergerin Marie-Alphonsine méi wéi just ze bestaune kritt. Nodeems am Fabio Martone sengem Ondugen no engem Lëtzebuerger Nationaldichter gesicht gouf, deen ee Produit vum Goethe an Hugo hirer sexueller Aktivitéit zu Lëtzebuerg gewiescht wier, äntwert de Georges Kieffer domat, dass dem Hemingway seng Chromosomer do och ee Wiertche matgeschwat kéinten hunn. Wat vläicht erkläre géif, wéisou d’Luxemburgensia nach ëmmer esou testosterongelueden ass.
Mat deem Handlungsstrang kontrastéiert d’Erzielung am Joer 2023, wou eng gewieften Immobilienhändlerin sech an eng Musekwëssenschaftlerin verléift. D’Alissia kënnt vun der Blummeninsel Madeira, huet zu Hamburg studéiert an do an engem Owend de Vergewaltegungsversuch vun engem Typ an eng éischt lesbesch Experienz an engem Wäschsalon erlieft. D’Priscilla, wat léiwer Pri genannt gëtt, schafft fir d’Immo vun de verstuerwenen Elteren a flucht andauernd, wéi ee Buuschtebënner, eng Eegenschaft, déi et mam Hemingway deelt. Déi zwee ongläich Frae verbënnt eng Léift fir Fraefussball, an et ass och wärend enger Rencontre tëschent Bouneweeg, fir déi d’Priscilla ënnert der Nummer 6 spillt, an der Fiels, wou d’Alissia den Tricot mat der Nummer 9 dréit, wou si sech erblécksen. A wéi et déi net wansinneg subtil Allusioun op eng erotesch Positioun schonn undeit, gehéieren d’Nummer 6 an d’Nummer 9 einfach zesummen, dat obschonn déi zwee sech net wierklech trauen, an engem awer nach liicht spiissegen an deels homophobe Lëtzebuerg, wou si sech mat schwierege Cliente respektiv Studentinnen erëmploe mussen, wa si net d’Avance vu männlechen Aarbechtskolleege mussen ofwieren, de Kontakt zu deem aneren ze sichen.
Déi verschidden Handlungsfiedem verwurrele sech dobäi ëmmer méi, ouni dass sech direkt erschléisse géif, wat Präsens a Vergaangenheet mateneen ze dinn hunn: D’Weeër aus dem Romantitel sinn hei ëmmer och déi, déi sech de Lieser duerch d’Gestrëpp vun dësem dichte Roman maache muss. Dobäi hëllefen d’Echoen a Resonanzen, déi sech duerch de Roman zéien. Stänneg stoussen d’Priscilla an d’Alissia op Wierker vum Hemingway, an an enger Variant vum Hemingway senger zu Lëtzebuerg verfaasster Kuerzgeschicht geet den Tom an de Monte Carlo Casino a setzt all säi Goss op d’Nummere 6 an 9 – seng Gléckszuelen. Donieft gëtt et eng sëllegen Niewefiguren, déi a méi oder manner gelongenen Digressiounen opdauchen: Esou iwwerzeege vrun allem dem Priscilla seng Analyse vun den Dating-Apps, hei komescherweis Site genannt – eng (gewollte) Referenz op dem Auteur säin Alter? –, an déi Begéinungen, déi et do mécht. Manner gelongen sinn d’Kapitelen, an deem d’Alissia versicht, ze ënnerriichten, ouni dauernd un d’Pri ze denken – d’Juxtapositioun tëscht verléiften Dagesdreem an der professioneller Aktivitéit ass zu deem Zäitpunkt am Roman zimmlech redundant – an dat, wou d’Pri als Immobilie-Sheherazade enger mësstrauescher Famill eng verschimmelt Bud verkeeft, andeems et hirem Bouf eng Geschicht iwwert eng Hex, déi an der Pandemie Toilettëpabeier klaut, verzielt: dass den Teenie Kevin esou begeeschtert op déi Geschicht, déi u sech net esou vulgär ass, wéi se et hätt misse sinn, reagéiert, ass wéineg plausibel.
Dobäi spréngt de Georges Kieffer net just vun enger Figur op déi aner, ma wiesselt blëtzschnell tëschent homodiegetescher an heterodiegetescher Erzielung, baut stänneg Metalepsen an, léisst sech selwer, bezéiungsweis d’Figur vum Auteur, zu Wuert kommen oder iwwerrascht, e bësse wéi an engem verspillte Roman aus dem 18. Joerhonnert, mat immens laange Kapitelnimm, esou dass een, getrei dem Brechtchen Verfremdungseffekt, stänneg dorun erënnert gëtt, dass mer et hei mat enger Fiktioun ze dinn hunn. Dës Spillereien, déi dem Kieffer säi Roman an eng Traditioun stellen, an där sech och den Denis Diderot an de Lawrence Sterne aschreiwen an déi haut mat Schrëftsteller wéi dem Thomas Pynchon oder dem George Saunders weider gefouert gëtt, kontrastéiert mat dem Pastiche vum Hemingway sengem dréchene Stil – déi éiweg Spréng an der Erzielperspektiv reiwe sech esou mat deem, wat de Gérard Genette eng extern Fokalisatioun genannt huet a wourop den Hemingway säi ganzt Wierk stilistesch opgebaut huet, wéi wann de Kieffer dem Hemingway sengem dach streng maskulinen a meeschtens eestëmmege Stil eng Polyphonie vun der Diversitéit entgéint stelle wéilt. Ee Liesschlëssel ass hei ganz kloer d’Oplëschtung vun der Alissia hire Seminairen op der Uni: Do, wou si deels eng queer Lecture vun der Museksgeschicht proposéiert, schléit de Georges Kieffer, mat de Fotoe vum effeminéierten Hemingway oder dem bal duusse Schluss vun der apokrypher Kuerzgeschicht, eng queer Interpretatioun vum virilste vun alle Schrëftsteller vir. Heiansdo bleift de Lieser dobäi op der Streck, net ëmmer erschléisst sech bei all Digressioun, wat se soll bezwecken, verschidde Fokalisatioun – a Gedankespréng wierken e bëssen erzwongen, wéi wann de Schrëftsteller hätt wéilten all oder bal all Zort vu postmoderner Spillerei a sengem Roman verschaffen – ma d’Feierwierk un Iddien, déi a Weeër verschafft ginn, och wa se net all zünden, stellen ee Géigegewiicht zu enger viriller Literatur duer, woumat de Roman méi wéi eng interessant Foussnout zu heteronormativem Literaturenseignement duerstellt. A wien, wéi den Auteur, seng Figuren um Enn vum Buch scho vermësst: d’Pri an d’Ali hu Platze fir den David Byrne de 26. Februar 2026 an d’Rockhal kucken ze goen.