D’Folk-Grupp La Schlapp Sauvage aus der Moselle, bekannt fir hire Repertoire op lëtzebuergesch a franséisch, feiert mat engem neien Album 10 Jor. Besuch beim Frontman Jo Nousse zu Sierck

De leschte Lëtzebuerger

d'Lëtzebuerger Land du 27.02.2026

Vu Schengen hannert der Bréck, do wou d’Häiser net geleckt an de Mackadam e bësse méi knubbeleg ass, féiert d’Strooss op Sierck, wou an enger verwénkelter Gaass, direkt bei der Buerg, en Troubadour vum Lëtzebuergeschen – franséischer Natioun – wunnt; an dat obwuel Sierck ni zu Lëtzebuerg gehéiert huet a mir dach esou gär an der Friemt no „Lëtzebuerger“ a besonnesch Lëtzebuergeschsproochler sichen: zu Sibiu, a Brasilien an op der ganzer Welt. De Jo Nousse ass awer mol kee Lëtzebuerger, jiddferfalls net am Pass. An och seng Mammesprooch huet kee Land, opmannst net eent eleng. Hien staamt awer och net of vun auserhongerten Auswanderer, vun am Krich Verdriwwenen oder enger Dynastie vun éiweg Vergiessenen. Hien kënnt vu méi wäit hir an ass eis dach viraus: Aus enger Zäit wou eis Sprooch keng politesch Grenzen hat, an ir e groussen Deel vun hire Spriecher duerch en Zoufall vun der Geschicht sech ofsonneren, Franséisch, Englesch a Geldmaachen léiere konnten an haut näischt méi färten wéi d’Lëtzebuerger Sprooch. 

Als „Cache-sexe vun enger verfeelter Politik säitens den demokratesche Kräften“ bezeechent de Jo Nousse da séngersäits déi oft onbehollef Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch zu Lëtzebuerg. Dat well se déisäits der Musel politisch ganz anescht opgelueden ass wi hei: Ass d’Lëtzebuergescht do als Regionalsprooch vu Paräis laang ënnerdréckt an eréischt am Widerstand géint Cattenom an de 70ger vun enger ekologesch-lénker Regionalbeweegung ronderëm Leit wéi de Sänger Daniel Laumesfeld als politescht Instrument erëmentdeckt ginn an eréischt spéit duerno, nämlech 2005 vum franséische Staat unerkannt a gefërdert ginn, ass emgedréint d’Sprooch zu Lëtzebuerg opgrond vun enger realistescher awer bourgeoiser Sproochenhierarchie vernooléissegt ginn — bis di Riets der Politik di waarm Gromper enges Dags an d’Hänn gespillt huet, an amplaz kreativ ze sinn d’Politik virun allem doropper beduegt war dofir ze suergen datt d’Thema nees schnell giess wier. Hätt een de Jo Nousse mat Zäiten op Lëtzebuerg geholl, hätt d’Lëtzebuergescht villäicht ni di politesch Toxizitéit kritt di et haut huet. Well et dann ëmmer schonn no bausse gewisen hätt, iwwer all Grenzen eraus, wéi d’Lëtzebuergescht selwer.

Säit enger Zäitchen gëtt am Grand Est nees bei der Kultur gespuert, während zu Lëtzebuerg fir e Jo Nousse bis haut näischt ze huele war. Mol net am Autorenlexikon steet hie mat sengen Texter dran. Vu Concert’en a lëtzebuerger Kulturinstituter guer net ze schwätzen. Wat vun hannert der Grenz kënnt, soll och do bleiwen. Nëmmen, de Jo Nousse freet jo och keen, op Sierck mat „Wunnmaschinnen“ dierf „verschampenéiert“ ginn. Et geschitt einfach: „Quand on a le bon salaire/ Au pays des trois frontières“ wéi la Schlapp sauvage op franséisch sangen, dann huet een eppes verstanen: Geld sténgt net a kennt ausser Kontosnummeren keng Heemecht. „Certains frontaliers maboules/ Raffolent des ces cages à poule/ Vive la bétonisation/ Pour y couler leur pognon“, séngt de Jo Nousse am Duo mam Akkordeonist Olivier Niedercorn.

Et war awer natirlech net d’grenziwwergräifend Dimensioun vum Geld déi hien am Kapp hat, wéi e virun ewell zéng Jor La Schlapp sauvage gegrënnt huet. Mee villméi d’Utopie Leit dës an déisäits der Grenz, bis an d’Arelerland an erop an d’Äifel duerch Musek zesummebréngen, wou se am Alldag oft laanschtenee liewen. An och haut bleift de Jo Nousse dëser Utopie trei, och wa se mëttlerweil net méi duerch eng staatlech Sprochepolitik am eegene Land, mee duerch d’Metropoliséierung vu Lëtzebuerg bedrot ass, d’Entwécklung vun den Immobiliepräisser an der Groussregioun an den ekonomeschen Usproch vun e puer iwwer de Rescht vun eis. Awer och well d’lëtzebuerger Institiounen weiderhin maachen, wéi wa si d’Lëtzebuergesch gepacht hätten, wéi de Jo Nousse bei enger Ausstellung vum Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet leider misse feststellen. Dobäi gehéiert Lëtzebuergesch oder de francique luxembourgeois (wéi hien e lang Jore selwer als Fonctionnaire enseignéiert huet) net Lëtzebuerg eleng. Genau wéi d’Problemer un der Grenz.

2023 war Sierck an engem Le Figaro-Classement vu deene beschte franséische Stied fir Frontalieren opgedaucht. Zum Gléck spiert een dovunner am klenge Museldierfchen (1 200 Awunner) nach net all zevill, mee dohannen iwwer dem Kierchtuerm, weist eis de Jo Nousse vu senger Fënster aus, do gëtt op de Koppe monter gebaut an d’Vue direkt mat verbaut. Ähnleches ass fir di aner Koppe ronderëm Sierck ze färten, während di maleresch Altstad dem Verfall präissginn ass. Opmannst d’Maison Berweiller ass elo Monument historique. Och politesch ass am siercker Land nach alles am Lot. Mee méi wäit no riets op der Landkaart, „am Kueleland“, wéi de Jo Nousse et nennt, do mécht den RN grouss Fortschrëtter an dem Museker Suergen.

Pire que le bruit des bottes : le silence des pantoufles ass de Sproch un deem sech la Schlapp sauvage virun ewell zéng Jor fir hire Numm inspiriéiere gelooss hunn. Well „Schlapp“ en Ausdrock ass, dee wäit iwwer d’Regioun eraus verstane gëtt, wéi de Jo Nousse erklärt. Awer och wëll zu enger lénker Perspektiv op d’Gesellschaft esuwuel d’Kritik vun de Kräfteverhältnisser gehéiert, wéi d’Ierwe vun der Opklärung. Am September feiere si ronne Gebuertsdag mat enger grousser Feier zu Launschtroff. Bis dohinner sinn eng rei Concert’en geplangt fir de neien Album mat Lidder op Lëtzebuergesch wéi De Rommelpott, Klibberkanner oder Spottnimm a franséisch dem Publikum virzestellen, dorënner eng éischte Kéier zu Veinen an zu Ettelbréck, wéi de Jo Nousse net ouni Stolz ënnersträicht. Sollt hien zu gudder Lescht dann awer nach de Wee an d’lëtzebuerger Kulturhaiser packen? Et wier him an dem lëtzebuerger Publikum gegënnt. Wien wann net hien gesäit eis besser vu baussen a vu bannen?

Musel Musek, La Schlapp sauvage, 2025. 10 Lidder, 12 Säite Booklet. 15 Euro. Bestellung via laschlappsauvage.com

Frédéric Braun
© 2026 d’Lëtzebuerger Land