Urteel am Bommeleeër-bis-Prozess

Bistrosgespréich oder Wouerecht?

d'Lëtzebuerger Land du 13.03.2026

D’Urteel vun der 9e Chambre criminelle ass komm an et war fir vill Leit eng enorm Surprise: Fräisproch fir fënnef vu sechs Ugekloten, wëll soen: Nëmmen een ass condamnéiert ginn, de Pierre Reuland, fréiere Chef vun der Brigade mobile a spéidere Generaldirekter vun der Police. Dräi Joer mat sursis intégral krut hien an eng Geldstrof vu 5 000 Euro. De Parquet hat vill méi a méi héich Strofe gefuerdert, an et war eben déi Diskrepanz tëschent Fuerderungen an Urteel, déi verwonnert huet. An déi mat méi Recul nach ëmmer verwonnert. Bis een dann dee Jugement liese geet.

Déi sechs sollte jo ursprünglech ugeklot ginn, well se Bommeleeër wieren, well se express d’Justiz hannergaang hätten a well se als Zeien ënner Eed am éischte Bommeleeër-Prozess 2013-2014 falsch ausgesot hätten. Vun deene Reprochen ass nëmmen de faux témoignage iwwreg bliwwen. D’Chambre criminelle leet Wäert drop ze definéieren, wat de sougenannte faux témoignage eigentlech ass: Den Zeie misst am Prozess gelunn hunn an zwar géingt säin „devoir de sincérité“; d’Wouerecht misst domat verännert gi si mat der „intention frauduleuse“ d’Justiz ze täuschen an dat misst geschitt sinn ouni datt et dorunner de kléngsten Doute géif ginn.

Eh bien, mat deene Viraussetzunge wonnert een sech da scho manner, datt et fënnef Fräispréch gouf. D’Lat fir e faux témoignage avéré hänkt nämlech zimmlech héich. Et musse konkret faktuell Beweiser ginn oder/an konkret, glaubhaft a konkordant Zeien-Aussoen. Gefiller spillen do keng Roll, loufoque Äusser-
ungen – steet am Urteel – wiere kee Beweis, datt ee gelunn hätt; Invraisemblancen an enger Deklaratioun géifen net automatesch bedeiten, datt d’Wouerecht hätt sollen alteréiert ginn. Meenungen, Reflexiounen, Suppositiounen an Appreciatioune vun den Zeie wieren eppes aneschtes wéi express Falschaussoen. An dat bedeit eben, datt een, wann een an den zwee Bommeleeër-Prozesser als Nolauschterer heiansdo oder och méi dacks d’Gefill hat, do géif ausgewäicht oder geflunkert oder express laanscht de Sujet geschwat ginn, dann huet een do eben meeschtens kee faux témoignage am strenge Sënn héieren. Bei engem Ugekloten heescht et duerfir „aucune des infractions de faux témoignage n’est établie“, eng Formule, déi esou oder änlech bei fënnef Ugekloten erëmkënnt. Eng Kéier heescht et esou guer: „Le simple mensonge fait en justice ne suffit pas à constituer un faux témoignage“.

An dat huet zu de Fräispréch gefouert. De Parquet huet dat vun Ufank u wuel anescht gesinn, wollt dat wuel och anescht gesinn. Eent vun den Zieler am Bommeleeër-bis-Prozess sollt et jo sinn, datt d’Ugekloten ënner Drock schwätze géifen, endlech d’Wouerecht soe géifen, datt een esou endlech méi Material bekéim, fir d’ Uklo aus dem éischte Prozess ze ënnermaueren oder se ze invalidéieren. Näischt esou huet am zweete Prozess geklappt, et koum keng nei Wouerecht eraus iwwer Insider an der Gendarmerie, déi gebommt hätten, a fënnef vun de sechs ugeklote forces de l’ordre sinn de strenge Critère no onschëlleg. Mä wann e wësse well, wat dann 1984 bis 1986 am Land wierklech lass war, da bleift een onzefridden a virwëtzeg. Mam Verdacht, do wéissten der e puer méi wéi se soen, mä streng juristesch ass dat net ze knacken.

Als Auswee muss ee sech da mat deem en éischter Instanz trotzdeem verurteelte Pierre Reuland beschäftegen. An dat lount. Ugefaang mat der faméiser sougenannter Observatioun Ben Geiben. De fréiere Chef vun der Brigade mobile war jo verdächtegt ginn, op d’mannst den Hannermann vun den Attentater ze sinn. Eng Observatioun vun him zu Bréissel ass schif gaang. Hien sollt kuerz duerno am Oktober 1985 an d’Land gelackelt ginn. De Jos Steil, säi Frënd a fréieren zweete Mann, sollt dat organiséieren. Leit vum Geheimdéngscht sollten de Geiben iwwerwaachen. A leschter Minutt huet awer de Jos Steil gesot, de Geiben kéim net, d’Observatioun ass ofgeblose ginn. Mä de Geiben war am Land. An um Geriicht ass d’Bomm explodéiert.

Bis haut ass net honnertprozenteg kloer, wien an der Gendarmeries-Spëtzt genee wat iwwer dës avortéiert Observatioun Geiben wosst. An – méi wichteg – et ass ni gekläert ginn, firwat no deene komeschen a verdächtegen Agissementer d’Spuer Geiben dout war. De Guy Stebens an den Aloyse Harpes hunn do Froe gestallt kritt. An eben och de Pierre Reuland. A bei him kënnt d’Chambre criminelle zur Conclusioun, de Pierre Reuland géif méi wëssen a manner soen iwwer d’Organisatioun an d’Resultat vun där Observatioun. Mam Fazit am Urteel: „Il a partant sciemment menti à la Chambre criminelle, de sorte que son intention est établie en l’espèce et que l’infraction de faux témoignage doit être retenue à son encontre pour cette déclaration.“

Wien elo mengt, dat wier de wichtegste Punkt an dësem Urteel, deen iert sech. De Pierre Reuland ass nach anzwousch anescht juristesch béis opgefall. An zwar mat sengem berüümte Saz: „Dir kommt bis op ee Punkt, an dann ass Schluss.“ No enger Aarbechtsreunioun hat hie mam Robert Welter (dem substitut principal deemols um Parquet) geschwat. A net egal wat gesot: D’Bommeleeër misst ee ganz héich uewen an der sozialer Hierarchie sichen. „Héich, ganz héich (...) Nö net de Grand-Duc. Héich, awer net esou héich. An iwweregens brauchs du net ze mengen de Bommeleeër wär just eng Persoun. Mir waren hannert den Täter a si wosste genau, datt mir si beim nächsten Attentat geholl hätten.“ Am Resumé vun der Chambre criminelle heescht et, de Robert Welter hätt d’Wieder vum Pierre Reuland am Détail beschriwwen an erëmginn an doweinst wier dat ebe credibel.

Conclusioun an der Saach: De Pierre Reuland „avait des soupçons précis à l’égard de personnes déterminées et qu’en déclarant ‘Dir kommt bis op ee Punkt, an dann ass Schluss’ il entendait manifestement signaler aux enquêteurs qu’ils ne résoudraient jamais l’enquête, l’auteur étant une personnalité trop importante“.

De Pierre Reuland huet spéider argumentéiert, hien hätt do e Bistrosgespréich gefouert an et wier Angeberei gewierscht. Op de leschte Seite vum Uerteel reagéiert d’Chambre criminelle op déi Aussoen an erauskënnt eng juristesch Panzrappecht fir de fréiere Chef vun der Police: D’Chambre criminelle constatéiert, de Pierre Reuland „est le seul de tous les prévenus à avoir interpellé un magistrat dans un cadre officiel, à la suite d’une réunion de travail, pour lui dire qu’il connaissait l’identité des poseurs de bombes et pour faire parvenir le message au Ministère Public qu’il ne servait à rien de continuer les investigations alors que l’enquête était vouée à l’échec.“

De Versuch vum Reuland „de qualifier cette conversation, qui est des plus inhabituelle voire bizarre, de simple discussion de comptoir (‘Bistrosgespréich’) ou vantardise, n’ayant pas la moindre signification, est particulièrement troublante et choquante alors que le sujet était et est toujours d’une importance capitale pour la Justice et l’histoire du pays.“

Notamment dowéinst also ass de Pierre Reuland elo verurteelt ginn. An et kléngt bal ironesch wann d’Chambre criminelle schreift, de Verurteelten hätt jo bis dohinner keng antécédents judiciaires gehat an och keng Condamnatioun an den délai raisonnable wier iwwerschratt an dowéinst also sursis intégral.

Wat bleift ass e – pardon – komescht Gefill. Well et muss jo no dëser éischter Instanz onbedéngt gesot ginn, datt weiderhin d’présomption d’innocence gëllt. An wann een sech an der Justiz ëmhéiert, gëtt ee gewuer, datt d’Saach bestëmmt an Appel goe wäert, an duerno vläit Cassatioun an – net auszeschléissen – op Stroossbuerg wéint dem délai raisonnable. Wëll soen: Ier ee soe kann, datt hei een der Bommeleeër-Affair verurteelt oder fräigesprach ginn ass dauert et nach. Jorelaang. „Le temps de la justice“, hat de Procureur Biever eng Kéier gekeimt. An hie wosst firwat. Entretemps ginn d’Leit krank oder dement. Oder stierwen. De Jos Steil schonn 2004, just nodeems hie mat den Enquêteure geschwat hat, an dat wat hie gesot hat, dat hat neelech op hie selwer als Täter gewisen. 2025 ass dem Steil säi Kolleg a Frënd de Charel Bourg gestuerwen, deen am Prozess-bis mat ugeklot war wéinst senge villen troublanten Aussoen am éischte Prozess. An e puer wichteg Zeie sinn och schonn dout.

Eent awer bleift: De Constat vun der 9e Chambre criminelle, datt d’Affair „d’une importance capitale pour la Justice et l’histoire du pays“ ass. Kee Furri, keen Amusement, kee bommege Jux, keng Schenkelklopferei, mä total wichteg, fir déi lescht 40 Joer, et plus à venir, vum Land ze hannerfroen an ze verstoen.

nico graf
© 2026 d’Lëtzebuerger Land