E Stéck Vollek

Duerftheater 2002 (sic)

d'Lëtzebuerger Land vom 18.07.2002

Zanter méi wéi engem Jorzéngt gët sech de Stengeforter Festival vum Eva Paulin a Jean-Paul Maes mat deem lëtzebuergeschste vun allen Theateren, dem Duerftheater of. Deem Theater, deen um Duerf spillt a vun Duerfleit um Duerf gespillt gët, an deen eis d'Iddi vum Landwuel-Muwwement aus der Zäit vum Véierzengter Krich antriichtert: Bleif an dengem Duerf a kapp deng Heemechtsäerd, bis de kappe gees!

Fir d'éischt woren et nach "Klassiker", wéi dat beim Nik Welter bis Fernand Hoffmann housch, ma déi woren iewel huerteg op enger Hand gezielt. Wat d'Stécker méi schlecht goufen, wat d'Regisseurin Eva Paulin se méi hysteresch duerch de Fleeschwollef gedréint huet, fir déi lescht Drëps Jus erauszequëtschen. Ma um Enn wor kloer: den Duerftheater wor dout, an iwwer Land spille se ewell an de Porhaiser d'Cage aux folles op Lëtzebuergesch.

Dunn huet de Festival sech un d'Zäit vun haut erugetaascht. D'lescht Joer gouf dem Nico Helminger säin nëmme méi 20 Joer aalt Stéck Leschten Enns käe Liewen opgefouert, en zimlech verongléckte Versuch, fir und d'preisescht Neues Volksstück unzeknäppen. Ma fir dëst Joert huet de Maes selwer e Stéck geschriwwen, E Stéck Vollek - an domater ass de Lëtzebuerger Duerftheater do ukomm, wou keen e méi erwaart hat: am 21. Jorhonnert.

Well E Stéck Vollek beschreift eng Duerfgesellschaft vun haut, ouni Nostalgie no där gudder aler Zäit an ouni déi al Klischeee vun der Dommeet a Réckstännegkeet um Duerf. D'Geschicht selwer ass eng Grëtz kleesper, apaart d'Seeche vum Schaz am Bësch, ma et ass d'Aart a Weis, wéi déi eenzel Figure beschriwwe ginn, déi zielt. D'Eva Paulin huet dat alles an engem abstrakten Dekor inszenéiert, ouni en iwwerdréintent Koméidistéck doraus ze maachen oder an dee kräischerechen Naturalissem ze falen. Et bleift nawell en Duerfstéck, well professionell Schauspiller an Amateuren zesummenspillen, an heiansdo gesäit een d'Differenz eng Grimmel zevill gutt.

Ouni sech ze verhiewen, ewéi mat An hannendrun den Hiwwel, huet de Maes de Leit nogekuckt an nogelauschtert, esou datt méi wéi just eng béis Karikatur vum lokalen Charity Business an der zozialer Hierarchie um Duerf erauskoum. Am Duerfstéck vun haut huet ewell de Geschäftsmann (Maes) d'Plaz vum Härebauer. Hie regéiert d'Duerf mat sengem Geschäftssënn a senger kalkuléierter Mëtschgiewegkeet, hie leescht sech eng jonk Fra (Isabelle Constantini) an eng Juecht, a weess, datt ronderëms hien nëmme "Verréider" scharwänzelen, wéi säi glaten Amplejéierten (Mike Tock).

Ma zanter 1989 gët déi zozial Hierarchie um Duerf och nei no Nationalitéite getesselt. D'Leit aus Osteiropa ginn als Wesekanner, déi bis kuerz an d'Vakanz kommen däerfen, verwinnt an als polnesche Kniecht (Manfred-Olek Witt), dee schwaarz schaffe muss, ausgenotzt. Déi russesch Braut (Jamma Kalantaj) fir de Bauerejong (Jean-Claude Majerus), dee keng Fra am Duerf méi fënnt, gët verwinnt an ausgenotzt anengems, ma si struewelt sech schons erop, fir "d'Madame" um Haff ze ginn.

 

Nach haut, den 23., 24., 26., 27., 30. Juli, 1. an 2. August owes ëm halwer neng zu Stengefort an der aler Schmelz, Reservatiounen nomëttes um 39 93 13 1 an 39 98 70.

 

 

 

 

 

Romain Hilgert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land