Zoom op d’Sprooch

Zefridden a perplex

d'Lëtzebuerger Land du 06.09.2019

De 5. Juli 2019 ass am Land mäi leschte Zoom op d’Sprooch erauskomm. Ech war deemools, wat de Stand vun den Études luxembourgeoises an eisem Land ugeet, eenegermoossen zefridden. Mee aacht Deeg duerno – wéinst engem Bréif un d’Redaktioun (d’Land, 12.07.2019) – war ech perplex.

Ganz positiv schéngt mer d’Nominatioun vum éischte Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, dem Här Marc Barthelemy. Déi nei Funktioun ass mam Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch geschaf ginn. Mat deem Gesetz huet d’Regierung sech engagéiert, fir d’Roll vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft ze stäerken an d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur nohalteg ze sécheren.

De Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass den 12. Oktober 2018 ernannt ginn. Konkret ass en zoustänneg fir d’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun engem Zwanzeg-Joresplang ronderëm d’Lëtzebuergescht. Hie gëtt dobäi vun engem interministerielle Comité begleet (d’Land, 06.04.2018). Hie suergt och fir eng national Plattform, op där all Formatiounen, Coursë fir Lëtzebuergesch a soss wichteg Informatiounen zesummegedroen an aktualiséiert ginn. Hie kuckt, datt d’Offer u Coursen, fir Lëtzebuergesch ze léieren, duergeet, zu Lëtzebuerg, an am Ausland, an datt adequat didaktescht Material disponibel ass. De Kommissär mécht och de Suivi vun de Kloen iwwert de Gebrauch oder Net-Gebrauch vum Lëtzebuergeschen an den ëffentlechen Servicer.

Schonn als President vum CPLL (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise – déi nei Presidentin ass d’Verlagslektorin an d’Iwwersetzerin Myriam Welschbillig1) – hat de Marc Barthelemy, de fréiere Mathesprofesser a Premier Conseiller du gouvernement, vill dozou bäigedroen, fir den offiziellen Text vun eiser Schreifweis virunzedreiwen (04.04.2019; D’Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch. Propositioun vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch – CPLL) an sou gutt wéi ze finaliséieren. Dat soll deemnächst och am neien Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat orthographeschen Ännerungskomplemente realiséiert ginn (cf. 163, rue du Kiem L-8030 Strassen, Tel. 247-8864).

Dësen neien Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch – an dat ass en zweete Grond fir meng Zefriddenheet – hëlt lues a lues Gestalt un. Säin neien Direkter, de Luc Marteling, 43 Joer al, ass Enn Juni 2019 vereedegt ginn. Als Kommunikatiounswëssenschaftler an Internetjournalist, och als Auteur an Iwwersetzer, huet hie vill zur Ënnerstëtzung vum Lëtzebuergeschen als geschriwwe Sprooch bäigedroen. De Minister Claude Meisch (den neien Zenter ënnersteet dem MENJE an net méi, wéi d’LOD-Equipe, dem Ministère de la Culture) ass iwwerzeegt, datt et e wichtege Pilier an der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gëtt.

Zesumme mam Kommissär këmmert sech den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ëm d’Norméierung vun der Lëtzebuerger Sprooch an d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg grad wéi ëm d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen am Land an doriwwer eraus. En dokumentéiert och d’Lëtzebuerger Sprooch, besonnesch hir Geschicht, hir Dialekter an de villsproochege Kontext. Donieft organiséiert hien och Ausstellungen a Konferenzen. D’Aktivitéiten an d’Equipe vum Lëtzebuerger online Dictionnaire (LOD) ginn an den Zenter integréiert an den LOD, grad wéi d’Servicer ronderëm, ginn an den nächste Jore stänneg ausgebaut an ugepasst (cf. den Annuaire complet vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch).

Déi gréisst Schwieregkeeten beim Opbau vum neien Zenter sinn a mengen Aen net d’Verdeelung vum Personal, vun de verschiddenen Aktivitéiten a Responsabilitéiten (dat kënnen d’Benotzer vum Zenter der kompetenter Direktioun iwwerloossen), mee e puer Grondiwwerzeegungen, déi de Geescht vum ëffentlechen Déngscht an den Intérêt général ausmaachen.

Geduecht muss all Moment a fir d’éischt un d’Publikum vum Zenter: Dat ass bestëmmt déi wichtegst Ännerung, déi d’Equipe vum LOD sech virhuele muss. Hei geet e net nëmme méi dorëms, „im stillen Kämmerlein“ Artikele fir den LD (Lëtzebuergeschen Dictionnaire) ze redigéieren – d’Präsenz an d’Reaktiounen vun de Gebraucher vun der Sprooch, d’Interaktivitéit mat hinnen ass onbedéngt noutwenneg, fir eng gutt adequat an nëtzlech Aarbecht ze leeschten2.

An hei gëtt ee gär perplex. D’Besoine vun der Lëtzebuerger Sprooch sinn esou grouss an allen Domänen, an esou verschidde jee no de Leit, déi se gebrauchen oder léieren, datt een ni einfach esou mat deenen zur Verfügung gestallten Dokumenter zefridde ka sinn. Dat ass jiddefalls meng Iwwerzeegung no bal
50 Joer „Interaktivitéit“ mat lëtzebuergesche Spriecher a Schreiwerten. Do sinn déi eng nëmmen accessibel iwwert d’Praxis, an déi aner iwwer eng meescht dacks onklor terminologesch Traditioun (mindestens wat d’Grammaire an de Metalangage ugeet). D’Formatioun, den Interessi an d’Sproochgefill vun de Leit sinn ënnerschiddlech (dat ass hiert Recht) an si dierfen och net vernoléissegt ginn. Mee wat soll oder kann een engem Lieser äntweren, dee brutal an engem Bréif un d’Redaktioun (d’Land, 12.07.2019) behaapt, de Zoom iwwert de lëtzebuergesche Passiv (Définitioun, Presentatioun an de verschiddene grammatesche lëtzebuergesche Wierker) wier onverständlech an onnëtz; hien hätt jiddefalls näischt dovu verstanen. Bon. Da muss ech mir dat fir eng aner Kéi-
er mierken, muss awer och zum Schluss agestoen, datt déi Ausdréck, déi mir virgehäit ginn, net vu mir sinn, mee vum Damaris Nübling3.

„Wat soll dat Ganzt?“, freet de Mann. Abee jo, dës Kéier bleiwen ech net perplex do stoen. Dat Ganzt, vun deem an dësem Zoom rieds ass: De Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch a seng verschidde Funktiounen, den CPLL, den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat sengem neien Direkter, senge Funktiounen a senger Equipe, meng Sproocherubricken a Zoomen am Land zënter 2006, meng Bicher Luxdico a Grammairen, all dat dréit dozu bäi, datt eis Sprooch bei de Leit an Institutioune gefërdert gëtt, och wann dës Promotioun heiansdo schwéier fält.

1 Iwwersetzerin ënner anerem vum lëtzebuergesch-däitsche Luxdico (Schortgen, Esch-Uelzecht 2008)

2 Cf. Zoom op d’Sprooch „Qui trop embrasse“ (d’Land, 27.06.2014)

3 Cf. „Auf Umwegen zum Passivauxiliar – Die Grammatikalisierungspfade von GEBEN, WERDEN, KOMMEN und BLEIBEN im Luxemburgischen, Deutschen und Schwedischen“. In: Claudine Moulin, Damaris Nübling: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik (Winter, Heidelberg 2006), S. 171-201

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land