Ok Doomer – E Plaidoyer géint Klima-Fatalismus

Zwou Wochen am Juli

Charl Vinz, Stauséi,  octobre 2023
Photo: Charl Vinz,
d'Lëtzebuerger Land du 06.10.2023

Klimakris

„Die Eisschollen sind alles V-Männer.“ D’Marie von den Benken (@Regendelfin) äntwert mat dësem Saz engem User, dee freet, wéi genee en Donnerwieder an der Lombardei mam Klimawandel zesummenhänkt. Si hat e Video vun enger Gaass an der Mailänner Alstad gedeelt, déi sech an eng Zort impromptu Äisscholle-Floss verwandelt hat. De Video huet mëttlerweil Millioune Views. Äisschollen, Äisklompen sou grouss wéi Pane matzen am Juli an Italien, nodeems enorm Quantitéite vu Waasser a Knëppelsteng erofgoungen. Zur selwechter Zäit huet sech e „Mini-Tornado“ an der Géigend gebilt.

De Spiegel mellt, 437 Golfplaze géingen a Spuenie Waasser kréien, an dat trotz offensichtleche Problemer mat der Waasserversuergung. Et geet ëm vill Waasser, soen Extinction Rebellion, déi oft op eng illegal Manéier op esou Problemer opmierksam maachen. D’Waasserversuergung vu Baueren ass betraff, net just vu Leit, déi hire Virgäertchen nätzen oder den Auto wäschen.

D’Baseline vun deem, wat een als iwwerraschend Wiederphänomener kann empfannen, gëtt mat all Katastroph korrigéiert. A Spuenie gouf et net einfach eng kuerz Drécheperiod. Et ass éischter esou, datt e Joerdausend-Event stattfonnt huet. Esou fillt et sech awer net méi un. Den éischten Tornado ass en historesche Once-in-a-lifetime-Moment, den zweeten eng Katastroph an den drëtten ass e gewéinleche Freideg, a vläit och nach e Samschdeg. Ech intresséiere mech säit e puer Joer fir Meteorologie, e bëssen esou wéi een, deen eng Ballsportaart suivéiert. Ech hu wéineg Anung vu Ballsportaarten, mee ech denken, datt et sech änlech géif ufillen, wann een e Fan vun engem Veräin aus der zweeter Liga wär, deem seng Equipe de Sport wiesselt, eng international Frisbee-Golf-Liga grënnt, dann e Kryptocoin doraus mécht an di nordkoreanesch Waffenindustrie domat finanzéiert. Also fir d’éischt besuergneserreegend, an da génocidaire. Iergendwann krut ech d’Gefill, et wären ze vill där Evenementer a mengem Social-Media-Stream, sou datt ech ugefaang hunn, se opzeschreiwen. No offense un d’Frisbee-Golf-Leit.

Méi Energy

Wann sech vill Saache beieneen änneren, da gëtt et ëmmer méi ermiddend, den Iwwerbléck ze behalen, souguer wann een dat wéilt. Net all Mënsch kann dat an huet d’Zäit dofir. An et konnt ee relativ laang duerch den Alldag an d’Saisone kommen, ouni permanent mat Nouvellen iwwert klimatesch Verännerunge konfrontéiert ze ginn, op d’mannst sou laang een net zu Péiteng an Ëmgéigend, oder am Iernzdall, oder am Mëllerdall oder am Oste vum Land wunnt, oder Leit kennt, déi do wunnen, oder déi Kolleegen hunn, déi do wunnen. Also: wann een et lo wierklech drop ukomme gelooss huet a partout wollt Klimakris-prokrastinéieren.

Entretemps ass et méi schwéier ginn, esou ze liewen, wi wann näischt géing schiflafen. Et muss een sech méi a méi druginn, fir de Ruff vum Planéit net ze héieren. De Planéit jäizt natierlech net, dat ass eng Projectioun. An natierlech kennt een ni déi ganz Panopli vun deem, wat verlässlech a previsibel ass, vun all deene Fakten, déi stabil bleiwen an d’Liewen erméiglechen, esou datt een sech op méi kleng Saache konzentréiere kann, wéi d’Wirtschaften an d’Liewen. Mee d’Klimakris ass déi grouss Ongewëssheet virun eiser Hausdier.

Mat der Lofttemperatur als Referenz d’Äerderwäermung wëllen ze verstoen, ass op eng gewëss Aart a Weis intuitiv, an natierlech net falsch. Mee ech hunn d’Gefill, déi Zuele beschreiwen eng physesch Realitéit a genee enger eenzeger Dimensioun. Fir datt een déi
Dimensioun wierklech begräift, muss een nach aner Dimensioune kennen. Datt et ëm déi zousätzlech Energie an de Molekülle geet. Datt et ëm méi Konvektioun, méi Wand, méi Fiichtegkeet a méi Beweegung geet.  An dowéint och ëm e ganz grousse Spektrum vu méigleche Konsequenzen.

Wat ass gesellschaftlech relevant?

Viraussetzunge fir e previsibelt Liewe erodéieren. Previsibel Dages- a Wochenofleef erodéieren. Et ass, wéi wann een eng gutt gefëllte Kichen hätt an all Dag verdierft een anert Liewensmëttel. Mee net just d’Mëllech oder heiansdo de Botter. Op eemol ass d’Salz net méi gutt, op eemol schimmelt den Zocker. Spontan explodéiert d’Bakpolver an d’Sardine fléien duerch d’Loft.

Privatbesëtz brauch eng stabil Zukunft. Et gëtt keng stabil Präisentwécklung, wa kee méi weess, ob e Bien Schrottwäert huet oder ob all Mënsch e wëll, bezéiungsweis ob e Bien nach ka verséchert ginn. Wéi e Wäert huet en Haus an der Provence mat enger Piscine, déi een net méi däerf fëllen? Wéi e Wäert huet e Chalet an engem Skigebitt, dat net méi genuch Schnéi kritt? En Appartement op enger Kräizung, déi iwwerhëtzt? Ween ass vun esou Evolutioune betraff? Wat wäerten d’Proprietairen als Entschiedegung fuerderen, wann se de Verloscht vun hirem Patrimoine spieren? Klimaverléierer, iwwregens, ginn et och bei Besëtzer vun Assets, déi net zwéngend néideg sinn, fir ze iwwerliewen. Bezéiungsweis: Wäerten déi Leit politesch Choixen huelen opgrond vun der Entwäertung vun hirem Patrimoine?

Wéi duerch d’Nadelöhr vun de limitéierte Ressourcë kommen? Un den Decoupling (vu PIB an Emissiounen) gleewen, mat grousser Ferveur? Ass den Decoupling méiglech ouni d’Fro vun der gesellschaftlecher Relevanz ze stellen? Wärend dem Lockdown gouf kloer, datt et ethesch ubruecht ka sinn, déi Fro ze stellen. Et war am Ufank vun der Pandemie néideg, d’Santé publique duerch streng staatlech Virgaben ze garantéieren, déi d’Interaktioun tëscht de Leit sollten op e Minimum reduzéieren. Eng ganz grouss Majoritéit vun de Leit war averstan mat der Analys vun der Regierung, déi ganz änlech ausgefall ass wéi déi vun den allermeeschten aneren europäesche Regierungen. De Konsens war grouss an ass stabil bliwwen, bis d’Adaptatioun un eng nei Situatioun bei deene meeschte Leit stattfonnt hat.

Am ganz normale Klimakrisen-Alldag gëtt d’Fro vun der gesellschaftlecher Utilitéit ganz seele gestallt, wann eng Entreprise bis ekonomesch wäertvoll ze si schéngt. Dat leeft dorop eraus, datt ee fir all Investissement gesellschaftlech Ënnerstëtzung kritt, egal ob een Deko-Artikelen aus Plastik oder Stenten entwéckelt. Dat heescht, datt keng Gesetzer gebrach ginn an de Modell keng bedeitend Externalitéite produzéiert, déi d’Entreprise (selwer) bezuele misst. Wéi den Input vun der Entreprise ausgesäit a wéi eng Energietransformatioun dobäi entsteet, gëtt alles an allem wéineg vun der Kollektivitéit ageschränkt, och wann een oft héiert vun all deene wäitgräifenden a strengen Aschränkungen a Regulatiounen. De Wuesstumsgedanke gëtt allgemeng ëmmer nach am Sënn vun enger positiver Entwécklung gedeit, nom Motto: Alles, wat wiisst, ass positiv an alles, wat positiv ass, wiisst. Méi ass méi. Manner ass nationalistesch, anti-global a vun den Anti-Migratiounsleit besat – eng Sakgaass.

„Das Produktionssystem ist zu einem Synonym für Zerstörungssystem geworden“, schreiwe Latour a Schultz an enger vun de leschte Publikatiounen, déi de Bruno Latour nach erausbruecht huet: Zur Entstehung einer ökologischen Klasse. Ech soe mer: mir missten dach d’Fro vun der gesellschaftlecher Utilitéit stellen, iergendwéi. Ech hunn am Gefill, datt net all aktuell produzéierte Servicen a Produiten an der Äntwert Plaz huet. D’Äntwert kenne géing eng gewësse Sécherheet bedeiten, a Form vu Previsibilitéit. Fir eng ekonomesch Aktivitéit ass Previsibilitéit wichteg. Wa mer eis net previsibel verhalen, maache mer de Raum fir déi Aktivitéit futti. Fir kompetitiv ze bleiwen, falls et esou eppes an zéng Joer nach sollt ginn. A falls een dat Wuert dann nach benotze wëll. Ech benotzen et lo schonn net méi sou gär, mee do mécht all Mënsch, wéi e wëllt. Coursse si gutt, wann ee weess, wou et higeet a wéini se fäerdeg sinn.

Et geet mer méi ëm de Risiko. Entreprisen huele gewësse Risiken a brauchen dofir Stabilitéit. D’Klimakris an de Mangel u Previsibilitéit kënnt sou geleeë wéi e Stuerm beim Opbaue vun engem Zelt.

Fatalismus

An eisem Klimakrisen-Alldag sollt ni d’Impressioun opkommen, datt et esou eppes wéi Klimafatalismus bei deene Leit gëtt, déi um politeschen an ekonomesche Plang Decisiounen huelen. Wéi eng Perspektiv wier dat? Wéi eng Previsibilitéit géif dat fir finanziell Assets bedeiten? Den Discours, dee behaapt, mir sollten eist Schicksal akzeptéieren, géing Iwwerhand huelen; di eenzeg Léisung wier eng bedéngungslos Adaptatioun, sauve qui peut. Et ass einfach, falsch ofzebéien. Klimafatalismus geet och vun enger wëssenschaftlecher Observatioun aus, op d’mannst zum Deel. Kee behaapt, di offensichtlech Fakte wieren erfonnt, vun enger Elite gesteiert oder géinge vu méi wichtegen Theemen oflenken. Klimafataliste sinn net Leit, déi fäerten, an den Ofgrond ze kucken. Et sinn déi, déi net méi dovu fortkommen, sou wéi den Narziss, deen net kann ophalen, säi Spigelbild am Waasser ze kucken. Klimafataliste fënnt een och ënnert deenen, déi sech esou eng Vue op d’Kris kënnen erlaben, déi sech esou staark spieren, datt se keng gesellschaftlech Stabilitéit brauchen, well se sech eng Festung kënne leeschten. Dovun ofgesinn geet et selbstverständlech net duer, e Probleem ze erkennen, fir en ze léisen.

Ech kennen de Begrëff „de Buttek zoumaachen“ als Äntwert op anti-kompetitiv Mesuren. Mee ech kann en och aus enger anerer Perspektiv soen. Ech muss net géint ekonomesch Aktivitéit sinn, muss net anti-liberal sinn, muss net anti-fortschrëttlech sinn, fir dovun ze schwätzen, datt mer „de Buttek geschwë kënnen zoumaachen“. Ech ka mat mengem ganzen Arsenal u Statussymboler am Stadkär sëtzen, Crémant drénken, franséisch Verbe benotzen an trotzdeem eng aner Zukunft wëllen.

Langweileg Lofttemperatur

Ëmmer nees Gespréicher iwwert d’Lofttemperatur. Kee Mënsch ass impressionéiert, wann et e puer Grad méi waarm gëtt an der
Moyenne, iwwert e gewëssen Zäitraum. Déi meescht stéieren sech net drun, well mer dach permanent un der Heizung dréien oder der Klimaanlag am Auto. Et geet net ëm d’Loft. Den Desaster spillt sech an engem Beräich vun enger Verännerung ëm ënnert engem Grad of. Mir sinn elo bei 1,2 Grad. Ech kann et zwar noliesen, mee wëll guer net emol wëssen, wéi eng onkontrolléierbar Prozesser lassgetrëppelt gi bei 0,3 Grad méi, also 1,5 Grad. Wat just de Minimum war, op dee mer eis am Paräisser Klimaofkommes eenege konnten als eng Zort Leitplank.

Et geet ëm d’Energie, déi mer an d’Atmosphär drécken. D’Energie verdeelt sech am Waasser, am Buedem an an der Loft. An den
Haiser, de Flëss, am Goudron. Dem Planéit ass et egal, mir kënnen him net schreiwen, fir him ze erklären, wéi et eis geet a wat mer wëlles hunn. De Planéit geet net op der Pride mat, intresséiert sech net fir Woke-Debatten a Cancel Culture. De Planéit verkeeft keng Reklammen an huet keng Presenz an de soziale Medien. De Planéit schreift keng Kommentaren ënnert Meenungsartikelen. Dem Planéit si Generatiounskonflikter egal, de Planéit bestellt keen Zigeinerschnitzel, e kennt keng Majoritéiten a keng Minoritéiten. De Planéit reproduzéiert keng politesch Debatten aus Amerika. De Planéit lenkt net of. De Planéit verdrängt net. Eis Gesellschaft verdrängt. De Planéit ajustéiert sech, e fënnt en neien Equiliber. Ajustéiere mir eis och? Verdroe mir de Schock vun den Tipping Points, déi mer eventuell schonn erreecht hunn, wat mer awer net am Viraus wësse kënne? Not looking forward to finding out.

Cancel Subscription

Dës Woch iwwerschloen sech d’Noriichten. Dräi Deeg hannertenee ginn et schwéier Onwiederen an enger breeder Sträif vun der Lombardei duerch Slowenien, Kroatien, Serbien, Éisträich. All Dag nei Fotoe vu Knëppelsteng, déi d’Felder wäiss bedecken an déi eng Gréisst erreechen, wéi ech se vun Äppel kennen. A Griichenland mellt e Wiederinstitut, datt di aktuell Well vun Hëtzt déi längst säit dem Ufank vun de meteorologeschen Opzeechnunge ass. Am Arizona gi Leit verletzt, well se a Kontakt mat gliddegem Gudrong op den Trottoire kommen. Verschidde Leit an den USA stierwen un „exposure to excessive natural heat.“ Ah jo, an en Tornado. Ech gesinn all Dag esou vill Heatmaps op de soziale Medien, datt ech den Ënnerscheed tëscht de Graphiken net méi gesinn. Anscheinend 30 Grad am Tyrrhenesche Mier. War dat schonn ëmmer esou? Dag fir Dag gesinn ech Zuelen iwwert Energie an der Loft, déi oft mat dramatesche Wierder kommentéiert ginn, vill Ausrufezeichen. Ech gesinn esou vill Fotoe vun Arcen oder Shelfclouds, deene Wolleken, déi wéi e risege Staubsauger op een duerkommen, datt ech net méi weess, ob et déi aus Frankräich oder aus Serbien sinn. Ech verléieren den Iwwerbléck vun den extreme Phänomener. Am Juni hunn ech mech gewonnert iwwert d’Anomalie vun der Temperaturmoyenne vun de Mieresiwwerflächen, iwwert déi Linn, déi aus hirer Moyenne ausgebrach ass. Ech weess net, ob eppes doriwwer an den Noriichte koum an de leschten Deeg, vläicht waren aner Sujeten erëm méi wichteg.

Ween elo schonn, wou mer grad eréischt um Ufank vun den extremen Evenementer sinn, opgëtt, deen akzeptéiert vill Verléierer. Dee léisst zou, datt de Gruef déif gezu gëtt tëschent deenen, déi d’Geld hunn, fir sech ze adaptéieren, an deenen aneren, déi net déi néideg materiell Ressourcen hunn, fir sech ze schützen. Dat ass keng responsabel oder akzeptabel Positioun. Firwat ass et esou schwéier, Driff ze kréien, eng allgemeng Beweegung opzebauen?, freet de Klimaaktivist an d’Timeline eran, ëmmer erëm.

52,5 Grad zu Sanbao am Nordoste vu China dëse 16. Juli. Am Death Valley moossen se op dësem Dag 54 Grad an e bësse méi. Anscheinend sinn Touristen dohinner gefuer, fir sech dee Wansinn unzekucken. Katastrophentourismus vun där langweileger Zort: Et weess een dach, datt nach vill méi uerg Episoden um Plang stinn, wien intresséiert e Rekord, deen all Joer gebrach gëtt? En Heat-Dome baut sech op iwwert dem Mëttelmier. Matzen am Juli, där éischter Vakanzewoch, fale reieweis d’Temperaturrekorder. Gutt, datt et keng Roaming-Käschte méi gëtt bei all deene Fotoe vun Thermometeren, déi doruechter verschéckt an eropgeluede ginn. Gutt, datt et iwwerall WiFi gëtt, wann ee besonnesch laang Handysvideoe wëll an d’Heemecht schécken, an deenen ee probéiert ze beschreiwen, wéi onangeneem et ass. An datt engem soss näischt iwwereg bleift, wéi klimatiséiert Räim opzesichen.

Eventuell spillen an deene Videoen och onerwaart Optrëtter aus der Fauna eng Roll, well esou Temperature ganz, soe mer mol, oner-
waart Déieren zum Virschäi bréngen. Et ass op alle Fall e gudde Summer fir d’Tiger-Moustiquen. An der Tëschenzäit fale gréisser Knëppelsteng. Bis zu 10 Zentimeter Duerchmiesser. Dat ass, sou gesäit een op Videoen, déi Gréisst, bei där d’Knëppelsteng éischter e Lach maache wéi eng Téitsch. Allgemeng schéngt et net ubruecht, bei där Kategorie vu Precipitatioun gréisser finanziell Assets am Fräie stoen ze loossen. Wéi laang bleiwen se nach assurabel?

Vum Threshold getriggert

Am Moment schéngt et, wéi wann eng nei Phas ugefaangen hätt. Zäitgläich mat der Meldung, datt Wëssenschaftler e kanadesche Séi als Referenz-Uert fir den Anthropozän festgeluecht hu, wéint de Sedimenter déi sech do oflageren, liesen ech all Dag vu schlëmmen Donnerwiederfronten, déi iwwert e puer Länner ewechzéien.

D’lescht Joer ëm dës Zäit wollt ech mat Kolleegen en Haus um Cap Ferret lounen. Et waren du wéint der Dréchent Bëschbränn a mer hate wéineg Loscht, Geld auszeginn, fir an engem Katastrophegebitt ze hänken. A just mat Chance owes Prosecco kënnen ze kafen, wann d’Gendarmerie d’Stroossen nees géif opmaachen. Et waren net där „normaler“ Bëschbränn. Wou ass den Threshold? A wéini hu mer en iwwerschratt? Et ass keen do, fir eis ze hëllefen, et gëtt just eis. Keen duebele Buedem, keen Netz. Keng lescht Autoritéit.
Mir sinn alles, wat do ass. Mir sinn déi eenzeg Erwuessen am Raum. Mer kënne Memes doriwwer bastelen, mee um Enn bleift et eise Problem.

Zukunft gecancelt

Op Rhodos brennt et zënter Deeg. Et waren do haut 46 Grad. An et ass scho säit Deeg esou waarm. De Jörg Kachelmann seet, op Rhodos wär et souwisou waarm, an effektiv muss een oppassen, net alles an dat nämmlecht Dëppen ze geheien. Et ass mëttlerweil August an ech verschaffen nach d’Noriichte vun der leschter Woch, déi ech an enger fréierer Social Media-Plattform gespäichert hunn. De sougenannten Heatdome an den USA forcéiert Fluggesellschaften, manner Kerosin ze tanken a manner Passagéier ze boarden, well waarm Loft manner gutt Konditioune bitt fir ze fléien. Verschidde Leit gëtt et schlecht wärend dem Boarding, well d’Boarding-Brécke fir an de Fliger ze waarm sinn. Et goufe schwéier Donnerwiederen. Ech kucken nach eng Kéier d’Videoen. Downbursts op verschiddene Plazen, bannent 30 Sekonne fällt e Rideau erof an orkanaarteg Böe veränneren d’Landschaft op eng ballistesch Aart a Weis. A China gëtt et schwéier Onwiedere mat extreme Waassermassen, op breede Flëss an de Bierger bei Beijing gesäit een Autoe klunschen, alles ass beige. Am Maghreb sinn d’Temperaturen aussergewéinlech héich, esou wéi dat och schonn am Fréijoer am Iran an op der arabescher Hallefinsel de Fall war. Ausserdeem ass och nach net kloer, wat an der Antarktis mam Äis leeft. Dat behëlt sech iergendwéi komesch, ech verléieren den Iwwerbléck.

Dat schlëmmst, wat eis elo geschéie kann, ass d’Zukunft auslafen ze loossen. Déi, déi net un de Klimawandel „gleewen“, si rar ginn. Elo ass d’Zäit vun den Zyniker an de Verzögerer. Wäerten et déi Positioune sinn, déi d’Käschten an d’Scholden eropdreiwen, andeems se d’Zukunft zu enger onvertrietbarer finanzieller Laascht gi loossen? Ween Angscht huet an d’Rentemauer ze knuppen, sollt sech och virun anere Metapheren an Uecht huelen. Klima-Schlucht, Decarbonisatiouns-Walz, keng Anung, iergendeppes.

Mat Politik, dat iwwerrascht elo villäicht, huet dat alles guer näischt ze dinn. An der Theorie. Kee Mënsch géing sech ëffentlech géint eng normal a previsibel Athmosphär ausschwätzen, kee éing fir d’Zerstéierung vun ekonomeschen Opportunitéite stëmmen. Et gëtt keng Partei, déi mat hire Memberen op d’Strooss géif goen, fir d’Recht op ultra-variabel Klimaperioden am Mëttelmier anzekloen an den Tourismus do ze zerstéieren. Ech hu vu kengem politesch engagéierte Mënsch gelies, dee fir d’Desertificatioun vun der Sub-Sahel-Zon agetruede wier, well et méi Klima-Migratioun kreéiert. Ech hunn net gelies vu politesche Fuerderungen no méi Chaos an urbaniséierten Iwwerschwemmungsgebidder, déi d’Wirtschaft zerstéieren.

Betraffenheet iwwerall an néierens

Mëttlerweil ass et August a mëttlerweil ass erëm eng „unprecedented“ Well vun Hëtzt a Südamerika ënnerwee, besonnesch ganz am Süden. An de chileeneschen Anden ginn 38,9 Grad gemooss, obwuel do eigentlech grad Wanter ass. Am Iran ginn zwee nei Congésdeeg agefouert, well d’Hëtzt en normaalt Funktionéiere vun der Gesellschaft momentan onméiglech mécht. E puermol sinn Donnerwieder-Zellen an NRW an den ëmleiende Regiounen um Radar mat Dréiung ze gesinn, e Risiko fir Tornadoen. Just eng Fro dovun, wéi dacks een de Wierfel geheit. An de leschte Wochen ass Lëtzebuerg gutt dervu komm, sou datt mer eis mental op de Summer agelooss hunn, deen alles an allem agreabel war, mat Ausnam vun heiansdo nervegem Reen. D’Betraffenheet ass e ganz lokaalt Phänomen – a mir waren net betraff. A China ass extreme Reen erofgaangen, a wärend zwee Deeg konnt ee Videoe gesinn aus China, vun engem Rollfeld vun engem Flughafe, dat ënner Waasser stoung.

An zwou weltbekannten Zeitunge liesen ech engersäits e Meenungsartikel, deen erkläert, Klima-Alarmismus wär eng Zort „mental disorder“, anerersäits e Meenungsartikel, dee warnt: „It’s all still just getting started.“ Ech kucken duerch d’Bookmarks, déi ech an enger App gespäichert hunn a gesi fir déi x-te Kéier de Video vu La Chaux-de-Fonds, wou et Enn Juli Wandstéiss vun iwwert 200 km/h gouf. Ech gesi fir d’zweet haut e Post, an deem behaapt gëtt, d’Medie géingen a leschter Zäit ëmmer méi iwwert Bëschbränn berichten, wärenddeems et eigentlech ëmmer manner Bëschbränn géif ginn. E renomméierte Klimafuerscher muss äntweren, well de Post vun engem Drëtte gedeelt gëtt. Et ass esou komplizéiert, den Iwwerbléck ze behalen. Wéi vill Energie muss opbruecht ginn, fir all déi offensichtlech absurd Theesen ze widderleeën?

Déi zweet Woch am August. Am Pazifik forméiert sech de Stuerm Dora, wat u sech näischt Aussergewéinleches ass. Op sengem Wee no Westen zitt de Stuerm südlech vun den hawaiianeschen Insele laanscht a saugt Loftmassen op. Et kënnt zu staarkem Wand op Maui. De Wand verstäerkt d’Bëschbränn an eng Stad mat 12 000 Awunner verbrennt esou schnell – et kënnt zu engem Stau bei der Evakuatioun – datt eenzel Leit an d’Mier sprange mussen, fir sech ze retten. Et ass den déidlechste Bëschbrand vun dësem Joerhonnert an den USA. Näischt bleift vun der Stad iwwereg. Zwou Milliounen Touristen d’Joer wäerten net méi dohigoen an net déi lokal Ekonomie ënnerstëtzen, well et sou gutt wéi keng lokal Ekonomie méi gëtt. „Willkommen im Pyrozän“, schreift de Klimawëssenschaftler Reinhard Steurer op Twitter.

En amerikanesche Wiederjournalist beschreift d’Resultater vu verschiddene Wiedermodeller, déi all an der Moyenne op e „staarke bis ganz staarken “ El Niño hindeiten, deen zyklesche Wiederphänomen, deen sech all puer Joer mol méi, mol manner staark um pazifeschen Ozean entwéckelt. Fir de Klimawandel ze erklären, poste Leit Zeechnungen, op deene Kanner op zwou Schaukele spillen. Nieft hirem eegene Schwong dréckt eng drëtt Persoun se zur nämmlechter Zäit weider un. Déi drëtt Persoun ass de sënnbildleche Zäreneffekt, an alles wat doraus ervirgeet. Eis liminal, minuscule Goldilocks-Zon.

Déi zweet Woch am August geet op en Enn. Ech kéint mat menger Opzielung nach laang esou virufueren. Dobausse reent et, well eng Linn vun Donnerwiederen iwwert d’Land zitt. D’Wiederprevisioune fir muer soe fir Europa eng Canicule viraus, déi warscheinlech wäermste vun dësem Spéitsummer, seet de kommerzielle Wiederdéngscht Keraunos op Twitter. Mee fir de Moment reent et. Ech weess nach net genau, wat ech déi nächst puer Congésdeeg maachen, d’Wieder mécht et schwéier, eppes ze plangen. Aus menger Kiche kucken ech eraus op eng Dänn; e Kueb ass grad um ieweschten Aascht gelant a balancéiert nach seng Landung aus. En hält sech gutt, mee d’Dänn ass uewe ganz dënn an e schaukelt eng Zäitche vun enger Säit op déi aner. Ech sinn erstaunt, wéi wéineg Wand hannert dem Haus bléist, obwuel d’Wolleken am Hannergrond laanschtzéie wéi d’Landschaft op der Autobunn. De Kueb rëselt sech an eng Plomm, eng eenzel, flitt fort an trëndelt erof an de Gaart. Et ass keen Duerchzuch a menger Wunneng. Den Damp vun der Zigarett wëll net zur Fënster eraus, mee erop. Vill méi Jonker géingen a leschter Zäit ufänke mat fëmmen, hunn ech gelies. Uewelaanscht zitt alles weider.

Ech wollt am Fong just wärend zwou Wochen am Juli d’Noriichten iwwert d’Wieder oplëschten, well ee Katastrophenzyklus hannert deem anere koum an et sech ugefillt huet wéi en historesche Moment. Ech komme mer dobäi mëttlerweil e bësse sënnlos vir, einfach well et där Katastrophen ze vill sinn. Näischt dorun huet Event-Charakter, et stécht näischt eraus, et ass einfach den „normale“ Flux vun erstaunlechen Eventer.

Ech gesi grad, wéi d’Stad Yellowknife am Norde vu Kanada evakuéiert gëtt wéint de Bëschbränn, déi komplett ausser Kontroll gerode sinn. A menger Lëscht sinn och Videoe vum Frankfurter Flughafen. D’Biller komme mer bekannt vir. Gëscht den Owend koum et zu massivem Reen, d’Rollfeld stoung ënner Waasser. Déi Loftmasse ware kuerz virdrun nach deelweis iwwer Lëtzebuerg gezunn. Erëm eng Kéier hate mer Chance. A menger Lëscht stinn och Meldunge vun engem „1-in-10 000 year“-heat wave event. Déi Heat Wave war virun zwee Joer, et ass grad einfach d’nämmlecht waarm. A menger Lëscht ass och e Message vum WDR-Meteorolog Sven Plöger, deen an d’Kamera schwätzt: „Da kommt ein Tsunami auf uns zu, ich sehe den als Meteorologe und sehe dann auch, dass ganz viele Menschen in der Gesellschaft den leider noch nicht sehen, und das brauchen wir eigentlich, um Antrieb zu bekommen, um wirklich Dinge zu verändern.” Ausserdeem schreift d’Financial Times, den amerikaneschen Haus-Assureur Allstate hätt relativ vill Geld verluer an der éischter Hallschent vun 2023 wéint de Wiederphänomener an den USA. En Aarbechtskolleeg mécht mech drop opmierksam, datt mëttlerweil méi Assureure gewësse Regiounen an den USA net méi couvréieren.

Going through the motions

Ech kucken Instagram a gesi Fotoen aus dem Québec vu Kolleegen aus Lëtzebuerg. Och Fotoen aus den USA, Italien, Süd-Korea a Japan vu Kolleegen aus Lëtzebuerg. Ech hu Loscht ze reesen. A wéiwäit kämpfe meng Kolleegen an ech fir den Erhalt vun eisem Liewensstil ob Käschte vun aneren? Ob eng gewëss Aart a Weis guer net. Mee mir hunn och net opginn. Vill vun deene Kolleegen hunn oder wëlle Kanner. Mir loossen zou, datt d’Muer en Dag vun den Iwwerliewenden ass, wéi wann et keen anere Wee géif ginn. No deenen, déi soten, et géif kee Klimawandel ginn, kommen déi, déi soen, mir kéinten näischt dogéint maachen.

Zyniker bauen näischt, well se nëmmen nokucke kënnen. Se bleiwen um Rand stoen a fillen sech bestätegt, wann de Parzeläin a Stécker fiert. Géingen se bauen, da missten se Responsabilitéit iwwerhuelen. Mee dat ass den Zyniker net erlaabt. D’Muer gëtt vun den Hoffnungsvolle gebaut, net vun deenen, déi am Selbstmatleed wänzelen. Ech muss dat kënnen erwaarden ouni Ironie. Ech muss dat kënne fuerderen. Et muss ee kënnen e Kannerwonsch hunn.

Den éischten US-Staat, deen dëst Joer vun engem Stuerm betraff ass, ass Kalifornien. En Tropestuerm vun der Kategorie 3 ass um Wee laanscht d’Westküst vu Mexiko. En huet ganz vill Waasser a riskéiert an de Wüüstegéigenden dramatesch Iwwerschwemmungen ze provozéieren. Wat d’Loft méi waarm ass, wat se méi Waasserdamp ophëlt. Op Teneriffa ass e Bëschbrand ausser Kontroll a produzéiert eng dicht gielzeg Couche vun Damp iwwert den ëstleche Kanaren.

An der Schwäiz sinn an zwee Kantone rout Wiederwarnunge wéint der „markanter“ Hëtzewell. Et ass eng spéitsummerlech Hëtzewell a Südeuropa ënnerwee; a Frankräich ginn d’Héchstemperaturen bis op 43,5 Grad erop. Bei eis fillt d’Loft sech schmeier un. D’Nullgradgrenz ass iergendwou bei 5 400 Meter. Éischt Videoen zirkuléiere vum Reen a Baja California, den Hurrican Hilary ass schlussendlech net sou katastrophal ausgefall wéi gefaart. D’Ozonwäerter zu Wien si vill ze héich. A Japan kënnt eng Hëtzewell einfach net op en Enn. De Gehalt vu Methan an der Atmosphär klëmmt konstant. An der FAZ berouegt e Meenungsartikel domat, datt d’Mënschheet net wäert ausstierwen. Ass dat de Minimum? Soll mech dat berouegen?

Ofgehuewen

Enn August fléien ech op Berlin. D’Wieder ass wiesselhaft, dompeg. Et si wéineg Touristen an der Stad ënnerwee. No e puer Deeg soen ech dat engem Taxischauffeur. Hie mengt, wéint der Inflatioun hätten d’Leit kee Geld méi. Schold wier di obligatoresch Wärmepompel an d’Politiker, déi de Bezuch zur Realitéit verluer hätten. Meng Feststellung, datt muer alles méi deier gëtt, wa mer net haut scho bezuelen an ofwaarden, stellt sech als Sakgaass eraus a gëtt am weidere Gespréichsverlaf vergiess. Am Buch vum Bruno Latour, uewe schonn zitéiert, hunn ech gelies, datt et am vergaangene Jorhonnert drëms gaange wär, wéi mer de geschafene Räichtum gerecht verdeelen. An dësem Jorhonnert géing et drëms goen, wéi mer de Räichtum schafen, am Respekt vun de planetäre Limitten, oder och net. Ech denke mer, datt et schonn iergendwéi gutt wär, wann déi éischt Saach gereegelt wär, iert déi zweet ka gereegelt ginn. Wuelstand, Emanzipatioun a Fräiheet wären di mobiliséierend Wäerter vum leschte Joerhonnert, steet an deem Text. Et ass nach esou vill Zukunft do. Et ass Zäit, déi Wäerter un dem Planéit seng Limitten unzepassen.

Ech wollt eng Oplëschtung vun anormale Wieder-Phenomener maachen, mee wat meng Lëscht méi laang gëtt, wat déi eenzel Elementer manner anormal wierken. Ufank September zitt en atmosphäresche Floss iwwer Griichenland, iwwert d’thessalesch Plaine, an entluet den Equivalent vun dräi Joer Reen a just zwéin Deeg. Geschätzt e Fënneftel vun den Agrikulturflächen ass fir déi nächst fënnef Joer fort, et gëtt Doudeger. De Professor Stefan Rahmstorf schreift op Twitter: „Höhere Temperaturen -> mehr Wasserdampf in der Luft und mehr Verdunstung -> mehr Extremregen. Das ist einfache Physik und so vorhergesagt.“ Weekends weisen ech enger Frëndin dësen Text. Si freet, wat de Message wär. Ech hu keng Äntwert op déi Fro. Et ass ebe keen Tweet. Ech leeë mech awer fest op d’Hoffnung vun den nei installéierte Solarkapazitéiten. An op tipping points vun där positiver Zort. Ech gleewen dodrun, trotz dem Kaméidi. Ech halen net op ze liesen. Ech weess, datt et och weiderhi méi schlëmm gëtt, mee ech halen dat Wëssen aus. Ech halen aus, datt ech Lige liesen an datt ech falsch Geschichten iwwert Wandrieder héieren an iwwer Akkuen, déi brennen. Ech denken net un dat, wat alles misst verbuede ginn, an och net un dat, wat anscheinend scho verbueden ass. Et ass nach vill Zukunft iwwreg.

Bei der Küst vu Libye verstäerkt sech de Rescht vum Stuerm Daniel a féiert zu schlëmmen Iwwerschwemmungen, zum Beispill an de Stied Benghazi an Dherna. Ob et schlëmm Konsequenzen huet? D’Waasser steet nach a Griichenland. Et ass ugangs September an eppes iwwer 30 Grad. Ech si frou iwwert d’Hëtzt um Sonndegnomëtteg, et ass richteg agreabel.

Max Gindt
© 2023 d’Lëtzebuerger Land