Onst Schoulmaterial

Wat gelift?

d'Lëtzebuerger Land vom 11.11.2011

Sou heescht d’Material ‚Lëtzebuergesch fir déi Jonk‘, dat de Service de la scolarisation des enfants étrangers vum MENFP Enn Mäerz 2011 presentéiert huet: e Léierbuch vun 128 Säite mat dräi Audio-CDen (3 x 70 Minutten) fir de Schüler an e Guide pédagogique (100 Säiten) mat engem CD-ROM fir den Enseignant. Leider hunn ech de Guide pédagogique – trotz Bestellung – net vu menger Librairie geschéckt kritt. Fir den Ament kann ech en also net mat beuerteelen an nëmme wéi[-]neg iwwert déi zousätzlech Explikatiou[-]nen, Aarbechtsblieder, Tester, Exercicen a grammatesch Erklärunge soen, déi am CD-ROM proposéiert ginn.

Wat d’LaF (Didaktik an Traditioun) ugeet, gëtt esou e Guide dem Enseignant d’Méiglechkeet, fir sech virunzebilden a sech mat der kommunikativer Approche ze familiariséieren. De Guide ass also net nëmmen als didaktesch Hëllef geduecht, mä och als Formation continue fir d’Enseignanten, wéi dat an enger Emissioun am Radio 100,7 (08.07.2011) vum Marguerite Krier (MENFP) confirméiert gouf. D’For[-]mulatioune fir d’Enseignanten (besonnesch wat déi grammatesch Regelen ugeet) missten also och nei iwwerschafft gi sinn. Dat ass awer anscheinend net de Fall, well déi puer Beispiller, déi een am Virstellungs-Powerpoint ‚Lëtzebuergesch Grammaire op ee Bléck‘ (Auteuren: Marthy Gloesener an Danielle Knepper) liese kann, weisen, datt d’Regelen net ganz richteg sinn. Sou liest een, d’n-Regel géif vun den Ufanksbuschtawe vum [-]Wuert, dat duerno kënnt, ofhänken. Dat ass grondsätzlech falsch, well déi Regel eppes mat de Lauter a Pausen, net awer direkt mat de Buschtawen a Sazzeechen ze dinn huet. Virum ‚y‘ zum Beispiell als vokalesche Laut gëtt den ‚n‘ bäibehal (den Yves), mä net virun engem konsonanteschen ‚y‘ (de Yogurt/Joghurt) (d‘Land 07.04.2006 an 16.07.2010). Mir soen a schreiwen den Churchill, den Chatt trotz de Buschstawen (dem Digramm) ‚ch‘, well de Laut en dentalen ‚tsch‘ ass.

Wat gelift? ass d’Adaptatioun vun engem Léierbuch, mat deem an der Schwäiz Däitsch als Friemsprooch enseignéiert gëtt. D’Léiermaterial ass am Kader vun enger Partnerschaft mam privaten Züricher Institut für Interkulturelle Kommunikation (Claudio Nodari) vu Lëtzebuerger Formatricen (Da[-]nielle Knepper a Jackie Weber-Messerich vun der Asbl Moien) elaboréiert ginn. Selbstverständlech (MEN oblige!) hunn och vill aner ëffentlech Institutioune matgeschafft: den CPLL, d’LOD-Equipe, d’Uni, den Centre de Technologie de l’Education fir d’Toun[-]op[-]namen. D’Grafik, d’Faarwen (bää, dat verwässert Gréngt a Gielt!), d’Illus[-]tratioune vum Buch (d’Zeechnunge sinn alt almoudesch wéi zum Beispill d’Kierperdeeler op der Säit 92) weisen zweiwellos op dës Schwäizer Originnen hin1. Och aner Spuren, wéi zum Beispill d’Übung zwee op der Säit 52, ginn op eng däitsch-schwäizer Presentatioun vum Sazopbau zréck, déi, wéi an de 1960er Joeren, mat Këschten, Tabellen a Verbklammere schafft. Déi linear Opfaassung, déi derhanner [-]stécht, klappt weder fir d’Däitscht, nach fir d’Lëtze[-]buer[-]gescht2.

D’Objektiv vun der Gesamtmethod ass selbstverständlech, kommunikativ Kompetenzen opzebauen an dat gëtt dann haut vum Educatiounsministère déck ervirgehuewen. An dee[-]nen éischten néng Kapitelen (éischt Joer mat dräi Stonnen d’Woch) sollen – am Idealfall – d’Niveauen A2 (compréhension orale) an A1 (expression orale) an nom 14. Kapitel B1 an A2 erreecht ginn, mat engem Gesamtvocabulaire vu ronn 1 000 Wierder. Vrun allem d’Héierverstoen (dat sech am Buch mam Lieseverstoe verbënnt) gëtt privilegéiert a fir Jugendlecher ass et e Virdeel, datt déi meescht Texter op CDen opgeholl gi sinn. Leider awer ass ze bedaueren, datt dës Opnamen dacks flou3 sinn an d’Texter (och d’Dialoger) am allgemengen iwwerstierzt, ouni Expressivitéit a mat enger onadequater Intonatioun ‚erofgeleiert‘ ginn4.

Wat gelift? insistéiert op déi kommunikativ Kompetenzen an detailléiert och d’Kenntnisser, déi dem Schüler solle bäibruecht ginn. Eng intressant nei Rubrik: ‚dat kann ech/dat verstinn ech‘ erlaabt et dem Apprenant, sech no all Kapitel selwer ze kontrolléieren. D’Ënnerscheede vun de formale Kompetenzen (Héier- a Liesverstoen, monologescht Schwätzen, mëndlech Interaktioun, schrëftlechen Ausdrock, a sou virun) an deem konkrete Wëssen a Kënnen (119 Formulatiounen am Buch) ass wichteg. Trotzdem täuscht si net iwwert den Opbauprinzip vum Léierbuch ewech, deen (ausser am Kapitel iwwert d’SMSsen an d’Comics) ganz traditio[-]nell ass. D’Aféiere vum Kapitel mat stateschen Zeechnungen (Schoulgebai, Klassesall, Schoulsaachen) oder mat kuerze Presentatiounstexter (Fräizäitaktivitéiten, verschidde Familljen, Musek, Jugendhaus, Migra[-]tiounen) ass näischt Neies. Dat sproochlecht Auswäerte vum Thema, d’Übunge vun den Aussproochschwieregkeeten, déi klassesch Léier[-]techniken, dat alles bleift thematesch gruppéiert5. D’Material ass bestëmmt intressant, mä am Ensembel feelt eng Grëtz Bewegung (och an de Comics), Weltoffenheet (‚Schengener‘ Geescht) a Witz.

Wat gelift? ass als Schoulmaterial geduecht, dat an de speziellen Accueil- an Insertiounsklasse fir 14-18järeg Primo-arrivanten agesat gëtt, awer och am fräien Handel ze kréien ass. Als Method fir Lëtzebuergesch ze léieren ass d’Material wëllkomm, vrun allem, well e richtegen Effort gemat ginn ass, Kommunikatiounssituatiounen ze fannen, an deenen déi jonk Auslänner sech kënne wuelfillen. Ob dat elo awer duergeet, fir där Jugend d’Méiglechkeet ze verschafen, de ‚kulturelle Sichtwechsel‘ ze erliewen, dee fir eng Integratioun néideg ass, dat ass net sécher!

1 Am 14. Kapitel fält den Text op (S. 117), dee komescherweis d’Schwäiz als ‚Mäin Heemechtsland’ presentéiert. D’Banalitéit vun der Beschreiwung ass bedauerlech: ‚D’Joreszäiten an der Schwäiz sinn däitlech ze erkennen. Am Wanter gëtt et vill Schnéi an et ass kal. Am Fréijor gëtt alles gréng, d’Blumme bléien a.s.v.!‘
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land