Luxemburgensia

Turbulent

d'Lëtzebuerger Land du 23.12.2022

Wéi wann et net scho schwéier genuch wier, jonk ze sinn! Fir d’Liv geet alles drënner an driwwer, an dat, obschonns hat guer näischt gemaach huet. Also, näischt anescht gemaach huet, ewéi soss. Dat ass net nëmmen d’Schold vum „Aarschlachvirus“ Corona, a scho guer net vu senger Mamm, déi hatt mat hirem Partner Paul gutt ënnerstëtzt. Mee iergendwéi ass einfach alles anescht, an anescht heescht an dësem Fall: fierchterlech komplizéiert.

Et geet em di turbulent Teenagerzäit: D’Liv verbréngt Nomëtteger mat sengen Kolleegen, senger beschter Frëndin Lou an dem Philippe, flitt bei säin ale Kolleeg aus der Primärschoulszäit Robin, dee mëttlerweil zu Berlin lieft. Hat geet mam Cosmo sprayen, mat deem et iwwer seng Gefiller schwätze kann, obschonns hien e Strapp mi al ass wéi hatt. An trotzdeem klappt et iergendwéi net richteg, fillt sech heiansdo alles beschass un – trotzdeem geréit säi Liewen ëmmer méi ausser Rand a Band, seng Gefiller spillen verréckt ... a souguer seng bescht Kolleegen. Dat läit net nëmmen um Calvin, der Schoul an dem Hustle mam Aarschlachvirus, deen alles just nach vill méi komplizéiert mécht. Et läit um Teenager-Si selwer!

Mat hirem fënnefte Buch, Koma 21, huet sech d’Anja di Bartolomeo en neie Genre ausgesicht – e Jugendbuch – an och hiren éischte Roman op Lëtzebuergesch geschriwwen. An dat funktionéiert nawell gutt, well d’Sprooch ass lieweg, d’Dialogen iwwerzeegen, d’Figure si realistesch. Aus der Siicht vun der Haaptfigur Liv erlieft een seng Geschicht mat, déi och ouni „Major Plot Twist“ auskennt, well d’Erliewen, d’Gefiller an d’Erausfuerderunge vum Alldag am Zentrum vun der Geschicht stinn, déi an der Jugend esou onbeschreiflech grouss, wichteg an heiansdo reegelrecht existenzbedreelech sinn. Ouni ze iwwerdreiwen, den Text trëfft esou genee den Tounfall, deen de Lieserinnen a Lieser d’Vue vun der jonker Haaptfigur nobréngt, dee witzeg ass, heiansdo granzeg, frech, snappy an originell.

„Et gëtt gesot, dass Léift blann mécht. Se hu Recht. Ech mengen awer, datt dat net alles ass. Léift mécht och nach kourommeldomm. Däi Gehier weecht einfach op vun all deem ville Gesülz an Geschnalz an deem ganze Gemausi-schnucki-babyiloveyousoandineverwannabewithoutyou.“

En richtegt Teenagerbuch, dat den Tounfall trefft, ouni schwéier, pedagogesch oder pathetesch ze kléngen. Dat vun liewegen Gespréicher tëscht de Figuren an dem Eescht vun den Erausfuerderungen vum Alldag lieft, deenen sech d’Liv eleng stellen muss ... an déi einfach en wichtegen an komplizéierten Deel vum Mi-Aal-Ginn sinn.

Anja di Bartolomeo: Koma 21.
Roman. Lëtzebuergesch.
Editions Guy Binsfeld 2022. 176 Seiten.

Claire Schmartz
© 2023 d’Lëtzebuerger Land