Archiv

Feuilleton / Sproocherubrik.lu

Zoom op d’Sprooch

De Lausbouf <e> mat senge Spiichten!

François Schanen
Ausgabe: 28.04.2017
Majo, an der flotter Iwwerschaffung vun eiser Orthographie, déi de Cactus fir d’Leit vu 7 bis 77 Joer 2005 erausginn huet, kann ee liesen: „Den e ass e Lausbouf, deen an engem Stéck nei Spiichten an der Klatz huet. Eemol kënnt en eleng, e, dann zu zwee, ee, dann huet e Pinktelcher (neen, keng …

Zoom op d’Sprooch

Ronderëm de Präteritumschwund

François Schanen
Ausgabe: 31.03.2017
Och an de Sproochwëssenschafte gëtt et Ofschlossbilanzen. Fir déi vum Joer 2016 wëll ech mech mat de lëtzebuergesche Verben ofginn, net well an deem Beräich am Laf vum Joer vill Neies entdeckt gi wier, mee einfach, well ech scho laang kee generelle Zoom méi iwwer d’Kategorie vum Verb geschriwwen …
Zoom op d’Sprooch

D’Groussmamm Geneviève! <br/>Hatt oder si?

François Schanen
Ausgabe: 17.02.2017
Déi lescht Woch hunn ech de Lëtzebuerger Buchpräis 2016 Komm net kräischen vum ­Claudine Muno gelies (Op der Lay 181, 2015, 104 S.). Gläichzäiteg hunn ech och um Site vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Luxembourg Deel-Resultater aus dem …
Zoom op d’Sprooch

„Firwat geschitt esou eppes ëmmer mir?“

François Schanen
Ausgabe: 06.01.2017
D’Iwwerschrëft, déi de Gast Groeber senger drëtter Kuerzgeschicht am Buch All Dag verstoppt en aneren (Op der Lay 174, 2013) ginn huet, ass komesch an egozentresch, wéi de betounte Pronom mir et um Enn vun der Ausso ervirhieft. Do gëtt ee fréier schmocke Kärel, am Optakt vum Text, einfach zou, hie …
Zoom op d’Sprooch

Do huele mer et leider ni esou genee

François Schanen
Ausgabe: 11.11.2016
Den Ament sinn d’Ëmstänn gënschteg fir lëtzebuergesch Sproocherubricken! Do ass fir d’éischt mol d’Petitioun 698, déi de Lucien Welter an der Chamber deposéiert huet an déi – dat hutt Der bestëmmt matkritt – rekordhéich iwwer 14 700 Mol ënnerschriwwe gouf. Déi politesch Autoritéiten an déi divers …
Lëtzebuergesch Prepositioune

Op als Prepositioun

François Schanen
Ausgabe: 28.10.2016
Mäi leschten Zoom iwwer de Gebrauch vun de lëtzebuergesche Prepositioune virun de Bezeechnunge vu Länner, Lokalitéiten a Géigenden huet mir e puer Kriticken abruecht. Bei der éischter geet et ëm d’Orthographie. Déi zweet betrëfft déi synchronesch Klassifikatioune vum Wiertchen op, an déi drëtt …
Prepositionalgruppe

Prepositioune viru Länner, Lokalitéiten a Géigenden

François Schanen
Ausgabe: 02.09.2016
Kloer! Wann eng Fro iwwert d’Sprooch didaktiséi-ert muss ginn, da geet dat net ouni Vereinfachungen an och net ouni Präzisiounen – zwou Verännerungen, déi sech bestëmmt net ausschléissen. Sinn d’Sproochelementer (wuertgrammatesch ausgedréckt) dann och nach Prepositiounen an (an der Perspektiv vun …
Trennungs-, Bindungs an Ergänzungsstrécher

Bindestréch

François Schanen
Ausgabe: 19.08.2016
An enger – norméierter – Orthographie kënnt et vir, datt eng Schreifschwiregkeet op verschidde Fassonge ka geléist ginn, mä datt keng vun deene Léisungen de Schreiwer total befriddegt. Dat ass de Fall zum Beispill wa vun Zesummesetzunge Rieds ass: vu Composéen. Huele mer dee grad ernimmten …
Zoom op d’Sprooch

W … an D … als Relativpronomen

François Schanen
Ausgabe: 05.08.2016
D’Kapitel vun de Pronomen ass an eiser Grammaire eent vun den schwéiersten, well se kee formelle homogene Grupp bilden, dofir awer dacks Proformen (Vertrieder, Ersatz) genannt ginn. Syntaktesch verhält sech een Deel dervu wéi Nominalgruppen (d’Personalpronomen: ech, du, hien/si/hatt) oder wéi …
Flektéiert Wuertarten

Vill lasskappen an net genuch schëppen…

François Schanen
Ausgabe: 01.07.2016
Dat ass bei jonke Wëssenschaftler de Risiko! Haut wëll ech e breet Thema opgräifen, dat bestëmmt all Amateur a Professionell ugeet, deen sech mam Lëtzebuergeschen ofgëtt. D’Gläichgewiicht tëschent enger gewësser Wëssenschaft an Didaktik ass hautzudag absolutt noutwendeg, wann een eiser Sprooch …
Kommunikativ Funktiounsinterpretatiounen

Gell, Manu! Hues de dech iere verléift?

François Schanen
Ausgabe: 20.05.2016
Déi lescht Woch hunn ech nees e Lëtzebuerger Roman gelies – e richtege Roman, keen didaktesche fir Jonker, keng smart Kuerzgeschichet fir Lieser, déi hier Sprooch schwéierfälleg entzifferen, kee (klengt) Folklore- oder Kannerbuch, wéi se an der leschter Zäit sou dacks a verschiddene vun eisen – …
Zéng Joer Sproocherubrik

Läit d’Lat ze héich?

François Schanen
Ausgabe: 29.04.2016
Enn Mäerz 2006 ass am Lëtzebuerger Land meng éischt Sproocherubrik erauskomm! Zéng Joer, dat ass e gudde Strapp an engem Mënscheliewen, e Butzi awer an der Geschicht vun engem Land a senger Sprooch. Dofir weder Freedefeier nach Bretzen! D’Decken net nëmme bei sech zéien, nëmme keng bluddeg Nues …
Nationalitéit a Sprooch

Nationalitéit: E Glécksrad?

François Schanen
Ausgabe: 25.03.2016
Net wäit vun den europäesche Grenzen – an och an Europa selwer – ginn d’Leit an d’Gesellschaften duerch de Krich, den Terrorismus, d’Aarmut a vill aner Liewensängscht gedirängelt: Eng Onmass Flüchtlinge gi vun doheem ewech an d’Friemd verdriwwen. Polykris herrscht a ville Länner a rabbelt ferm un …
Zoom op d’Sprooch

Luxogramm – Nominal

François Schanen
Ausgabe: 19.02.2016
An de fréien 2000-er Joeren ass zu Lëtzebuerg eng grouss Begeeschterung fir „Verbesammlungen“ opkomm. Net datt domat op eng Kéier en neie Besoin entstane wier – linguistesch an didaktesch brauch eng Sprooch deeër praktesch Noschlowierker, fir ze wuessen a souzesoe sech senger selwer bewosst ze …
Pronomen

An owes hunn ech hir et erëmbruecht

François Schanen
Ausgabe: 29.01.2016
E puer Studenten hu mer matgedeelt, si hätte Schwieregkeeten, fir dat zesummenzekréien, wat an de Lëtzebuergesch Sproocherubriken (Schortgen, 2013) an an deenen zënterhier am Lëtzebuerger Land publizéierte „Zoomen“ iwwer d’Pronomen a besonnesch iwwer „hatt“ publizéiert ginn ass. Dorop muss fir …
Weider Detailer iwwer d'Pronomen

Extra pronominal Referenzen

François Schanen
Ausgabe: 04.12.2015
Ech hat just engem Frënd den Text gemailt – hie sollt e liesen, ir ech en an der Redaktioun géing ofginn –, du rabbelt och scho mäin Handy. Déi Saach mam Partitivgenitiv där, grommelt en, wier guer net sou einfach, wéi dat am leschten Zoom („Ech hu véier där Wippercher giess“, d’Land, 13.11.2015) …
Zoom op d’Sprooch

Ech hu véier där Wippercher giess

François Schanen
Ausgabe: 13.11.2015
Wat haut am Fokus vu mengem „Zoom“ steet, dat ass den Demonstrativ där a Verbindung mat Partitiv- a Quantitéitsstrukturen. Dobäi ass dann och den allgemenge Gebrauch vum Kasus Genitiv mat am Spill mat sengen Orthographiesregelen (där-, däer-, de(e)r?) an anere méi komplexe syntaktesche …
Lautverkettung

Bruch posthum

François Schanen
Ausgabe: 04.09.2015
Jo, Dir mengt bestëmmt, dat alles wier guer net esou wichteg. Awer Leit, déi sech fir hir Sprooch intresséieren, freeën sech dach besonnesch, wann duerch ee Glécksfall eppes Onerwaartes an hirer Sproochlandschaft geschitt. Viru kuerzem huet de Laboratoire (neien Numm: Institut1) de langue et de …
De Gesamtsystem vun der lëtzebuergescher Betounung

Prosodie a Wuertbetounung

François Schanen
Ausgabe: 07.08.2015
E puermol schonns hu Korrespondente mir geroden, eppes Geneeës iwwert de lëtzebuergesche System vun der Prosodie a Wuertbetounung ze schreiwen. Do bräichte si besonnesch – soe si – eng Iwwersiicht net nëmme fir sech selwer, mä och fir d’Matbierger an der Sprooch ze beroden an z’enseignéieren. …
Fir nei Weeër an der Fuerschung

Wat fir eng Syntax fir eis Sprooch?

François Schanen
Ausgabe: 03.07.2015
Mäi leschte Zoom op d’Sprooch (d’Land, 08.05.2015) huet mer d’Reaktioun vun engem Lieser abruecht. Iwwer dat konkret Beispill déi kleng Kanner oder d’kleng Kanner? an iwwer de lokale Kader vum Laboratoire de Recherche op der Uni Lëtzebuerg ewech, werft hien iwwerhaapt eng grondsätzlech Fro op: déi …

Mehr Treffer …